An der Emissioun Background mam Wirtschafts- a Gesondheetsminister ass et ënnert anerem ëm Fage, Google, IRMen an déi nächst Steierreform gaangen.

AUDIO: Background am Gespréich: Etienne Schneider

D'Jughurtsfabréck Fage a Google loossen d'Gemidder héichkachen. Zu Onrecht, wann een de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an der Emissioun "Background am Gespréich" e Samschdeg héieren huet. Bei Google géif et haken, well op der enger Säit d'Leit googelen, a vun de Virdeeler profitéieren, mä op der anerer Säit net bereet wieren, esou ee Projet an hir Noperschaft ze loossen. Villes géif och opgebauscht, dobäi misst Google Prozeduren duerchlafen, wéi all aneren. Elo nodeems d'Terrainen reklasséiert sinn, misst Google säi Projet op den Dësch leeën. Virun Enn vum Joer dierft dat net geschéien, well net alles esou séier géif goen, esou de Wirtschaftsminister. D'Entreprise hätt sech net fir de Standuert Biissen interesséiert, wéinst Rulingen, mä éischter wéinst eisen Energiepräisser, déi relativ gënschteg sinn. Mir hu kompetitiv Energiepräisser, sot den Etienne Schneider. Google wier op jiddwer Fall ee Méiwäert fir d'Land, fir och aner Entreprisen an de Grand-Duché ze zéien.

Wat Fage ugeet, géife falsch Informatiounen ënnert d'Leit bruecht ginn, wat de Minister onglécklech fënnt. Den Dossier géif komplett zerriet ginn, zum Beispill wat de Waasserverbrauch ugeet. D'Industrie an d'Betriber géife just 9 Prozent vum Waasserverbrauch ausmaachen. An déi Zuel géif och weider erofgoen. Lëtzebuerg hätt mat déi strengsten Oploen.

Räichtum soll méi verdeelt ginn

Eriwwer da bei déi sozialistesch Politik. Do huet den Etienne Schneider gemengt, datt d'Leit ee Recht drop hätten, datt de Räichtum verdeelt géif ginn, a si och eppes dovunner hätten. Dofir hätten d'Sozialisten eben de Mindestloun ëm Netto 100 Euro an d'Spill bruecht an duerch déi zousätzlech Congésdeeg a Feierdag manner schaffen.

Nächst Steierreform wäert eng ökologesch ginn

Déi nächst Steierreform wäert eng ökologesch sinn, esou den Etienne Schneider. Do géif ee net noutgedrongen déi Gréng ënnerstëtzen, mä och d'Sozialisten stéinge fir Ökologie. Wat awer den Tanktourismus ugeet, misst een oppassen, datt wa mir den Diesel méi deier maachen, an d'Leit dofir bei dNoperen tanke ginn, dann hätt ee näischt geschafft. Just datt een ee Lach am Budget hätt. Dofir misst op europäeschem Niveau un de Präisser gedréint ginn. D'Suen, déi dorausser géifen resultéieren, kéinten a Projeten investéiert ginn. Et géif net drëms goen, fir just den Zitat "grénge Mäntelchen" unzedoen.

Zukunft vum Etienne Schneider

Säi Wonsch da fir ee Kommissärsposten z'iwwerhuelen. Dee Wonsch hätt hien am Kader vun enger Parteierneierung geäussert, esou den Etienne Schneider. Do wier et eben eng Méiglechkeet ginn. Et wier een Job, deen interessant an erausfuerderend wier, jee no Ressort, deen ee kritt hätt.

Et ass domadder awer och kee klore Jo, fir dës Legislaturperiod komplett an der Regierung ze bleiwen.

Ech sinn elo gewielt an hunn den Ament keen aneren Projet. Ech sot an de Koalitiounsverhandlungen, dass et eng Méiglechkeet wier, dass ech kéint Kommissär zu Bréissel ginn. Dat ass en Challenge, Jo, mä et hänkt dervun of, wéi ee Ressort dass ee kritt, dee bei Ee passt. Du gouf sech fir de Nicolas Schmit decidéiert. Domat hunn Ech kee Problem.

Dëst ware Gedankespiller, déi op d’place publique koumen. An do gëtt dann en Drama gemaach, wéi wann ee wéilt oder misst fort. Als Partei muss ee sech dach dierfen dës Froen awer stellen“.

Nei IRMen

Hie géif net agesinn, firwat een an engem räiche Land misst Méint op ee Rendez-vous an engem IRM waarden, oder datt d'Leit op déi aner Säit vun der Grenz misste goen. Dofir kréien an Zukunft 4 Spideeler 4 weider IRMen. Nom Uerteel vun der Cour constitutionnelle vun der leschter Woch misst hie sech mam Minister Romain Schneider zesumme setzen. D'Situatioun soll sech da verbesseren. Am Osten kéint ee Spidol eng Antenne hunn, esou den Etienne Schneider a senger Funktioun als Gesondheetsminister. Et wier op jiddwer Fall sënnvoll.

Vu elo un bis an zwee Joer sollen d'Urgencen esou moderniséiert an ausgebaut ginn, datt et keng Problemer méi an den Urgencen gëtt, wat d'Waardezäit ugeet.

Cannabis

Wat d‘Legaliséieren vu Cannabis fir rekreativ Zwecker ugeet, sot de Gesondheetsminister, datt am Hierscht am Regierungsrot vun de Ministere Schneider a Braz en Aktiounsplang an eng Zäitschinn virgeluecht ginn, déi dann do mussen ofgeseent ginn.

Duerno gouf e komplizéierte legislative Prozess ufänken, well sécherlech géif och drop higewisen ginn, datt u sech den UNO-Texter no, déi eist Land ënnerschriwwen huet, de Gebrauch vu Cannabis zu net-medezineschen Texter verbueden ass.

Dësen Diskussioune misst sech gestallt ginn, seet den Etienne Schneider, dee sech sécher ass, datt Äntwerte wäerte fonnt ginn.

Et bleift dobäi: de Cannabis fir rekreativ Zwecker soll nëmmen dierfen u Residente verkaf ginn.

AUDIO: Background: Etienne Schneider / Resumé Danielle Goergen

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.