Video vun Huesen, déi op engem Trampolin sprangen, suergt fir Diskussiounen
Et gëtt ëmmer méi schwéier Videoen, déi mat Hëllef vun enger KI erstallt goufen, vun authenteschen Inhalter ze ënnerscheeden.
E Video op deem een Huese gesäit, déi op engem Trampolin hopsen, suergt den Ament online fir Diskussiounen doriwwer, wéi liicht et ka sinn op Fake-Contenu eranzefalen.
De Video, ëm deen et geet, gouf am Juli vun der Userin "rachelthecatlovers" op TikTok eropgelueden, an antëscht iwwer 229 Millioune Mol gekuckt. An der Beschreiwung ënnert dem Video steet dann: "Ech hu grad meng Iwwerwaachungskamera gechecked. Et gesäit aus, wéi wann ech puer Gäscht-Artisten am Gaart hätt!"
De Video huet duerno d'Ronnen duerch d'sozial Medie gemaach an iwwerall, wou en opgedaucht ass, ass eng Diskussioun doriwwer lassgaangen, ob en dann elo authentesch wier oder mat Hëllef vu Kënschtlecher Intelligenz erstallt gouf.
Eng Partie US-Medien hunn de Video iwwerpréift, fir erauszefannen, ob dëse richteg wier oder net. Eng dovunner ass d'Plattform "snopes", déi sech op d'Iwwerpréiwung vu Rumeuren an dubiéisem Online-Contenu spezialiséiert. Dës ass zur Konklusioun komm, dass de Video e Fake wier. Dat géifen zwee Momenter am Video verroden: Eng Kéier géing en Hues ganz plëtzlech vum Trampolin verschwannen an eng aner Kéier géif en Hues op eemol d'Faarf an d'Form wiesselen. Den TikTok-Kont, deen de Video gepost huet, huet dann an der Vergaangenheet och schonn eng Kéier e Video eropgelueden, bei deem e Waasserzeeche weist, dass e mat der KI "Veo", mat där ee Videoe ka generéieren, erstallt gouf.
Nieft "snopes" sinn ënner anerem och "yahoo!news" a "404Media" zur Konklusioun komm, dass de Video mat enger KI generéiert gouf.