E Samschdeg waren de Léon Gloden, de Robert Goebbels an de Sam Elsey eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

De 14. Juni 1985 gouf op der MS Princesse Marie-Astrid op der Musel de Schengener Accord ënnerschriwwen. Wéi huet sech d’EU zanterhier entwéckelt? Ass den Esprit vu Schengen haut a Gefor? An wéi kann een, an dësen schwieregen Zäiten, oppe Grenzen promouvéieren a gläichzäiteg illegal Migratioun besser kontrolléieren? Ënnert anerem doriwwer hunn dëse Samschdeg am Background den CSV-Inneminister Léon Gloden, den Ex-LSAP-Minister an Signataire vum 1. Schengen-Accord, Robert Goebbels an de President vun de Jonken Europäeschen Federalisten, Sam Elsey, diskutéiert.

Vill Jonker wiere sech guer net bewosst, wéi wäertvoll oppe Grenzen an den Echange mat Leit aus anere Länner sinn, esou de Sam Elsey. Dat géing virun allem dorunner leien, datt den Accord esou gutt formuléiert wier, datt e sech ganz natierlech an de Liewensalldag vun de Leit afüügt. Et dierft een och net vergiessen, datt Lëtzebuerg wirtschaftlech immens vum Schengen-Accord profitéiert hätt. De Léon Gloden an de Robert Goebbels hunn hirersäits dorunner erënnert, datt d'Grenzkontrolle fréier dacks ëmständlech gewiescht wieren.

Keen huet wierklech un den Accord vu Schengen gegleeft

Mëtt vun den 1980er-Joren hätt ee groussen Optimismus an Europa Anzuch gehalen. Engersäits hätt ee gesinn, datt mam russesche President Gorbatschow een Enn vum Kale Krich méi no komme géing an anerersäits wier mam Jacques Delors een Mann un d'Spëtzt vun der Europäescher Unioun komm, dee sech géint Grenzen ausgeschwat huet, huet de Robert Goebbels op d'Zäit viru 40 Joer zeréckgekuckt. Un den Accord vu Schengen hätt am Ufank awer kee wierklech gegleeft, dat géing sech well dorunner weisen, datt e vu kengem Ausseminister, mee just vu Staatssekretären ënnerschriwwe gouf. D'Wiel wier deemools op Schengen gefall, well een eng symbolesch Plaz wollt hunn an do hätt sech den Dräilännereck vu Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich ugebueden. D'Marie-Astrid hätt een erausgesicht, well et an der klenger Uertschaft kee passende Raum gouf.

Wat déi aktuell Kontrollen un der Grenz mat Däitschland ugeet, war et d'Ausso vum Léon Gloden, datt hie sengem däitschen Homologe Alexander Dobrindt kloer gemaach hätt, datt hien net länger akzeptéiere géing, datt däitsch Poliziste Kontrollen op de Grenzbrécken duerchféieren. Dat hätt den däitschen Inneminister och verstanen a gesot, et géing gepréift, d'Kontrolle méi wäit an Däitschland eran ze verleeën. Wat dat an der Praxis ganz genee heescht, konnt de Lëtzebuerger Inneminister allerdéngs net soen.

Lëtzebuerg wäert Däitschland net wéinst Grenzkontrollen usichen

De Robert Goebbels huet et iwwerdeems als Feeler bezeechent, datt déi Lëtzebuerger Regierung Däitschland net virum Europäesche Geriichtshaff usiche wäert. Déi europäesch Jurisprudenz géing nämlech kloer weisen, datt déi aktuell Grenzkontrolle géint déi europäesch Verträg verstoussen. De Léon Gloden huet dem LSAP-Politiker a sengem Constat Recht ginn, mee gläichzäiteg gekontert, datt déi juristesch Prozedur vill ze laang daueren an dowéinst näischt brénge géing. Hie setzt vill méi op nei Police-Verträg, déi ee grad am gaange wier mat Däitschland a Frankräich auszehandelen. Doranner sollten d'Modalitéite festgehale ginn, wat ze maachen ass, wann illegal Immigranten un der Grenz zeréckgewise ginn. Déi Verträg kéinten och d'Basis fir d'Schafe vu gemeinsame Policekommissariater sinn.

Déi dräi Invitéen hunn dofir plädéiert, d'Suerge vun de Leit seriö ze huelen a konkret Léisungen unzebidden. Laang net jiddereen, deen populistesch oder extremistesch Parteie wielt, géing deenen hier Ideologie deelen, mee d'Vertrauen an déi etabléiert Parteien hätt an deene leschte Jore staark gelidden. Fir de Robert Goebbels ass et besonnesch wichteg, datt d'Ënnerscheeder beim Akommes méi kleng ginn.

Kontrolle bréngen näischt géint Kriminalitéit, Terror a Pandemien

Mat Bléck op de 40. Gebuertsdag vum Schengen-Accord huet de Léon Gloden fonnt, et wier positiv, wann iwwert Schengen geschwat gëtt, wärend soss dacks negativ Aspekter vun der Europäescher Unioun, wéi zum Beispill d'Bürokratie, an de Vierdergrond geréckelt géinge ginn. De Sam Elsey huet sengersäits gemengt, datt grad d'Corona-Pandemie, wärend där an engem Land wéi Däitschland deels ganz verschidde Reegele gegollt hunn, gewisen hätt, wéi vill Virdeeler Schengen bréngt. De Robert Goebbels huet sengersäits ze bedenke ginn, datt de Corona-Virus trotz de Grenzkontrolle weider zirkuléiert ass.

Och beim Kampf géint den Terrorismus géinge Grenzkontrollen net den erhofften Erfolleg bréngen. Ee weidert Beispill dofir, datt Grenzkontrolle kee Wonnermëttel sinn, wier Groussbritannien. Trotz strenge Grenzkontrolle wier do d'Kriminalitéit ganz héich. De Sam Elsey huet doropshi gemengt, a Groussbritannien hätte Vertrieder aus alle politesche Lageren ëmmer nees der EU de schwaarze Péiter zougeschoustert, fir vun eegene Feeler ofzelenken.

Europäeschen Asylpak séier ëmsetzen

De jonke Politiker huet iwwerdeems Versteesdemech dofir gewisen, datt d'Noperen hir Grenzen deels kontrolléieren. Anescht wéi dat klengt Lëtzebuerg wiere sech déi méi grouss Länner der Bedeitung vun oppene Grenzen net esou bewosst. Dat géing sech och dorunner weisen, datt ee groussen Deel vun der Populatioun zum Beispill an Däitschland d'Grenzkontrolle begréisst. An enger Zäit vu ville groussen internationale Krise géingen d'Leit an och d'Politik sech rëm méi op den Nationalstaat zeréckzéien, och well multilateral Äntwerte feele géingen. Datt Schengen wärend der Migratiounskris versot hätt, wollt de Léon Gloden awer net gëlle loossen. Allerdéngs misst een elo endlech den europäeschen Asylpak, un deem scho vill Jore geschafft gëtt, ëmsetzen.

Eens ware sech de Léon Gloden an de Robert Goebbels doranner, datt de System vun de Schengen-Visaen iwwerschafft misst ginn. Dem Inneminister no géingen nämlech vill Leit aus Afrika, déi ee Visa hunn, zu Lëtzebuerg Asyl ufroen. Dofir wieren d'Visaen awer net geduecht.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.