Den 13. Mee war déi drëtt Etapp vum Concours "Astronaut for a Day", dee jonke Schüler aus Lëtzebuerg erméiglecht, un engem Parabelfluch deelzehuelen.

Wärend sou engem si se fir kuerz Zäit schweerelos. Esou wéi d’Astronauten am Weltall. Et ass déi 2. Editioun vum Concours, déi éischt war am Joer 2023. Deemools hate sech ongeféier 220 Jonker ugemellt, dëst Joer waren et der duebel esou vill. No Logiktester goufen d'Schüler am Sport getest, dat a Presenz vum Sportminister Georges Mischo. Do waren nach ronn 100 Kandidaten dobäi, all am Alter vun 13 bis 21 Joer, aus 41 verschiddene Lëtzebuerger Schoulen. Mat de Sportstester ginn nach 40 Kandidaten an déi véiert Phas vum Prozess iwwer, nämlech d’Virstellungsgespréicher an dann nach Visitte beim Dokter. Do ginn dann 10 Finalisten erausgefiltert. De grousse Start ass am Oktober virgesinn.