Méi wéi 99 Prozent vun de Schüler hei am Land ginn an déi regulär Schoul. Wat gutt kléngt, stellt Enseignanten am Alldag viru grouss Erausfuerderungen.

Wéi wäit soll a kann Inclusioun an der Schoul goen? Ëm déi Fro goung et an eiser Emissioun Background. Invitéen am Studio waren den Educatiounsminister Claude Meisch, de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE, Patrick Remakel an de Papp vun engem Kand mat spezielle Besoinen, Humberto Rodrigues.

De Resumé vum Background "Inclusioun an der Schoul"

Vill Elteren hätte Problemer, fir ze wëssen, wéi si sech uleeën an u wie si sech wende sollen, et géing vu bausse gekuckt zimmlech chaotesch wierken, huet den Humberto Rodrigues gemengt.
 
"Mir brauchen d'Personal an de Schoulen", huet sengersäits de Patrick Remakel gefuerdert. Dowéinst wier et net gutt, datt d'Leit vum ESEP net an de Schoule sur place sinn.

De Schoulsystem wier komplex an dowéinst wieren och d'Léisunge fir d'Problemer komplex, huet de Claude Meisch ënnerstrach. Et hätt een an deene leschten 8 Joer vill gemaach. Mëttlerweil géingen eng 1.900 Enseignanten am Beräich vun der Inclusioun schaffen. D'Zuel vun de regionalen Interventioune wier an deene leschte 5 Joer iwwerdeems vu 700 op 3.400 eropgaangen. Gläichzäiteg misst een awer och Fall vu Fall kucken.
 
Dem Patrick Remakel no krit ee vun den Enseignanten um Terrain ëmmer rëm gesot, datt d'Zuel vu Kanner mat spezielle Besoine an d'Luucht geet. Den Humberto Rodrigues huet a Fro gestallt, datt d'Eropsetze vun der Hëllef net duergoe géing. Dacks géinge Kanner mat spezielle Besoinen zu e puer vun enger Léierpersoun betreit. De Claude Meisch huet déi Kritik awer zeréckgewisen. Et misst een de Fachleit vertrauen. Ëmmerhin hätt een Enseignant am Normalfall jo och méi Schüler am Cours.
 
De Minister wëll sech och net just dorobber beschränken, d'Schüler mat spezielle Besoinen ze zielen, mee et misst een un den Ursprong vum Problem erugoen.
 
Datt de System nach net kollabéiert ass, géing eenzeg an eleng um Engagement vun den Enseignante leien, huet de Patrick Remakel gemengt. D'Ressourcen, déi een an de Kompetenzzentren huet, géingen aktuell net ëmmer ganz genotzt ginn. Eng Partie Leit, déi an deenen Zentren aktiv sinn, géinge sech nämlech éischter als Coach vun den Enseignante gesinn, amplaz mat de Kanner ze schaffen.
 
Et wier utopesch ze mengen, datt all Kand seng Plaz am normale Schoulsystem fanne kann, esou den Humberto Rodrigues. Déi bestoend Problemer kéint een och net nëmme n duerch ee méi grousse Rekrutement léisen.
 
"Bei wichtegen Decisioune sollen d'Elteren dat lescht Wuert hunn", huet de Claude Meisch betount. D'Uspréch an d'Fuerderunge wieren awer vu Fall zu Fall ganz ënnerschiddlech. Wärend déi eng wéilten, datt hiert Kand esou laang wéi méiglech an der normaler Schoul bleift, wéilten déi aner, datt et an eng speziell Struktur kënnt.
 
Et wier normal, datt d'Elteren net ëmmer objektiv sinn, ma doduerch géing awer dacks wichteg Zäit verluer goen, esou de Patrick Remakel.
 
Wat d'Kompetenzzentren ugeet, soll virun allem déi regional Offer weider ausgebaut ginn, huet de Claude Meisch annoncéiert. Am Ufank wieren déi virun allem ronderëm d'Stad ugesidelt ginn, wat vill Leit viru logistesch Problemer gestallt hätt. Et dierft een och net ignoréieren, datt verschidde Schüler eng Gefor fir d'Enseignanten duerstellen.  
"Mir stellen de Fonctionnement vu verschiddene Kompetenzzentren a Fro", esou de Patrick Remakel. Déi verschidden Zentre géinge "Ping Pong" mat de Schüler spillen a se hin an hier schécken. Déi Erfarung hätt hien och mat sengem Kand gemaach, huet den Humberto Rodrigues confirméiert, allerdéngs éischter tëscht der Schoul an dem Kompetenzzentrum. Gläichzäiteg huet hien d'Annonce vu méi regionale Kompetenzzentre begréisst.
 
Eng generell Evaluatioun vun de Mesuren am Beräich vun der Inclusioun ass fir den Educatiounsminister genee wéi fir d'Gewerkschaften net dee richtege Wee. Dat wier eng ze einfach Léisung.

Background am Gesperéich Thema Inclusioun an der Schoul

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.