Fir déi eege Kënschtlech Intelligenz "Meta AI" ze trainéieren, wëll d'Internet-Entreprise User-Contenuen notzen.

Lassgoe soll et mat dësem Training de 27. Mee. Konkreet bedeit dat: All Contenu, deen User op enger Onlineplattform vu Meta wéi Facebook oder Instagram verëffentlechen, wäert un d'KI gefiddert an domadder och Deel vun dëser ginn. Net betraff si Contenue vu Mannerjäregen oder privat Messagen. Dateschützer hunn entretemps Alarm geschloen an och d'Verbaucherzentrale NRW huet virum Kölner Oberlandesgericht eng Préiwung ugefrot. Meta krut hei allerdéngs d'Erlabnes mat der Begrënnung, datt déi Donnéeën, déi solle benotzt ginn, egal wéi iwwert eng Sichmaschinn am Internet ze fanne sinn. Amplaz ëm Erlabnes bei den User ze froen, wëll d'Entreprise sengen Notzer d'Méiglechkeet ginn, fir géint d'Notzung vun hiren Donnéeën Asproch anzeleeën. Zäit huet een dofir bis de 26. Mee, also een Dag ier de KI-Training lassgoe soll.

Heifir muss ee jeeweils fir Instagram a fir Facebook en Online-Formulaire ausfëllen. Méi Detailer dozou fannt Dir um offizielle Site vun der däitscher Verbraucherzentrale.