E Samschdeg war den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Einfach a séier digital bezuelen, bréngt och e grousse Risk mat sech.

Do hätt den neie Grand-Duc Guillaume wuel Recht gehat, wéi hien e Freideg gesot huet, dass een de Kanner muss bäibrénge mat den neien technologesche Moyenen ëmzegoen. Dat sot den Jerry Grbic, Direkter Bankenassociatioun ABBL, am Background. Jidderee bréicht e kriteschen Esprit, fir dat ze hannerfroen a richteg domat ëmzegoen. Arnaque géife keen Alters- oder e sozialen Ënnerscheed bei hiren Affer maachen.

De Payment instantané ass wéinst der Demande vum Client eventuell méi séier installéiert ginn, ewéi dass d‘technologesch Moyen do waren, fir alles am Detail z‘iwwerwaachen, huet de Jerry Grbic zouginn. 

Respekt fir d‘Affer vun der BIL-Arnaque

Déi Kriminell, déi am Summer op d'mannst 70 Clientë vun der BIL erageluecht hu, waren Professioneller, déi genee wossten, wat si maachen, esou de Jerry Grbic. Hien hätt vill Matleed mat den Affer a Respekt fir si, dass si sech gemellt haten. Dacks géifen Affer sech schummen.

D‘Schwaachstell bei Fraude wär allerdéngs nach ëmmer de Mënsch, esou de Chef vun der ABBL. 
Banke kéinten net alles kontrolléieren, si mierke beispillsweis net, wann eng aner IP an de Web-Banking dréngt. An d‘Kënschtlech Intelligenz géif d‘Arnaquen ëmmer méi authentesch maachen.

D‘Banke géife ganz vill an d‘Cybersecuritéit investéieren. 8.000 frauduléis Sitte goufen zejoert och zougemaach, esou de Jerry Grbic.

Wann et sech eraus géif stellen, dass de System vun der Bank BIL Faillen hat, misst d‘Bank sech responsabel weisen. Wann d‘Leit allerdéngs hir Lux-Trust-Donnéeën op engem falsche Site aginn hunn, kéint d‘Bank net schëlleg gemaach ginn. An dat gëtt och näischt rembourséiert. 

Spuerkeess an d‘Caritas-Affär

Den Direkter vun der Bankenassociatioun seet, hie géif den Dossier net am Detail kennen. Ob et e Lien tëscht der Penalitéit vun der Bankenopsiicht CSSF géint d‘Spuerkeess an der Caritas-Affär gëtt, wéisst hien deemno och net mat Sécherheet, esou den Jerry Grbic.

Et misst genee gepréift ginn, wéi d‘Prozedure bei de Virementen vun der Caritas iwwer d‘Spuerkeess waren, an et kéint een dann driwwer diskutéieren, ob déi Prozedure wäit genuch goungen. Insider-Wëssen hätt hien net, huet den ABBL-Direkter betount.

Den Finanzminister Gilles Roth hat gemengt, et dierft keen Tabu ginn och bei personelle Konsequenze bei der Spuerkeess. "Ech kennen d'Madamm Françoise Thoma, just fir si ze nennen elo zanter Joren, als eng integer Persoun. Méi kann ech dozou net soen", esou de Jerry Grbic iwwer d‘Spuerkeess-Direktesch.

Duerch d‘Caritas-Affär wären op d'mannst vill Betriber waakreg gerëselt ginn fir hir Gouvernance z‘iwwerdenken. 

Service um Client an Neo-Banken

De Jerry Grbic ass och op d‘Kritik agaangen, dass Banken Agencen ofbauen an d‘Clienten trotzdeem jo Fraise bezuelen.

D‘Banke wéilte wuel och méi Clienten hunn, ma et wär ebe manner Besoin do, fir an d‘Agencen ze goen. Op 100.000 Awunner kéimen zu Lëtzebuerg 26 Agence respektiv Bankomater. Dat ass iwwert der EU-Moyenne vu 24. 
 
D‘Konkurrenz vun de sougenannten Neo-Banken wéi "Revolut" zum Beispill géif een net op déi liicht Schëller huelen, esou den ABBL-Direkter Jerry Grbic. Ëmmerhin huet eleng "Revolut" 100.000 Clienten am Grand-Duché.

Allerdéngs mengt de Jerry Grbic, dass d‘Neo-Banken fir d‘Leit eng Alternativ si fir Payementer méi séier an d‘Ausland ze maachen.

Mä jo, déi konventionell Banke missten duerch déi Konkurrenz innovéieren, dat wär positiv. Nei Systemer wéi KIe mussen awer stabel si fir Banken: S‘Donnéeë vun de Clientë musse sécher sinn. Dat priméiert fir de Jerry Grbic. 

Banken- a Finanzplaz am Wandel 

De Jerry Grbic hat een Haaptmessage: De Bankesecteur wär nach ëmmer immens wichteg fir Lëtzebuerg, och wann en duerch nei Technologien a Konkurrenz am Wandel wär an d‘Banken grouss Erausfuerderunge misste meeschteren.

26.000 Leit schaffen eleng bei Banken hei am Land. 75.000 am ganze Finanzsecteur. Den Impakt vum Finanzsecteur wär relativ wichteg fir d‘national Ekonomie: Pro nei Aarbechtsplaz am Finanzsecteur géif eppes méi ewéi eng aner Aarbechtsplaz kreéiert ginn, huet den ABBL-Direkter virgerechent.

Vun den normale Bankgeschäfter fir individuell Clientë bis Fintech a Corporate Banking géif et zu Lëtzebuerg alles ginn. Och de Private Banking fir grouss Verméige géif ëmmer méi wichteg ginn, esou de Jerry Grbic.

An dach: d‘Banken an d‘Fonge géife vill Steiere bezuelen. De Jerry Grbic fënnt et net bedenklech, dass am Finanzsecteur och Nischen ausgeschafft ginn, fir manner Steieren ze bezuelen. Steierflucht wär dat net, esou laang et legal wär.

Iwwerdeems wär et jo normal, dass Banke wëlle rentabel sinn. Wann d‘Clienten d‘Vertraue géife verléieren, wär dat schlëmmst fir eng Bank. 

Background am Gespréich mam Jerry Grbic

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.