Bill Gates seet 2-Deeg-Woch viraus

© AFP
Well d'Technik vun der artificieller Intelligenz ëmmer méi performant gëtt, wäert se dem Mënsch an Zukunft ëmmer méi Fräizäit erméiglechen.
De laange Weekend wäert e Standard ginn - wann et dem Bill Gates no geet. Den US-amerikanesche Milliardär ass dovun iwwerzeegt, dass kënschtlech Intelligenz eis schonn a noer Zukunft vill Aarbecht wäert ofhuelen.
Wann déi aktuell Vitess vun der Entwécklung esou bäibehale gëtt, misst schonn an 10 Joer d'Konzept vum Schaffen a vun der Aarbechtsplaz iwwerduecht ginn, esou de Microsoft-Grënner an enger Talkshow. Méi Aarbecht fir AI géif méi Fräizäit fir de Mënsch bedeiten. Manner Stress, manner Trafic, méi Liewensqualitéit.
Wéi vill manner Aarbecht?
Et gëtt scho méi laang Iwwerleeungen a Pläng, fir d'Aarbechtszäiten zum Wuel vun de Leit ze kierzen. An den Administratioune vun Tokio wäert z.B. geschwë just nach op 4 Deeg an der Woch geschafft ginn. Sou gëtt sech en Opschwong bei der Zuel vun de Gebuerten erhofft. Aner Betriber iwwerleeën, 3,5 Schaffdeeg d'Woch anzeféieren.
Esou wäit wéi de Bill Gates wëllt awer soss nach kee goen. 2 Deeg schaffen heescht an Zukunkt dann 5 Deeg um Stéck fräi hunn - wann d'kënschtlech Intelligenz bis dohin esou performant wäert sinn, fir eis déi vill Aarbecht ofzehuelen. Dobäi wäerte verschidde Beruffer manner, an anerer méi vun deene Changementer betraff sinn. Laut Gates géifen z.B. Dokteren a Léierpersonal vun der AI bedeitend entlaascht, wa net souguer zu engem gudden Deel ersat ginn. De Mënsch wäert an Zukunft fir ëmmer manner Saache gebraucht ginn.