Japanesch Moundmissioun "Resilience" huet nees net geklappt
Déi geplangte Moundlandung vum onbemannte Rover "Tenacious", vun der japanescher Firma I-Space ass op en Neits näischt ginn.
Kuerz virum Opsetzen hätt een de Kontakt zur Lande-Fär verluer, huet den I-Space-Chef Hakamada confirméiert. Doropshi wier d’Missioun ofgebrach ginn. Am Abrëll virun zwee Joer war en éischte Rover vun der Firma och scho bei der Landung futtigaangen. Fir den neie Versuch elo war e Rover am Januar mat enger Rakéit vu SpaceX gestart.
U Bord war nieft ville wëssenschaftlechen Instrumenter och de Mini-Rover "Tenacious", dee vun I-Space-Europe hei zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf an um Mound Gestengsprouwe sollt huelen a Fotoe maachen. Et wier déi éischt erfollegräich Moundlandung vun enger net-amerikanescher privater Firma gewiescht an déi éischte Kéier, dass eng Maschinn vu Lëtzebuerg op eisem Trabant gewiescht wier.