De Paul Philipp war e Samschdeg den Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Den FLF-President war e Samschdeg de Mëtteg Invité an der Emissioun Background am Gespréich. Dobäi ass de Paul Philipp op d'Fro agaangen, ob, wat d’Nationalekipp ugeet, déi op engem ganz interessanten Niveau spillt, alles am Botter ass. Si ass aktuell op engem Niveau, wou se seele war, spillt en excellente Futtball a mécht realistesch Resultater dobäi. Well eleng gutt ze spillen, ouni Resultater ze maachen, geet net duer.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Nationalekipp)

Un de President vun der Futtballfederatioun war et donieft d’Fro, wéi et ëm d'Kontraktverlängerung vum Nationaltrainer Luc Holtz steet. An den nächste Woche wëll ee mam Luc Holtz schwätzen. An do geet d'FLF positiv an déi Gespréicher eran. Den Trainer huet awer nach net ugedeit, datt hien net verlängere wéilt. Dat wuel och, well d'FLF ëmmer mat sech schwätze léisst, wann d'Chance do ass, fir an de Profiberäich ze wiesselen.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Luc Holtz)

Doriwwer eraus koum de Paul Philipp op d’Decisioun vun der UEFA ze schwätzen, fir de Protest vun der FLF géint d’Wäertung vum EM-Qualifikatiounsmatch géint d’Ukrain zréckzeweisen. D'Grënn fir d'Uerteel huet d'FLF nogefrot, ma bis elo nach keng kritt. Wann een déi huet, kann ee géint d'Uerteel an Appell goen. Dat wéilt d'FLF och maachen.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Protest géint Ukrain)

Den FLF-President ass dann awer och op de Virfall vu leschter Woch am Futsal ze schwätze komm.

Déi 1. Final vum Championnat hat du jo missen ofgebrach ginn, well en Arbitter vun engem Géigestand, dee vun der Tribün gehäit gouf, getraff gi war. Doropshin hat den FLF-Verwaltungsrot d’Enn vum Futsal-Championnat decidéiert. Do war et wichteg, elo e Signal ze setzen, well et muss een am Futsal vu bannen eraus botzen. Do muss ee mat de concernéierte Leit kucken, well déi kennen d'Krawallbridder um Terrain an op den Tribünen an déi musse fort, esou den FLF-President. Et ass eng Aggressioun vun enger Minoritéit am Futsal an déi well ee lassginn. Eenzel Veräiner sinn do vun der FLF aus net viséiert. An duerch esou Saachen, wéi déi leschte Woch, schuet dem Ruff vum Futsal.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Futsal)

Ma net nëmmen an der Hal, neen, och dobausse koum et an de leschte Wochen zu zwee Tëschefäll. Den FLF-President sot zur Fro, ob de Futtball besonnesch dovu betraff ass, dass de Leit hir Frustratioune vun ënnert der Woch de Weekend iwwer eraus mussen, dat een dat a Relatioun muss setzen. Et ginn um Weekend 9 Matcher am Futsal an iwwer 400 op den Terrainen. Do gëllt et also net, datt een d'Argument hëlt, datt et och op den Terraine geschitt, fir sech beim Futsal rengzewäschen.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Frustratiounen)

Och hu mer nogefrot, wéini den neie Stadion fäerdeg wär. Et war jo gehofft ginn, dass e fir den EM-Qualifikatiounsmatch, Mëtt November, géint Portugal prett wär. Et war awer ni virgesinn, datt dëst geschitt. Et war ëmmer gesot ginn, datt et fir Neijoerschdag kéint sinn, ma elo gesäit et éischter aus, datt et Mëtt 2020, eventuell esouguer Hierscht 2020 kéint ginn, also fir déi nei Campagne vun der Nationalekipp.

AUDIO: Extrait Paul Philipp (Neie Stadion)

Dem allgemengen Zoustand vum Fussball hei am Land huet de President vun der Fussball-Federatioun iwwregens eng Nott 7 vun 10 ginn!

AUDIO: Background am Gespréich mam Paul Philipp

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.