Rakéit vu SpaceX explodéiert virum Start

© AFP
Bei de Virbereedunge fir den 10. Testvol vun der Starship-Rakéit koum et zu enger riseger Explosioun.
Um Mëttwochowend (Lokalzäit) ass am US-Bundesstaat Texas eng Rakéit vum Elon Musk senger Entreprise SpaceX explodéiert - virum Depart. Um Préifstand wier et zu enger gréisserer Anomalie komm, heescht et vun der Plaz, kengem wier awer e Leed geschitt. Och fir d'Uertschaften an der Ëmgéigend vum Site hätt keng Gefor bestanen, esou den Elon Musk. Trotzdeem sinn d'Awunner opgeruff, vum Terrain ewechzebleiwen.
Scho bei fréieren Tester vun der stäerkster Rakéit vun der Welt war et zu Problemer komm. De Starship-System soll et erméiglechen, Mënschen a Material op de Mound ze fléien a vun do aus weider op de Mars.