Wéi dynamesch ass d'Industrie nach zu Lëtzebuerg? Ënnert anerem dat hu mer den UEL-President Nicolas Buck an der Emissioun Background am Gespréich gefrot.

"D'Gewerkschafte sinn extrem spuersam mat der Wourecht, wa se vu Klassekampf schwätzen an de Patronen déi eenzeg Schold un der aktueller Kris am Sozialdialog ginn" - och wann d'UEL de Fonctionnement vum Comité Permanent pour l'Emploi (CPTE) a Fro gestallt huet, sou ass een net dogéint, fir weider mateneen ze schwätzen. Dat sot den UEL-President Nicolas Buck e Samschdeg de Mëtteg an der Emissioun "Background am Gespréich" op eiser Antenne.

Den CPTE wier denaturéiert ginn, iwwert déi lescht Joren, dofir wéilt d'Patronat, datt d'politesch Konsequenzen op d'Aarbechtsrecht sollen aus deem Gremium erausgeholl ginn, sou datt hei den zoustännege Minister Kersch an d'komplett Regierung hir Roll ze spillen hätten. Et wieren SI, déi da mat politesche Propositiounen a bilaterale Gespréicher missten de Konsens sichen.

Background - Nicolas Buck

Als Doudegriewer vum Sozialdialog well sech de Nicolas Buck net tituléiere loossen, villméi misst den "Zirkus" elo eriwwer sinn, an et sollt sech nees un en Dësch gesat ginn - dës Initiativ misst vun der Regierung ausgoen - eng gewerkschaftlech Manifestatioun, wéi déi vum 19. November, wier éischter kontraproduktiv.

Datt sech d'CGFP zesumme mat OGBL an LCGB un en Dësch setzt, fënnt de Nicolas Buck cocasse, well d'Staatsbeamtegewerkschaft u sech hei näischt verluer hätt, well dësen Aarbechtsmarché e komplett aneren wier. Hei misst kloer getrennt ginn - dësen Appell geet och un d'Regierung.

Fir d'Aarbecht vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet de Nicolas Buck grousse Respekt - wann hien elo säi Mandat net fäerdeg mécht, wier dëst e grousse Verloscht. Ob de Successeur an deem Ministère eventuell Marc Angel, Franz Fayot oder Paulette Lenert heescht, ass der UEL u sech egal - een Datum fir d'geplangte Successioun wier elo méi wichteg.

Wat d'E-Mail-Affär ëm d'Ministesch Corinne Cahen wéinst dem Tram-Chantier ugeet, sou bezeechent de Nicolas Buck dëst als "onglécklech, mee net onéierlech" vun der DP-Politikerin.

Den Indexsystem baséiert op den héijen Margen vum Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell, virun allem der Finanzplaz; mee den 1. Beneficiaire wier de Staat duerch d'Steieren op de Paien.

Et misst dann och an de Betriber zu aneren, flexibelen Aarbechtszäitmodeller fir d'Leit kommen; esou eng Diversitéit  kéint net duerch rigid Kollektivverträg erreecht ginn, sou den UEL-President, deen z.B. och an der Digitaliséierung net eleng eng Gefor, mee och eng Chance gesäit. Suergen mécht dem Nicolas Buck allemol, datt et e wierklechen Demokratie-Defizit am Land gëtt...

En Demokratie-Defizit am Land

An et gëtt nach en aneren Kritikpunkt, deen de Nicolas Buck op eiser Antenne ugeschwat huet: d'Suergekanner Transport a Logement.

Transport a Logement am Land

"Wat d'Pensiounen ugeet, sou ginn 2060 all d'Luuchten aus, wann de System net geännert gëtt", bei dëser Thees baséiert sech de Nicolas Buck op den CNFP a schwätzt och d'Pensiounen beim Staat un.

De Pensiounssystem hält nach bis 2060

D'Situatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie gesäit de Nicolas Buck als "weder gutt nach schlecht, mä op engem neutrale Niveau", Angscht mécht villméi d'Evolutioun vun der Finanzindustrie mat de Negativzënsen, déi eng Realitéit ginn.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.