A véier Joer goufen 20 Persoune rechtskräfteg verurteelt

© Envato Symbolbild
Wéinst Rassismus, Diskriminéierung an Terrorismus goufen zejoert 575 Signalementer op der Bee Secure Stopline gemaach.
An de leschte Jore wier den Online Hatespeech zu engem ëmmer méi grousse Problem ginn, souwuel an der Gesellschaft, wéi och an der politescher Debatt, schreift CSV-Deputéiert Françoise Kemp an hirer parlamentarescher Fro ënner anerem un d'Justizministesch Elisabeth Margue an d’Gläichstellungsministesch Yuriko Backes a freet ëm e Bilan.
Um Internetsite Bee Secure Stopline ka jiddereen illegal Inhalter um Internet anonym mellen. Am Beräich vum Rassismus an der Diskriminéierung goufen zejoert ronn 450 Fäll gemellt, bal 60 Prozent dovu goufen un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet. Am Domaine vum Terrorismus waren et 130 Fäll, woubäi 70 Prozent weidergeleet goufen. Zu de Meldungen am Zesummenhang mat sexuellen Iwwergrëffer op Mannerjäreger, déi och kënnen iwwert d’Stopline gemellt ginn, goufe keng Chiffere genannt.
D’Differenz tëscht de gemellte Fäll an deenen, déi weidergi goufen, géing sech doraus erginn, dass entweder de Contenu net méi online ass, scho gemellt gouf oder de Krittären no net relevant ass. Generell kann een awer soen, dass de Chiffer vun de gemellte Fäll vun 2023 op zejoert an d’Luucht gaangen ass.
D’Zuel vun de Plaintë wéinst dem Verdacht op eng Strofdot huet zanter 2020 eng Tendenz no ënnen. Waren et 2020 nach 160 Fäll an 2021 168, sou waren et 2023 100 an 2024 45 Fäll. Verurteelunge sinn an deem Zesummenhang awer éischter rar. Tëscht 2020 an zejoert gouf eng Persoun um Geriicht zu Dikrech rechtskräfteg verurteelt. Um Stater Geriicht waren et an där Period 19 Persounen. 2023 waren et 7 an Zejoert 8. Viru Geriicht verhandelt goufen an deene leschte 4 Joer 93 Affären.
An der Äntwert op déi parlamentaresch Fro gëtt dann nach drop higewisen, dass de Parquet och kéint alternativ Moossnam zu de Poursuite proposéieren, wéi e Rappell un d'Gesetzgebung oder eng Invitatioun fir un engem entspriechende Programm deelzehuelen.