Gerance vun den Urgencen a Logement grouss Problemer am Land
Dëse Samschdeg hu mir Iech en Iwwerbléck vun der Lëtzebuerger Wirtschaft an deels och der Gesellschaft ginn. Invité war de François Pauly.
Invité an der Emissioun Background am Gespréich war e Samschdeg de Mëtten de François Pauly. Ee Mann, dee via Verwaltungsréit een Abléck huet a Secteure wéi Assurancen, Press, Banken, Lëtzebuerger Bourse, Aviatioun oder nach de Pharma-Secteur respektiv de Spidolssecteur. Ee vun de grousse Sujeten an der Emissioun war ee vun de grousse Problemer hei am Land, an zwar de Logement.
Do misst de Staat méi aktiv ginn, d’Delaie méi kuerz ginn. D’Bebauungspläng géifen deels laanscht d’Realitéit goen. An der aktueller Situatioun ass et esou "pervers" ginn, dass ee méi fir een existente Wunnprobjet kritt, wéi ee bezilt, fir een neien ze bauen, an dat ganz einfach, well deen Objet disponibel ass. Positiv ass awer, datt mer och esou lues zu Lëtzebuerg gemierkt hunn, datt mer am Wunnberäich och an d'Héicht kënne bauen. Ugeschwat op de Fonds de Logement seet de François Pauly, datt 90 Wunnengen, déi dëst Joer gebaut ginn, net duer ginn. Et wier mol keng Drëps Waasser op de waarme Steen.
Weider Sujete waren de Spidolssecteur, wou d'Gerance vun den Urgencen effektiv net evident ass.
Deels och well Leit dohinner ginn, déi do net misste präsent sinn. Am "Triage vun de Patiente" gëtt do op 5 Kategorie, dat geet vu Liewensgefor bis zu engem Problem, deen och den Hausdokter den Dag dono ka léisen, gekuckt, wat der Persoun feelt. An der Urgence bräicht ee Personal, fir dësen Triage propper ze maachen. Et ginn awer zum Deel Spëtzten u Patienten, déi net ëmmer virauszegesi sinn. An deene Situatioun versteet de François Pauly awer och, datt d'Patienten an déi Leit, déi si begleeden, och emol gestresst kënne sinn, wann et net weidergeet.
Wat d’Sproochkenntnis vum Spidolspersonal betrëfft, ass ee vun de Problemer, dass een heiheem net genuch Leit mat der néideger Qualifikatioun fënnt an déi dann an d’Ausland muss siche goen.
Mat eisem Invité, deen an diverse Verwaltungsréit vun ënner anerem Assurancen oder Banke sëtzt a souz, gouf awer och iwwert d'Staatsbedeelegung bei de Banke geschwat.
Dobäi misst gekuckt ginn, wéi eng vun de Participatioune kuerzfristeg fir d'Land wichteg sinn a wéi eng e strategeschen Notzen hunn. Do kënnt een dann och net derlaanscht, fir iwwert de Fond souverain ze schwätzen. Fir tëscht de Generatiounen eppes unzespueren, gëtt hei beim Staat e klenge Montant op d'Säit gesat. Rechent een dat awer op all d'Awunner ënner 20 Joer zu Lëtzebuerg, kommen do eng 500 Euro pro Kapp eraus, wat fir déi Leit zeréckgeluecht gëtt. Kuckt een awer, wat de Staat fir Crèchen oder de Cedies ausgëtt, ass dat däitlech méi. Et leien aktuell ronn 150 Milliounen an deem Fond, de Staat huet awer iwwer 10 Milliarde Participatiounen. An do misst ee kucken, ob een déi net kann affektéieren, wa se laangfristeg a strategesch wichteg sinn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.