Weltwäit méi psychesch Problemer bei Kanner

© Image Envato Symbolbild
All siwent Kand am Alter tëscht 10 an 19 Joer huet psychesch Problemer.
Dat onkontrolléiert Ausbreede vun de soziale Medien féiert engem Rapport vun der Kannerschutzorganisatioun KidsRights dozou, dass psychesch Problemer bei Kanner a Jugendleche weltwäit an d'Luucht geet. Dat geet aus dem Rapport vun der Organisatioun mat Sëtz zu Amsterdam ervir, dee si zesumme mat der Erasmus-Universitéit zu Rotterdam erstallt hunn. "De Bericht soll engem d'Aen opmaachen, dee mir net ignoréiere kënnen", sou de KidsRights-President Marc Dullaert.
"D'Kris vun der psychescher Gesondheet" ënnert eise Kanner hätt e kritesche Punkt erreecht, dee sech duerch en onkontrolléiert Ausbreede vu Social-Media-Plattforme verschäerft. Hir Userzuele wieren hinne méi wichteg, wéi d'Sécherheet vun de Kanner. E problematescht Benotze vun Online-Netzwierker wéi Instagram an Titok géif eropgoen. Donieft géif och en direkten Zesummenhang tëscht engem ze staarke Benotze vum Internet a Suicide-Versich bestoen. An den Altersgruppe 15 bis 19 Joer gëtt et offizielle Sourcen no 6 Suicidë pro 100.000 Jugendlecher.
KidsRights huet hei just vun der "Spëtzt vum Äisbierg" geschwat, well Suicidë wéinst der sozialer Stigmatiséierung dacks net esou erfaasst ginn. D'Kannerschutzorganisatioun ënnersicht all Joer, ob d'Kannerrechter an 194 Länner agehale goufen.
Europa ass deemno d'Weltregioun mam héchste Risk fir Jonker vun 13 Joer, déi beim Benotze vun Online-Netzwierker als "problematesch" ugesi ginn. 13 Prozent vun dëser Altersgrupp sinn dem Rapport no betraff. Mol guer net z'ernimmen den Undeel vun 39 Prozent bei der Internet-Sucht bei Jonke vu 15 Joer an Europa.
KidsRights refuséiert e pauschaalt Internet-Verbuet fir Mannerjäreger als Léisung. "Esou ee pauschaalt Verbuet beanträchtegt d'biergerlech a politesch Rechter vu Kanner", argumentéiert d'NGO. Villméi wier eng weltwäit ëmfaassend Erfuerschung vun den Auswierkunge vum Benotze vu Social Media bei Kanner a Jugendlechen, eng besser Bildung a Weiderbildung vu Psychologen néideg.
"Mir brauche konkret Moossnamen, fir sécherzestellen, dass d'digital Revolutioun d'Wuel vun 2,2 Milliarde Kanner weltwäit steigert an net a Gefor bréngt", fuerdert de KidsRights-Chef. "D'Zäit fir hallef Mesuren ass eriwwer."
D'lescht Woch hat den EU-Digitalminister iwwer d'Fuerderung vun e puer europäesche Länner diskutéiert, Online-Netzwierker wéi Tiktok, Instagram a Youtube fir Kanner ze verbidden. Konkret wëlle Frankräich, Griichenland an Dänemark d'Plattformen eréischt vu 15 Joer un erlaben an dëst och streng kontrolléieren. Dës Länner hunn d'EU-Kommissioun opgefuerdert, EU-wäit verflichtend Reegelen dofir ze op den Dësch ze leeën.
An der Theorie gëllen Altersaschränkunge fir Online-Netzwierker.
Tiktok, Instagram, Snapchat an X sinn an der EU réischt vun 13 Joer un erlaabt, Youtube an Tumblr vu 16 Joer un. User musse beim Umelle just hire Gebuertsdatum uginn, eng tatsächlech Kontroll gëtt et awer net.