Lëtzebuerger Schüler op Competitioun an Amerika
Vum 6. bis de 14. Mee leeft dëst Joer erëm de Vex Robotics Championship. Zanter 2021 gëtt deen zu Dallas, am US-Bundesstaat Texas, organiséiert.
Schüler vu verschiddene Klassen däerfen deelhuelen. Dëst Joer sinn och véier Schüler vun der 2e aus dem Lycée Aline-Mayrisch mat dobäi; si hu sech op nationalem Niveau duerchgesat an huele mat hirem Roboter als Team "Delulu" um Championnat deel.
Dës Schüler sinn d’Lea, d’Sally, d’Carolina, an den Ishak. Deels ware si esouguer weekends an der Schoul, fir un hirem Projet ze schaffen an hu vill vun hirer Fräizäit investéiert, fir e Roboter ze bauen, deen all d’Konditiounen erfëllt. Um Championnat muss hire Roboter nämlech sougenannten "Challenges" maachen, also Aufgaben. Eng vun den Challenges ass, dass de Roboter Reefer, sougenannten Donuts, op eng Staang, de sougenannte Gol, soll setzen. Do muss de Gol stabil um Roboter fixéiert sinn, soudass d’Donuts kënnen dropgeluecht ginn. A bei all deenen Elementer komme reegelméisseg Schwieregkeeten op, erkläert d’Lea: "Haaptsächlech, dass all Kéiers en neie Probleem iergendwéi optaucht. Wa mir mengen, mir hunn eppes geléist, da kënnt erëm en neie Probleem."
Deel vun hirer Participatioun war och, en "Digital notebook" ze féieren, also en digitaalt Notizbuch, an deem all Schratt, all Prozedur, an all klengstent Update dokumentéiert gouf.
Esou Aktivitéite sinn eng flott Ergänzung zu den theoretesche Kueren, fënnt de Philippe Kirsch, Proff am Lycée Aline-Mayrisch. Well hei gëtt d’Theorie applizéiert, zum Beispill am Code an och am Baue selwer. An dat wier eng gutt Opportunitéit fir d’Schüler, fir sech z’entfalen an hir Interessen an dësem Beräich weider ze developpéieren. An der Ekipp hu si verschidde Rollen. D'Lea ass Captain, an de sougenannten "Driver", steiert also de Roboter. D'Sally huet de Code geschriwwen. Déi zwee hunn och zesumme mam Carolina a mam Ishak d’Roll vum "Builder" iwwerholl; si all hunn also um Roboter gebaut.
Iwwer 2.000 Ekippen huelen un dëser Competitioun deel, vill aus den USA selwer an och aus ronn 60 Länner. All Ekipp bréngt hiren eegene Roboter mat. Fir dës Roboteren ze bauen, krut jiddereen dat selwecht Material zur Verfügung gestalt. Fir de funktionellen Deel duerfte si keng aner Materialer benotzen; wa si awer Dekoratioune wollte mat abauen, dann duerfte si déi selwer hierstellen.