D'Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun a Groussregioun wéi och Presidentin vun der DP, war e Samschdeg Invitée am Background am Gespréich.

Bei der Sich no Koalitiounspartner géif et der DP virun allem drëm goen d'Land op d'Zukunft virzebereeden, de Kanner déi nämmlecht Zukunftschancen ze ginn, fir de Mënschen ze hëllefen, fir eppes géint d'Aarmut ze maachen an d'Mënschen ze stäerken, fir dass se op eegene Féiss kënne goen. Weider Sujete waren de Congé parental, deen en enorme Succès huet, virun allem bei de Pappen, a wou een dru schafft, deen auszebauen. Iwwer d'Flexibilitéit vun der Aarbechtszäit an eng besser Koordinatioun tëscht Beruff a Famill soll am Dialog mat de Sozialpartner diskutéiert ginn.

An Zäite vun de rezente Parteikongresser goung et och ëm d'politesch Erneierung. Dee Renouveau muss een dauernd maachen, esou d'Corinne Cahen, net just no Wahlen a virop Wal-Néierlagen. De Renouveau géif och just funktionéieren, wann een no bei de Leit ass an en oppent Ouer fir si huet.

AUDIO: Background am Gespréich: Corinne Cahen

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.