Waymo test Robotaxien zu New York
De Leader vu Robotaxien an den USA baut seng Offer aus a Start am Juli mat Testfaarte vu sengen autonom-fuerende Gefierer zu New York.
D'Duechterfirma vu Google, Waymo, huet annoncéiert, Roboter-Taxien, déi selwer fueren, op de Stroosse vun New York unzebidden. Eng kleng Flott vun autonom-fuerenden Autoe wäert vu Juli un zu Manhattan fir Testfaarten zur Verfügung stoen - allerdéngs virop mat engem mënschleche Chauffer hannert dem Steier, sot de Waymo-Spriecher e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP géigeniwwer. D'Gesetzer vum Bundesstaat New York géingen aktuell de fräien Asaz vu Robotaxie limitéieren.
Den New Yorker Autoritéiten no gëllen an der Stad aus Sécherheetsgrënn "Schutzmesurë fir all Aart vun autonome Gefierer, fir sécherzestellen, datt dës Technologie adequat agesat" géing ginn.
Waymo huet eng Flott vun 1.500 Autoen a bitt all Woch iwwer 250.000 Robotaxifaarten zu San Francisco, Los Angeles, Austin a Phoenix un. Am Summer soll d'Offer op Atlanta ausgebreet ginn, suivéiert vu Miami a Washington 2026.
D'Entreprise, déi 2009 gegrënnt gouf, ass Leader am Beräich vun de Robotaxien an den USA, zanterdeem sech d'Duechterfirma vun General Motors, Cruise, 2024 vum Marché zréckgezunn huet. Allerdéngs huet och den Elon Musk annoncéiert, vun 2027 u mat sengem Robotaxi Cybercab matmëschen ze wëllen.