"Schlo de Sarkozy": Neit Internet-Spill fir rosen Tierken

© AFP
Wéint dem Accord vum neien Völkermord-Gesetz a Frankräich kënnen d'Internetuseren an der Tierkei hirer Roserei Loft maachen, am Spill "Schlo de Sarkozy".
Dat neit Internet-Spill ass lo schonn immens beléift, sou déi tierkesch Zeitung "Milliyet". Am Spill geet et drëm de virtuellen franséische President eng méiglechst hefteg op de Bak ze schloen. Wien kräfteg zouschléit gëtt belount, de Nicolas Sarkozy kritt nämlech dann e blot A oder eng bluddeg Nues.
D'Spill gëtt et a 7 Sproochen, awer net op Franséisch. Der Internetsäit "www.sunoyun.com" no, déi d'Spill ubitt, huet d'Sarkozy-Schlo-Spill schonn iwwer 46.000 Fans op Facebook.
Wat ass de Grond fir sou ee Spill?
De franséische President ass déi dreiwend Kraaft hannert dem Völkermord-Gesetz, dat e Méindeg trotz heftegen Protester vun der Tierkei vum Senat zu Paräis accordéiert gouf. D'Gesetz gesäit eng Geldstrof vun 45.000 Euro an ee Joer Prisong vir, wann een sou ee Mord net zougëtt. Dozou zielt Frankräich d'Massaker un den Armenier tëscht 1915 an 1917.
Scho virum Sträit ëm d'Gesetz war de franséische President bei den Tierken immens onbeléift, well hien sech offen géint eng Opnam an d'EU duerch d'Tierkei asetzt.