Wat sinn d'Prioritéite vun OGBL an LCGB a wat brénge Sozialwalen?
Den André Roeltgen a Patrick Dury, Presidente vun OGBL an LCGB waren e Samschdeg eis Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich.
D'Sozialwale sti virun der Dier. An dofir soll een den OGBL wielen. Där Meenung ass de President vum onofhängege Gewerkschaftsbond, André Roeltgen, hien an de LCGB-President Patrick Dury waren Invité an der Emissioun Background am Gespréich.
Den OGBL hätt sech an der leschter Legislatur, an och doriwwer eraus, fir de Salarié agesat. Et hätt Verbesserunge bei der Steierreform ginn, wat och op d'Aarbecht vum OGBL zeréckzeféiere wier. Et hätt een och reusséiert d'Sécurité sociale esou bäizebehalen. Den OGBL ass déi stäerkste Gewerkschaft, a well wichteg a fundamental Froen an Zukunft am Raum stinn, soll och de stäerkste Syndikat nees matwierke kënnen. Den OGBL wier och géint eng Spaltung vun der gewerkschaftlecher Zeen, esou den André Roeltgen.
Den LCGB President Patrick Dury plädéiert fir seng Gewerkschaft bei de Sozialwalen déi nächste Woch ze stäerken, well den LCGB kloer Weeër géif goen a wéilt goen, an och nei Iwwerleeunge wéilt op den Dësch leeën, zum Beispill bei der Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten. Et muss een dem Salarié entgéintkommen, esou de Patrick Dury, an de Salarié och besser schützen. Et bréicht een och een Engagement fir d'Kafkraaft an op d'Digitaliséierung misst een déi nächst Joren oppassen.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.