Zanter Mëtt Februar ass d’Sophie Adenot op der internationaler Raumstatioun ISS. D’franséisch Astronautin hat direkt zougesot, fir beim Projet ARISS matzehëllefen. En Donneschden um 4 Auer a 47 Minutte war et dunn esou wäit. 20 ausgewielte Schüler hunn den Otem ugehalen, ewéi e Member vun de Lëtzebuerger Radioamateure probéiert huet, Kontakt mat der ISS opzehuelen.
“Et ass elo e rise Stee vum Häerz gefall. Mir hate méi eng laang Zäit gehat, wéi mer geduecht hunn. Et waren zéng Minutte geplangt. Mir haten 12 Minutten hikrut gehat. Et war net grad all Fro. Et ware vun 20, 19 Froen, déi konnte gestallt ginn. Awer dofir hate mer e super Signal als Amateurfunker R5, wéi mir ëmmer soen. Also besser konnt et net goen”, sou den Arsène Klopp, President vun ADRAD, de Radioamateure Keeldall.
Déi technesch Viraussetzungen a Preparative waren enorm, well e Kontakt iwwer Funk mat internationaler Raumstatioun ass nëmme begrenzt méiglech. D’ISS kreest 16 Mol den Dag op enger Héicht vu 430 Kilometer iwwer d’Äerd an dat mat enger Vitess vun 28.000 Kilometer d’Stonn. Faszinant, net nëmme fir déi 20 Schüler, déi am Kader vun hirer Ausbildung zum Radioamateur dem Sophie Adenot hir Froe konnte stellen.
“Jo, mir hu ganz motivéiert Schüler hei, déi an eisem Makerspace mam Här Jérôme Metzler schaffen. An déi hunn dee Projet zesumme mat him opgebaut, mir hu ganz engagéiert Schüler, virun allem och Meedercher, also Fraen an der Wëssenschaft däerf een net ënnerschätzen, déi dee Projet wollte maachen”, zielt den Yves Barthels, exekutiven Direkter vum Lycée Vauban.
Beim edukative Projet ARISS vun der NASA, der ESA an de Communautéite vun de Radiosamateuren, geet et drëms, jonk Schüler ze inspiréieren an ze motivéieren, an dësem Domän Fouss ze faassen. Dat ass fir de Lycée Vauban méi ewéi gelongen.
“Ça fait depuis le début de l’année qu’on travaille sur ce projet. Pas forcément nous, mais aussi le Club de radio amateurs du Luxembourg, du coup, qui nous ont installé les antennes. qui nous ont énormément entraînés à poser des questions”, seet d’Marthe Simpson, Schülerin am Lycée Vauben.
An hir Matschülerin, d’Léonore Gilbert fënnt: “Ah bien sûr, ça fait rêver. J’espère que ça donne aux gens envie d’être astronaute. Après astronaute, c ‘est un métier très rare, très spécial. Mais pourquoi ne pas être impressionné par Sophie Adenot et pourquoi ne pas être impressionné par ses réponses, par le fait, qu’elle soit à 430 km au-dessus de nous à nous répondre. C’est très inspirant.”
D’Sophie Ardenot bleift bis Oktober op der Raumstatioun ISS. An och fir si war dëse Kontakt op Lëtzebuerg ganz speziell an d’Franséisin hofft, am Liewe vun den 20 Schüler aus dem Lycée Vauban eppes beweegt ze hunn.