E Samschdeg waren d'Jill Brosius, den Tom Baumert an den David Angel eis Invitéën an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Et gëtt net just méi kaf, well d'Butteker méi laang op sinn. Mee et gëtt méi kaf, wa sech d'Butteker dem Client kënnen upassen." Dat sot an eiser Emissioun Background den Tom Baumert, Direkter vun der "Luxembourg Confederatioun". Hie schwätzt sech domadder däitlech fir d'Flexibiliséierung vun der Sonndesaarbecht aus.

Och d'Jill Brosius, Patronne vu Kleedergeschäfter hei am Land, huet d'Erfarung gemaach, dass et Leit ginn, déi kee Problem hunn, sonndes ze schaffen a sech geziilt fir ee vun hire Butteker an engem Shoppingzenter mellen, deen all Sonndeg ophuet.

De Gewerkschaftler David Angel vum OGBL fäert allerdéngs, dass besonnesch grouss Geschäfter déi nei Reegelunge wéilten ausnotzen an dass dat da méi kleng Butteker géing zwéngen, nozezéien. Doduerch géing ee sech da warscheinlech och d'Konkurrenz tëscht de Shoppingzenter an de Butteker an engem Stadkär verstäerken.

Doriwwer eraus huet den David Angel vum OGBL och kritiséiert, dass schlecht Aarbechtskonditiounen de Rekrutement och däitlech méi schwéier géinge maachen. Eng Vue, déi d'Patronne Jill Brosius an den Tom Baumert vu "Luxembourg Confederatioun" net deelen. De Problem wier vill méi, dass et net vill interesséiert Leit mat speziellen Ausbildunge gëtt, wéi Metzler oder Schouster. D'Jill Brosius huet ugemierkt, dass sech Schülerinnen a Schüler an hiren Ae vill ze fréi an der Schoulcarrière fir eng Ausbildung missten entscheeden. Dat ka spéider zu Schwieregkeete féieren, wann de Choix eventuell net dee richtege war.

Lëtzebuergesch schwätzen ass kee "Muss" méi

Lëtzebuergesch schwätze wier par contre keng Obligatioun méi, esou d'Jill Brosius. Soss géing si nämlech kee Personal méi fannen. D'Patronne vu Kleederbutteker hei am Land huet awer och betount, dass d'Demande vun de Clienten net onbedéngt do wier. Wichteg wier just, dass d'Vendeusen an d'Vendeuren eng vun den dräi offizielle Sprooche kéinten.

De Rekrutement wier och schwéier, well de Secteur fir d'Salariéen an den Ae vum Gewerkschaftler David Angel un Attraktivitéit géing verléieren. Nom Horeca-Secteur ass de Commerce dee Secteur mat den niddregste Paien. An der Vente schaffen och vill Frontalieren. Alles Facteuren, déi dem David Angel no d'Liewensqualitéit éischter verschlechteren. Dowéinst géing den Interessi och ofhuelen.

Dat gesäit den Tom Baumert, Direkter vun der "Luxembourg Confederatioun", allerdéngs net. Den Interessi un den Job-Deeg, wier immens grouss. Och d'Patronne Jill Brosius huet ënnerstrach, dass sech genuch Leit bei hir fir eng Aarbecht mellen. De Problem vun de laangen Aarbechtsweeër wier éischter een, deen d'ganzt Land betrëfft an net nëmmen de Commerce.

Den Online-Handel bleift grouss Konkurrenz

Den E-Commerce mat senger permanenter Disponibilitéit ass natierlech eng grouss Erausfuerderung fir d'Geschäftsleit. Do ware sech eis Invitéeën eens. Ma den traditionellen Eenzelhandel muss sech op seng Stäerkte besënnen, soten d'Jill Brosius an den David Angel. Amplaz sech ze vill mam Online-Handel ze vergläichen an do an eng Course ze trieden. Am traditionellen Eenzelhandel schaffen hei zu Lëtzebuerg ronn 26.000 Leit, esou den Tom Baumert. An dat ass d'Stäerkt vum Eenzelhandel, well eng gutt Berodung vun engem Algorithmus net kann ersat ginn. "De Client sicht eng Atmosphäre, eng Erfarung, en Erliefnis", esou d'Patronne Jill Brosius.

Den David Angel vum OGBL fuerdert doriwwer eraus "staark Mesuren" géint déi héich Loyerskäschten, déi d'Butteker dacks mussen opbréngen. Och dat wier néideg, fir den Eenzelhandel vis-à-vis vum E-Commerce ze stäerken. Par rapport zum Ausland hätt Lëtzebuerg wéineg Leerstand, präziséiert den Tom Baumert, Direkter vun der "Luxembourg Confederatioun". Dat well d'Butteker innovativ bleiwen, zum Beispill och mat besonneschen Offeren oder Evenementer. Fir déi Jonk vum Online-Shopping an de lokale Buttek ze kréien, misst ee sech dem Jill Brosius no un den Online-Trends inspiréieren.

Allgemeng wëllen Patronen a Gewerkschaften weider zesumme schwätzen an zesumme schaffen, esou eis Invitéeën um Schluss vun der Emissioun. Fir weider konstruktiv Léisungen fir d'Erausfuerderungen am Commerce ze fannen.

Invitéen am Background iwwert de Commerce waren:

Jill Brosius, Geschäftsfra a Patronne vun e puer Kleederbutteker
Tom Baumert, Direkter vun der Luxembourg Confederatioun
David Angel, Member vum Exekutivcomité vum OGBL

Background am Gespréich iwwert de Commerce an Eenzelhandel

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.