Däitsch Technologiekonzerner wëlle gigantesch KI-Fabrick bauen

© Envato Symbolbild
E puer däitsch Technologiekonzerner wëllen e risege Rechenzenter fir Kënschtlech Intelligenz bauen.
D'Softwarefima SAP, déi Däitsch Telekom, den Internetservice Ionos, d'Schwarz-Gruppe a Siemens géife schonn an deem Kader verhandelen iwwer eng gemeinsam Demande bei der EU, fir esou eng Gigafabrick ze bauen. Dat huet d'Handelsblatt en Dënschdeg gemellt. Et géife intensiv Gespréicher lafen, hätten hinne fënnef Manager aus der Branche verroden.
Den Thomas Saueressig, Member am SAP-Comité sot, esou ee Projet wier just als Partenariat méiglech, wéi ee Modell et soll ginn, dat géif eben nach diskutéiert. De Rolf Schumann, Chef vun der Schwarz-Gruppe,där och Lidl a Kaufland ugehéiert, huet betount: "Mir hoffen, dass mir jiddereen zusummebréngen, déi Saach hinzekréien an et gemeinsam duerchzéien".
E puer wichteg Detailer sinn dem Handelsblatt no nach net gekläert. Den Delai fir säin Interessi ze mellen, leeft den 20. Juni of, zum Beispill, op wéi enge Standuerter déi Rechekapazitéite sollen entstoen.
D'EU-Kommissioun huet jo proposéiert, dass europawäit fënnef KI-Gigafabricke solle gebaut ginn. Mat ronn 100.000 KI-Chips sollen dës Anlagen ekipéiert ginn. Dat ass véier Mol méi wéi déi aktuell KI-Fabricken. Si solle perfekt dofir sinn, grouss Sproochmodeller ze trainéieren, wéi et zum Beispill OpenAI als Grondlag fir säin Chatbot ChatGPT notzt.
Et wéilt een Ufank Juni ofstëmmen, sou nach den Digitalminister Karsten Wildberger (CDU) géintiwwer dem Handelsblatt.