Déi laangjäreg DP-Politikerin Colette Flesch war dëse Samschdeg an der Mëttesstonn eis Invitée op RTL an der Emissioun "Background am Gespréich".

Déi zweet Blo-Rout-Gréng Regierung hätt vill Wëlles a Saache Klima, esou d’Colette Flesch an eiser Emissioun Background am Gespréich. Déi laangjäreg DP-Politikerin huet de Klimamarsch vun deene Jonke virun zwou Woche begréisst, awer och erkläert wéi komplizéiert d’Ëmsetzung vun esou enger Politik wier. Dat géing een eleng beim Widderstand géint nei Eolienne gesinn.

Wat Steieren ugeet, sot d’Colette Flesch, si géing de Prinzip vun de breede Schëlleren ënnerstëtzen. A Punkto Steiere wier Lëtzebuerg awer scho gerecht am Verglach mam Ausland. Op d’Fro, ob Kapitalbesteierung een Tabu wier fir déi Liberal, huet si geäntwert: "Et gëtt fir keng Partei een absoluten Tabu". Si fënnt et iwwregens och net gutt, wann d’Proprietéitsverhältnisser esou sinn, wéi se schéngen zu Lëtzebuerg de Moment ze sinn.

Een anere Sujet am Background: D‘Memoire vum Jean-Claude Juncker, deen de Kommissiounspresident an engem 100,7-Interview fir a 15 Joer ugekënnegt huet. Réischt a 15 Joer, fir net deenen wéi ze doen, déi hie wëll korrekt beschreiwen. Ob dat Bluff ass, dorobber huet d‘Colette Flesch geäntwert: "Wann hien se schreift, da géing dat en interessanten Exercice ginn, fir se ze liesen".

AUDIO: Background am Gespréich: Colette Flesch

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.