
Wa Kanner a Jugendlecher online gemobbt ginn, solle si an Zukunft méi séier Hëllef kréien. D’EU-Kommissioun huet an deem Sënn en Dënschdeg eng nei App annoncéiert, déi änlech soll funktionéiere wéi eng Hotline. Och Beweiser kënnen drop gespäichert ginn. Et wéilt een e Prototyp entwéckelen, deen déi 27 EU-Länner da kënnen an hir jeeweileg Sproochen iwwersetzen.
Nom selwechte Prinzip schafft d’EU-Kommissioun schonn un enger App, mat där EU-Staaten e Verbuet vun Online-Netzwierker fir Kanner ënner 15 oder 16 Joer duerchsetze kéinten. Dës Applikatioun späichert de Gebuertsdatum um Handy an all aner Appe ginn automatesch blockéiert, déi fir de gespäicherten Alter verbuede sinn.
E puer Länner hunn esou ee Verbuet schonn op de Wee bruecht, dorënner Frankräich, Dänemark a Spuenien. An Däitschland sëtzt zanter leschtem Hierscht e Grupp Experte beieneen, déi esou ee Schratt iwwerpréiwe sollen. D’Ëmsetzung läit an all dëse Fäll awer bei der EU-Kommissioun, déi zoustänneg ass fir d’Iwwerwaache vu groussen Online-Plattformen a bei Verstéiss och Strofe verdeele kann.
Zu Bréissel lafen dann och scho Verfare géint e puer Digitalfirmen, well d’Kommissioun dovun ausgeet, dass se Mannerjäreger op hire Plattformen net genuch schützen. Hei gëtt op TikTok verwisen, déi leschte Freideg opgefuerdert goufen, hir Videofunktioun z’änneren, “déi süchteg géif maachen”. Och géint Meta mat senge Servicer Instagram a Facebook lafe Verfaren.
D’EU-Kommissioun wëll zousätzlech hir Richtlinne fir d’Plattformen upassen an d’Virgaben aus dem EU-Gesetz fir digital Servicer (Digital Services Act, DSA) zum Schutz vu Kanner a Jugendlecher méi decisiv duerchsetzen. Zousätzlech wéilt een dofir suergen, dass erniddregend KI-Biller direkt geläscht ginn.
Schätzunge vun der EU-Kommissioun no gouf all sechst Kand tëscht 11 a 15 Joer schonn emol online gemobbt. All aacht Kand hätt donieft zouginn, och schonn aner Kanner online schikanéiert ze hunn.