E Samschdeg waren d'Muriel-Larissa Frank, de Pascal Steichen an de Jeff Kaufmann eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

En Online-Bedruch erkennen an d’Privatsphär schützen - dorëms goung et an eiser Emissioun Background am Gespréich dëse Samschdeg.
 
Allgemeng kéint ee soen, dass d’Täter d’Schwächten an d’Gefiller vun de Leit ausnotzen, esou d’Muriel-Larissa Frank. Si ass Fuerscherin op der uni.lu, am interdisziplinären Zenter fir Sécherheet. “Wie wëll net schnell räich ginn? Do gëtt och erëm eng mënschlech Schwächt ausgenotzt, also de Wonsch no finanzieller Onofhängegkeet.”

Besonnesch Jonker wieren ugräifbar, wann et zum Beispill mat neien Arnaquen dorëms geet, a Kryptowärungen ze investéieren, warnt de Jeff Kaufmann vu Bee Secure. A Whatsapp-Gruppe gi si dozou animéiert, Suen ze investéieren andeems och Chatbots sech als Jonker ausginn, déi bei esou Investissementer matgemaach a vill Sue verdéngt hätten.

Wann ee seng Identitéitsdokumenter op enger Plattform eropluet, fir iwwerhaapt investéieren ze kënnen, muss een sech och bewosst sinn, dass d’Dokumenter kéinte benotzt ginn, fir zum Beispill Bankkontoen opzemaachen, betount de Pascal Steichen, Generaldirekter vum Luxembourg House of Cybersecurity. D’Cyberkriminalitéit wier hautzedaags organiséiert wéi eng Firma, esou nach de Pascal Steichen. Et géing een ëmmer méi Professionalitéit gesinn. Et dierft een sech dann och net méi dorop verloossen, dass Arnaquen duerch eng schlecht Lëtzebuerger Sprooch ze erkenne sinn. “Och do gesäit ee scho vill méi perfektionéiert Forme vun Attacken oder vu Messagen a Kommunikatiounen, déi och am Lëtzebuergesche verblüffend echt sinn.”
 
Wärend fréier duerch Maschen, déi beispillsweis op déi grouss Léift ofgeziilt hunn, éischter Leit vu 40 Joer u viséiert goufen, géing een aktuell vill méi gesinn, dass Jonker tëscht 20 an 30 Joer besonnesch ugepeilt ginn, esou d’Fuerscherin d’Muriel-Larissa Frank. Ma allgemeng misst een awer präziséieren, dass jidderee ka viséiert sinn, sot nach de Jeff Kaufmann vu Bee Secure.
 
Iwwer 400 Kontaktopnamen huet Bee Secure zu alle méigleche Scams dëst Joer registréiert. 2019 waren et der nach knapp iwwer 300. All Incident gëtt vertraulech behandelt a muss net vu Bee Secure un d’Police weidergeleet ginn. Vun der Police oder der Justiz war keng responsabel Persoun disponibel, fir an d’Emissioun ze kommen. De Jeff Kaufmann vu Bee Secure réit, Screenshotten ze maachen a Beweiser ze sammelen, fir eng Plainte bei der Police kënnen ze deposéieren.

Och Entreprise si staark viséiert

Net nëmmen d’Privatleit, mee och Entreprise si vu Cyberkriminalitéit betraff. D’Luxembourg House of Cybersecurity kann an esou Fäll bäistoen. Eng 1.000 Versich fir esou Attacke géing ee pro Mount schätzen, a 40 bis 50 Fäll pro Joer gëtt d’Luxembourg House of Cybersecurity dann tatsächlech geruff. Da kann eng Zort éischt Hëllef fir d’Entreprisë geleescht ginn.

A 70 bis 80 Prozent vun de Fäll huet eng Persoun an der Firma op e Lien geklickt oder soss eng falsch Manipulatioun gemaach, déi dann de Kriminellen Accès op d’Servere vun der Firma erlaabt huet. An anere Fäll gëtt eng sougenannt “Dategeiselnahm” gemaach. Do réit de Pascal Steichen fir manner vulnerabel ze sinn, d’Donnéeën net nëmmen op enger Plaz ze sécheren. Sollt de System da vun enger Cyberattack geläämt ginn, da kéint een op déi geséchert Kopien zougräifen. Op jidder Fall sollt ee kee Léisegeld bezuelen, fir dass d’Donnéeën nees fräigesat ginn, betount de Generaldirekter vum Luxembourg House of Cybersecurity.
 
De Schued bei den Entreprise kann no esou enger Attack enorm sinn. Op der enger Säit kéint et sinn, dass ganz technesch oder informatesch Systemer mussen ausgetosch ginn, oder de Schued ass entstanen, well eng Zäit laang net konnt geschafft ginn. Rezent bekannt Fäll vu Cyberkriminalitéit hu jo och fir vill Opmierksamkeet gesuergt, esou zum Beispill bei der Post oder nach bei enger Bank.

Beim zweete Fall ass e gefälschten Internetsite genotzt ginn, fir de Leit d’Suen aus der Täsch ze zéien. Dofir roden d’Invitéen den Internetsite an de Browser anzetippen an net iwwert eng Sichmaschinn wéi Google ze sichen. Do kéint et nämlech virkommen, dass Krimineller bezuelt hunn, fir hire gefälschte Site ënnert de gesponserte Contenuen ze placéieren. Passt een dann net op, gëtt ee seng Donnéeën op engem Site un, deen a Wierklechkeet guer net deem vun der Bank entsprécht. Och d’Applikatioune vun de Banke wieren e gutt Mëttel, fir sécher ënnerwee ze sinn an net op gefälschte Sitten eranzefalen. Wat d’Mailadressen ugeet, sollt een ëmmer préiwen, op den Absender engem bekannt virkënnt, oder ob sech bei der kompletter Mailadress eng Arnaque weist.
 
D’Muriel-Larissa Frank vun der uni.lu réit nach, virsiichteg ze si bei Offeren, déi ze gutt kléngen. Besonnesch bei Investissementer sollt een alles e puer mol préiwen an net op dat séiert Geld, dat engem versprach gëtt, erafalen. De Jeff Kaufmann vu Bee Secure huet dann och betount, dass den Internet näischt vergësst. All Informatioun, déi een ugëtt, kéint fir e Scam genotzt ginn. Dowéinst geet Bee Secure och a Schoule fir scho bei klenge Kanner, vun 8 Joer un, ze sensibiliséieren.
 
“100 Prozent Schutz gëtt et net”, esou nach de Pascale Steichen. Dowéinst sollt een och gutt opgestallt si fir ze reagéieren, wann eppes geschitt. An deem Beräich wier zu Lëtzebuerg nach Loft no uewen.

Background am Gespréich: Wéi kann ee sech géint Cyber-Bedruch schützen?

Et hu matdiskutéiert:

  • D'Muriel-Larissa Frank, Fuerscherin op der uni.lu, am interdisziplinären Zenter fir Sécherheet
  • De Pascal Steichen, Generaldirekter vum Luxembourg House of Cybersecurity
  • De Jeff Kaufmann vu Bee Secure

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.