Oppositioun stellt fest, dass CSV/DP weider zeréckruddert
Mat diskutéiert hunn d'Carole Hartmann, den Alex Donnersbach, de Max Molitor, de François Benoy an de Marc Baum.
Et wier wichteg, datt d’CSV-DP-Regierung elo ee Schrëtt op d’Gewerkschaften duer mécht, fir si rëm zeréck an de Sozialdialog ze huelen, dat huet d’DP-Presidentin an Deputée-Maire Carole Hartmann am Background gemengt.
Nieft hir waren de Co-Generalsekretär vun der CSV an Deputéierten Alex Donnersbach, de Co-President vun deene Grénge François Benoy, de Max Molitor, Co-President vun de jonke Sozialisten an den Deputéierte vun déi Lénk, Marc Baum bei eis am Studio.
Déi dräi Oppositiounsvertrieder hu Versteesdemech fir d’Decisioun vun de Gewerkschafte gewisen, fir net méi u Sëtzunge vum Comité permanent du travail et de l’emploi deelzehuelen an eng Tripartite ze fuerderen.
Den Alex Donnersbach huet betount, d’CSV wier staark um Sozialdialog intresséiert, ob ee sech och fir eng Tripartite ausschwätzt, konnt hien awer net soen. Der Carole Hartmann no wier d’Form vun deem Dialog elo net dat Wichtegst. Si huet genee wéi den Alex Donnersbach och dorobber verwisen, datt mat Bléck op déi geplangte Rentereform nach kee fäerdege Pak um Dësch leie géing, mee et bis elo just eng Stoussrichtung definéiert wier.
Datt d’Cotisatiounsjore schrëttweis an d’Luucht gesat ginn, géing dem Wëlle vun de Bierger entspriechen, datt et net zu engem Broch komme soll, huet den CSV-Generalsekretär gemengt.
De Marc Baum huet iwwerdeems dorobber verwisen, datt mol net d’Patronat fir eng Erhéijung vum Rentenalter wier, well eeler Salariéen an den Ae vun den Entreprisen net esou vill leeschte géinge wéi méi Jonker.
De Max Molitor huet sengersäits kritiséiert, datt d’Aussoe vum Premier Luc Frieden a senger Riede zur Lag vun der Natioun elo op eemol vun der Majoritéit relativéiert géinge ginn. D’Carole Hartmann huet doropshi gemengt, et wier wichteg, datt ee sech nach Spillraum fir d’Gespréicher mat de Sozialpartner loosse géing. D’DP wier an d’Ausschaffe vun der Reform agebonne ginn an et wier ee sech bei de Basis-Elementer eens.
Fir de François Benoy wier et keng Optioun, eppes um Bockel vun deene Schwächsten ze maachen. D’Reform géing net nëmmen dozou féieren, datt d’Leit méi laang musse schaffe goen, mee och datt déi kleng Leit manner bei der Rent erauskréien. De Vertrieder vun de jonke Sozialisten huet iwwerdeems kritiséiert, datt esouguer déi aktuell Pensionäre mat Kierzunge rechne missten.
Den Alex Donnersbach huet dorobber verwisen, datt d’Liewenserwaardung vu Männer an deene leschten 30 Joer ëm 8,6 Joer an d’Luucht gaange wier, wärend d’Leit zanter der leschter Pensiounsreform am Joer 2012 just 7 Méint méi laang géinge schaffe goen.
D’Carole Hartmann huet e puer mol dorobber verwisen, datt den aktuelle Pensiounssystem net nohalteg wier. Dowéinst wier et wichteg a richteg, datt de reelle Pensiounsalter méi no un de legale vu 65 Joer eru réckele soll. Et wéilt een de System awer och doduerch méi nohalteg maachen, andeems een e vum Wuesstem vum Emploi ofkappt an de Staat méi zum Finanzement bäidréit. Iergendwann kéim een nämlech op de Punkt, op deem et méi Pensionäre wéi schaffend Leit wäert ginn.
De Marc Baum huet dogéint gehalen an dorobber verwisen, datt bis elo just d’Patronen net contribuéiere géingen. De François Benoy huet iwwerdeems betount, datt seng Partei sech géint eng Konsumsteier ausschwätze géing.
Den Alex Donnersbach huet erkläert, et wéilt een d’Cotisatiounen net an d’Luucht setzen, fir d’Salariéen an d’Betriber net zousätzlech ze belaaschten.
De Marc Baum huet gemengt, datt d’Recette vum Staat zu Zwee Drëttel vun de Menagen a just zu engem Drëttel vun de Betriber kéimen. Iwwert dee Wee géingen also d’Salariée méi belaascht wéi d’Entreprisen. Den Alex Donnersbach huet sengersäits dorobber verwisen, datt d’Bierger a Betriber ënnert dëser Regierung schonn iwwert e puer Weeër steierlech entlaascht gi wieren.
De Max Molitor huet d’Méiglechkeet an d’Spill bruecht, un d’Pensiounsreserven ze goen, dat dierft net ëmmer direkt verdäiwelt ginn. Den Alex Donnersbach an d’Carole Hartmann hu sech fir dee Schrëtt duerchaus oppe gewisen. Et misst elo weider Diskussioune mat de Sozialpartner ginn. Déi béid Vertrieder vun der Majoritéit waren och net der Meenung, datt déi Diskussiounen duerch d’Aussoe vum Premier wärend dem Etat de la Nation déi Gespréicher negativ impaktéiere géingen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.