Kommunikatioun bei de Pensioune war net ëmmer optimal
E Samschdeg war d'Martine Deprez eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Um Samschdeg war an der Emissioun Background relativ wéineg vun der Santés-a Sozialministesch gewuer ze ginn iwwer d’Sozialronnen an déi geplangte Pensiounsreform, déi de Premier Luc Frieden iwwerraschend wärend senger Ried zur Lag vun der Natioun ugekënnegt hat. Déi ganz schwaarz-blo Regierung wier am Virfeld doriwwer informéiert gewiescht, huet d’CSV-Ministesch betount. Hirer Meenung no wiere verschidde Message vläicht falsch ukomm a wieren anescht gemengt gewiescht.
D’Annonce vum Regierungschef wieren eng Pist vu ville gewiescht an et wier vun Ufank u kloer gewiescht, datt doriwwer nach misst diskutéiert ginn. D’Piste vun alle Sozialpartner léichen elo um Dësch, et wiere vill Modeller, déi misste berechent ginn. Et wier och nach keng Propose vum Dësch an et kéint een iwwer alles diskutéieren, esou d’Martine Deprez, déi awer keng weider Detaillr wollt nennen an ëmmer nees op déi lafend Verhandlunge mat de Gewerkschaften a mam Patronat verwisen huet. Déi sinn awer elo mol an der Summerpaus. Den 3. September ass déi drëtt Sozialronn geplangt.
Datt d’Chamber entretemps schonn hannert zouenen Dieren informéiert gi wier, dovunner wollt d’Santés a Sozialministesch näischt wëssen. Si wier op alle Fall net dobäi gewiescht a wéisst och näischt dovunner. Wat d’Stëmmung an der CSV-DP Koaltioun ugeet, sou wier een an der ganzer Equipe ganz gutt ënnerwee. D’Regierung géing hirer Meenung no och net geschwächt aus där Saach erausgoen.
E bësse méi konkret gouf d’CSV-Ministesch dann, wat déi finanziell Situatioun bei der CNS ugeet. Aktuell géingen Iwwerleeunge lafe fir eventuell Spuermoossnamen. A verschidde Beräicher géingen Saache net ganz aneneegräifen, respektiv duebel bezuelt ginn. Am Summer géing do ee Katalog ausgeschafft ginn.
Am Hierscht géing ee sech an der Quadripartite gesinn, fir eng Feuille de route opzestellen, fir déi finanziell Situatioun fir 2027 besser ze gestalten.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.