E klengt Stéck Lëtzebuerg wäert geschwënn um Mound landen
Et handelt sech ëm e Rover, dee komplett hei entwéckelt a gebaut gouf. Dee klenge Roboter gouf op den Numm "Tenacious" gedeeft.
E weit 5 Kilo an ass vollgepaakt mat Technologie.
Vill Privat Betriber sinn un den nächste Moundmissioune bedeelegt. Dorënner ispace, eng japanesch StartUp, déi hir europäesch Büroen am Stater Garer Quartier huet.
De Mound ass d'Zil an dee klenge Rover huet sech och schonns op de Wee gemaach. De 15. Januar ass d'Landekapsel "Resilience" mam Lëtzebuerger Roboter u Bord gestart. Eng SpaceX-Falcon-9-Rakéit huet si an de Weltraum bruecht. De Vol dauert ronn 5 Méint, d'Landung ass fir ugangs Juni geplangt.
No enger Rees vun iwwert enger Millioun Kilometer ass d'Raum-Sond "Resillience" elo viru 4 Deeg an d'Moundëmlafbunn agetrueden. D'Missioun ass am Zäitplang an de Countdown fir d'Landung leeft.