Mir mussen dem Aarmutsproblem an d'A kucken
E Samschdeg war d'Aarmut eise Sujet an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Et ass traureg a bal net ze verstoen, dass d'Aarmut zu Lëtzebuerg esou en akut Thema ass. Do waren d'Invitéeën am Background sech e Samschdeg eens.
Wien zu Lëtzebuerg manner ewéi 2.382 Euro de Mount huet, ass dem Aarmutsrisiko ausgesat, huet den Direkter vum Comité national de défense social Raoul Schaaf preziséiert. Dat sinn also Persounen, déi ënner 60 Prozent vum Medianakommes zur Verfügung hunn.
De Paul Heber vun der Unicef huet de Problem nach weider definéiert: all véiert Kand hei am Land gëllt als aarm.
Dat wär wuertwiertlech en "Aarmutszeugnis", esou de Paul Heber. An dat schlëmmst wär, dass d'Situatioun sech hei verschlechtert am Verglach mat de räichste Länner. Obwuel de Problem scho laang bekannt ass, wär d'Entwécklung net positiv. D'Opdeelung vum Räichtum vum Land fonctionéiert ganz kloer net. Dat weisen d'Zuelen, betount de Paul Heber.
An och fir d'Nadia Dondelinger vun der Entente vun den Offices sociaux ass kloer, dass et och ganz dacks Leit sinn, déi schaffen, déi d'Enner awer net beienee kréien.
Dat konnt de Raoul Schaaf confirméieren. Vill Stéit kéimen esou just iwwer d'Ronnen awer dann dierft näischt geschéien, ewéi Kannerschong déi futti ginn, oder e Loyer respektiv Zënsen déi klammen.
Da géif et och qualifizéiert Leit aus dem Ausland ginn, déi hei am Land awer Aarbechte musse maachen, wou se wéineg verdéngen, huet d'Nadia Dondelinger bäifüügt.
Huet Lëtzebuerg also e strukturelle Problem?
Dem Paul Heber vun der Unicef gëtt hei am ëffentleche politeschen Debat gäre relativéiert: "Aarmutsrisiko", "relativ Aarmut", dat géif an engem räiche Land besser kléngen, ewéi Aarmut tout court. Mä d'Realitéit wär eng aner.
Der Nadia Dondelinger no huet déi nei CSV-DP-Regierung, déi sech jo d'Aarmutsbekämpfung op de Fändel geschriwwen hat, schonn eng Rei gutt Decisioune geholl: dass d'Montante vun der Allocation de vie chère eropginn, dass um Mindestloun keng Steiere méi musse bezuelt ginn, oder dass de Guichet social unique soll kommen - also eng administrativ Vereinfachung. Ma och bei der Entente vun den Offices sociaux wéist een nach net, wéini dee soll kommen.
De grousse Problem ass, dass och ëmmer méi Leit d'Hëllefen, fir déi si eligibel wären, net ufroen.
Dat géif um administrativen Opwand leien, awer och un der Fro vun der Dignitéit, esou de Raoul Schaaf. Et misst een dat, wat fréier den "Aarme-Büro" war, aus dem Schmuddeleck erauskréien, an drop hiweisen, dass déi haiteg Offices sociaux fir jidderee wichteg kënne sinn. Et kann ebe sinn, dass een an enger gewëssener Situatioun an enger komplexer Welt eng zousätzlech Hëllef brauch. Dat wär keng Schan. D'Schimmt ass awer e komplizéiert Element.
D'Invitéeën hunn op de Problem vum administrativen Harcèlement higewisen, dee ville Leit mat wéineg Moyene Kappzerbrieches géif maachen. Si géifen de Pabeier einfach net Meeschter ginn, fir déi sëllegen Aiden ëmmer nees nei unzefroen.
Eng administrativ Vereinfachung wär absolutt Noutwenneg. De Paul Heber huet d'Approche hei am Land kritiséiert, dass en Demandeur virop mol kritesch gesi gëtt a beweise muss, dass en déi Hëllef och däerf ufroen.
D'Nadia Dondelinger wënscht sech e Vertrauensvirschoss fir déi Leit. Déi grouss Majoritéit géif nämlech keen Abus bedreiwen. Si fënnt och, dass d'staatlech Administratiounen der Expertise vun de Sozialaarbechter méi traue soll.
Problem Logement
De Plang géint den Aarmut, deen ausgeschafft soll ginn, muss och de Logement als een Haaptelement fir Aarmut berécksiichtegen. Eng Wonnerléisung gëtt et awer net, esou de generelle Constat vun den dräi Invitéeën.
Dem Raoul Schaaf no misst et mol eng Legislatioun ginn, déi de Gemengen et erlaabt géint Kaffiszëmmere virzegoen, wou Leit dacks a schlechte Konditioune liewen an awer vill bezuele missten.
Allerdéngs misste soss d'Prozedure méi labber ginn, respektiv méi innovativ, fir dass verschidde Gebaier méi einfach kuerzerhand ëmgebaut kéinte ginn, fir eben abordabele Logement ze schafen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.