Eng éischt Sozialronn goung net duer. E Méindeg diskutéiere Gewerkschaften, Patronat a Regierung weider. Ëmmerhin: et huet nach keen d‘Dier geklaakt.

De Premier Luc Frieden ass eng ganz respektvoll Persoun an huet sech direkt bei deene Betraffenen entschëllegt, sot de Minister vun der Fonction publique an Ëmweltminister Serge Wilmes, zur Ausso vum Luc Frieden um CSV-Summerfest iwwert d’Gewerkschaften. Déi hätten dem Premier no bei der Reunioun tëscht de Sozialpartner net gutt ausgesinn a wieren anscheinend keng Iwwerstonne gewinnt. De Serge Wilmes war e Samschdeg de Mëtteg Invité an eiser Emissioun Background. Hien huet zudeem betount, et sollt een d’Ausso vum Premier net iwwerbewäerten, d’Stëmmung op deem Summerfest wier ëmmer e bëssi méi labber. Et wier op alle Fall kloer, datt d’Regierung net méi no um Patronat wéi un de Gewerkschafte wier. Et géing elo drëms goen, déi zwou Säite weider méi no beieneen ze bréngen.

Serge Wilmes am Background / Resumé vum Marc Hoscheid

D’Diskussioune ginn e Méindeg weider an et wier net gutt, do virdrun ze vill ze spekuléieren. Wann de Luc Frieden gesot hätt, datt net weider iwwert d’Kollektivverträg geschwat géing ginn, da wier dat och esou.
 
Et wier ee Fakt, datt de Sozialdialog ëmmer op verschiddenen Niveaue weidergelaf wier. Et wier och net esou wichteg, wat an der Vergaangenheet geschitt ass, mee et misst een elo no vir kucken. E Méindeg dierft et dann och ëm d’Pensioune goen. Et géing sech dobäi ëm een eminente Sujet fir d’Géigewaart an d’Zukunft handelen. Dowéinst wier et normal, datt de Sujet an der Ried zur Lag vun der Natioun ugeschwat gouf. De Serge Wilmes huet awer Wäert dorobber geluecht, datt d’Aussoe vum Premier just eng Propos waren. Et wier awer op alle Fall normal, datt d’Pensiounsreform kontrovers diskutéiert gëtt.
 
Mat Bléck op e Méindeg wier ee kompromëssbereet, d’Aufgab vun der Regierung géing elo doranner bestoen, déi kontradiktoresch Positioune vu Gewerkschaften a Patronat zesummenzebréngen. Zil wier et, de Pensiounssystem op nohalteg Féiss ze stellen. Hie wier op alle Fall optimistesch, datt dat gelénge kéint.

Geplangt Pensiounsreform betrëfft privaten an ëffentleche Secteur

Wat d’Reform vu Pensiounssystem an den 90er-Joren ugeet, wier déi deemools ganz kontrovers diskutéiert ginn, ma haut géing sech weisen, datt déi fréier Ongerechtegkeeten tëscht dem privaten an dem ëffentleche Regimm verschwonne sinn. Déi elo geplangte Reform géing och béid Regimmer betreffen.
 
Eng CO2-Steier kéint een iwwerdeems net benotzen, fir Lächer am Pensiounssystem ze stoppen. Déi Sue missten nämlech benotzt ginn, fir eventuell Ongerechtegkeeten ze bekämpfen, déi duerch de Kampf géint de Klimawandel entstinn.

Minister vu Fonction publique gesäit "keng sozial Apartheid"

Wat d’Mindestloundirektiv vun der EU ugeet, wier Lëtzebuerg sengen Informatiounen no och konform, wann d’Paie vun de Staatsbeamte mat agerechent ginn. Déi Paien aus der Rechnung erauszehuelen, soll jo eng Iwwerleeung vum Aarbechtsminister Georges Mischo gewiescht sinn, fir ebe konform mat der EU-Direktiv ze sinn. Et dierft een de privaten an den ëffentleche Secteur net géinteneen ausspillen. Dowéinst wiert de Serge Wilmes géint de Begrëff vun der sozialer Apartheid, deen den LCGB-President Patrick Dury mat Bléck op d’Ënnerscheeder tëscht deenen zwee Secteure schonn e puer Mol benotzt huet.
 
Datt rezent eng Erhéijung vun de Paie vun de Staatsbeamte decidéiert gouf, wier ze vertrieden. An deene leschte Jore wieren och d’Paien an anere Beräicher, zum Beispill op der Finanzplaz, an engem änleche Mooss geklommen. Datt d’Staatsbeamten eng Allocation de famille an Héicht vu 700 Euro fir eng Persoun a 1.400 Euro fir eng Koppel kréien, wier een Acquis, deen d’Staatsbeamte sech am Laf vun der Geschicht erausgeschloen hunn an zu deem d’Regierung weider stoe géing.

Politmonitor net iwwerbewäerten

Datt hie selwer am leschte Politmonitor siwe  Punkte verluer huet, wëllt de Serge Wilmes net iwwerbewäerten. Et wier net einfach déi Resultater ze interpretéieren, well net kloer wier, firwat d’Leit d’Politiker kompetent oder sympathesch fannen.
 
Als Ëmweltminister hätt hie scho vill gemaach. Do huet de Serge Wilmes als éischt eng ganz Rëtsch ronn Dëscher a ganz ënnerschiddleche Beräicher opgezielt huet. Als konkret Mesure vun der administrativer Vereinfachung huet de Serge Wilmes d’Autorisatioune fir Photovoltaikanlagen op Diecher genannt, déi een an Zukunft net méi brauche soll.

Déi ekologesch Transitioun wier der Regierung ganz wichteg an dozou géing och eng Energiepolitik gehéieren, déi dee Wandel ënnerstëtzt. Dowéinst géing de Staat 150 Milliounen Euro an de Grapp huelen, fir ënnert anerem d’Netzkäschten ze iwwerhuelen. Et wier op alle Fall net esou, datt de Klimawandel wéinst anere Krisen aus dem Fokus vun der Regierungsaarbecht verschwonne wier.

Klimawandel: Regulatioune vereinfachen, net ofschafen

Ugeschwat op rezent Entwécklungen um EU-Niveau, fir Mesurë géint de Klimawandel zeréckzedrécken, huet de Minister gemengt, dat wiere virun allem Kräfte aus dem rietse politesche Spektrum. D’EU-Kommissioun an och déi Lëtzebuerger Regierung hätte sech par Konter eng Vereinfachung an keen Ofschafe vun de Regulatiounen op de Fändel geschriwwen. D’Wirtschaft bräicht eng kloer Linn a Planungssécherheet, fir kompetitiv ze bleiwen.
 
Wat d’Reduktiounsziler vun der EU ugeet, iwwert déi aktuell hëtzeg diskutéiert gëtt, misst een esou vill Memberstaate wéi méiglech mat an d’Boot huelen. Dat géing eben eng gewëssen Zäit brauchen.

Background am Gespréich mam Serge Wilmes

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.