Nohaltegt Iessen

Regional, saisonal oder bio – ëmmer méi Leit maache sech Gedanken iwwert d’Liewensmëttel, déi se consomméieren.
Mä wat bedeit nohaltegt Iessen iwwerhaapt? Wat gëtt zu Lëtzebuerg an deem Beräich gemaach? Wéi gesinn d’Leit um Terrain d’Situatioun? A wou ass d’Politik nach gefuerdert?
Permakultur
Insektestierwen, pestizidverseuchte Buedem, d'Schmëlze vu Gletscheräis a verknaschte Weltmierer – Zukunft vum Planéit ass düster. Ma amplaz drun ze verzweiwelen, packe weltwäit dausende vu Leit eng Hand mat un. Wéi? Dat erkläert den Tim Morizet.
Solawi
Si sinn zu dräi jonke Männer, déi eng Iddi haten. No der Uni 2015 ee Projet lancéieren, wou Uebst a Geméis lokal a klengem Style ugebaut soll ginn an och direkt soll un de Client op der Plaz verkaf ginn. Solawi nennt sech de Modell no deem de Max, de Jean-Marc an de Claude hire Projet realiséieren: Solidaresch Landwirtschaft. D’Nadine Gautier war an de Krautgaart op Stengefort kucken, wat do alles ugeplanzt gëtt a wéi d’Produiten un de Mann an un d’Fra bruecht ginn.
Jean Feyder
Wat ass nohaltegt Iessen? Wéi wichteg ass an deem Kontext d'Fro vum lokalen Ubau an der Nofro hei am Land. Wou kann d'Politik Akzenter setzen, fir méi nohalteg Produktioun an Consommatioun ze promouvéieren? D'Annick Goerens huet mam Diplomat an Auteur Jean Feyder iwwer eng aner Vue op eist Iessen diskutéiert.
Vegan Society
Regional, saisonal oder bio – ëmmer méi Leit maache sech Gedanken iwwert d’Liewensmëttel, déi se consomméieren. Mä wat bedeit nohaltegt Iessen iwwerhaapt? Wat gëtt zu Lëtzebuerg an deem Beräich gemaach? Wéi gesinn d’Leit um Terrain d’Situatioun? An wou ass d’Politik nach gefuerdert?
Beet
De Faite, datt awer ëmmer méi Leit sech Gedanken maachen, ob an wéi vill Déiereproduiten se iessen, deen erkennen och ëmmer méi Restaurateuren am Ausland, och zu Lëtzebuerg. De Pierre Jans war bei e Kach op de Knuedler nofroen wéi et dozou koum.
Rawdish
Si maache gesond Bio-Iesse fir matzehuelen. Déi Lëtzebuerger Startup "Rawdish" gouf virun dräi Joer gegrënnt an huet, nieft enger Rei Kooperatioune mat Supermarchéen an Tankstellen, och zwee eege Butteker. Bis Enn des Joers soll souguer nach en drëtt Geschäft derbäikommen. D'Grënner vu Rawdish schénge mat hirem Konzept deemno den Nerv vun de Leit getraff ze hunn. D'Maxime Gillen huet mat engem vun hinnen iwwert d'Vir- an Nodeeler vu Bioproduite geschwat.
Gewunnechten
Bio, regional a lokal Produiten fënnt ee mëttlerweil a bal alle Supermarchéen. Uechtert d’ganzt Land fënnt een awer och ëmmer méi eng grouss Offer u méi klenge Geschäfter. De Pierre Weimerskirch huet bei Clienten an engem Biobutték am Süde nogefrot, wat fir si nohaltegt Akafen ass a wéi si versiche méi nohalteg ze consomméieren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.