"Et muss eng Entschëllegung vun der FLF kommen"
E Samschdeg war den Aarbechtsminister Georges Mischo eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
De Sportminister Goerges Mischo huet de Mëtteg an der Emissioun "Background am Gespréich" d’Virgoe vun der FLF op en neits schaarf kritiséiert. D’Nominatioun vum Gerson Rodrigues fir déi zwee Frëndschaftsmatcher vun der Futtballnationalekipp hat an de leschten Deeg fir vill Diskussioune gesuergt, well de Spiller ënnert anerem wéinst haislecher Gewalt verurteelt ass. E Freideg koum et an deem Kontext beim Frëndschaftsmatch géint Slowenien am Stade de Luxembourg zu enger Protestaktioun vum CID Fraen an Gender. Der Associatioun no hätte Sécherheetsleit den Demonstrante mat Gewalt d’Banneren aus den Hänn gerappt. Eng Fra hätt sech dobäi de Fanger gebrach. Dat wier schrecklech. Hei misst eng Entschëllegung kommen, fuerdert de Sportminister.
Datt d’Protestaktioun ënnerbrach gi wier, wier och ee Verstouss géint d’Meenungsfräiheet. D’Kand géing elo definitiv am Pëtz leien. Hie wéilt déi Responsabel vun der FLF nach an den nächsten Deeg drop uschwätzen. Senger Meenung no hätt een de Gerson Rodrigues solle fir d’Frëndschaftsmatcher ewechloossen, wann net esouguer fir sechs Méint.
Projet vun der Sonndesaarbecht gëtt net zréck gezunn, et gëtt nach weider diskutéiert
A senger Funktioun als Aarbechtsminister huet de Georges Mischo um RTL-Mikro betount, datt hien net Wëlles huet, säi Gesetzesprojet iwwer d’Eropsetze vun der Sonndesaarbecht zeréckzezéien. Am neien Text ass jo virgesinn, d’Sonndesaarbecht vu 4 op 8 Stonnen eropzesetzen. Den Text gouf virun allem vun de Gewerkschafte schaarf kritiséiert. Och de Staatsrot huet sech dës Woch a sengem Avis kritesch geäussert. Doriwwer géing ee sech elo an der Regierung an och ënnert de Fraktioune beroden. Et wéilt een och mat de Gewerkschaften an de Patronen diskutéieren, esou den CSV-Aarbechtsminister, dee sech awer net festleeë wollt, wat nach am Text kéint geännert ginn.
Hien huet och präziséiert, datt eigentlech näischt am Text misst geännert ginn, well keng formell Oppositioune vum Staatsrot géinge virleien. Ma och wann den Text esou géing duerchgoen, géif et keng Obligatioun fir d’Geschäftsleit ginn fir Sonndes opzemaachen, huet de Georges Mischo argumentéiert. Et wier fir Salariéen och méi flott, all zweete Sonndeg den Trajet fir aacht Stonnen ze maachen an aacht Stonnen ze schaffen, wéi all Sonndeg véier Stonnen ze schaffen.
Keng Tripartite well keng Kris
De Reproche vun de Gewerkschaften, datt d’Regierung de Sozialdialog géing boykottéieren, léisst den CSV-Minister net gëllen. Hie wier schliisslech net am Oktober zejoert aus dem Comité permanent du travail et de l'emploi erausgelaf. Hien hätt och reegelméisseg Kontakt mat de Sozialpartner. D’Gewerkschaften hu viru gutt zwou Wochen decidéiert, sech net méi mat der Regierung un de Verhandlungsdësch ze sëtzen, bis eng Tripartite aberuff gëtt. D’Regierung huet elo fir den 9. Juli eng Entrevue mat de Gewerkschaften a mam Patronat proposéiert. Dat wier awer keng Tripartite, huet de Georges Mischo betount. Et wier een den Ament net an enger Kris, also sollt een deen Terme och net gebrauchen. D’Gewerkschaften hunn iwwerdeems nach net zougesot.
Ass de Mindestloun héich genuch?
Muss de Mindestloun net an d’Luucht goen? Dat hu mer och mam Minister diskutéiert. Aktuell gëtt och un der Ëmsetzung vun der EU-Direktiv iwwer d’Mindestléin geschwat. Do wär nach näischt decidéiert, huet de Georges Mischo ënnerstrach. Mat Experte vum Statec an der IGSS hätt een an der Lescht diskutéiert, wéi een déi Direktiv kéint ëmsetzen. Do wär eng Pist gewiescht, d’Paie vum ëffentlechen Déngscht erauszerechnen. Mä et wär nach keng Decisioun gefall. Hie géif sech "net opposéieren de Mindestloun eropzesetzen", mä et misst alles gerechent ginn a mat de Gewerkschaften an de Patronen diskutéiert ginn.
D’Direktiv wär vun 2022. Am Hierscht géif op europäeschem Niveau decidéiert ginn, ob d’Direktiv iwwerhaapt duerchgeet.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.