E Samschdeg war d'Inneministesch a Ministesch fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer eis Invitée an der Emissioun "Background am Gespréich".

An der LSAP géing elo e Renouveau gemaach ginn, et géing sech intern nei opgestallt ginn, vläicht bësse "verkruste" Strukture méi labber maachen an dat wier positiv, sou d'LSAP-Ministesch Taina Bofferding e Samschdeg de Mëtteg am Background.

Background am Gespréich mam Taina Bofferding

Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt dee Prozess awer géint daueren. Et wier een ENG Ekipp an et hätt net EEN eleng d'Muecht. Dat wier och e Féierungsstil, vun deem si näischt géing halen.

Dem Etienne Schneider seng Decisioun, d'Regierung ze verloossen, wier ze bedaueren, awer ze respektéieren. Et wier wichteg, datt séier eng nei Ekipp designéiert gi wier, fir weider ze fuere mat schaffen.

"Ech spieren net, datt d'Loft an der Dräier-Koalitioun sollt eraus sinn, an de beschte Famille géing diskutéiert ginn, d'Stëmmung wier op alle Fall gutt", sou d'LSAP-Politikerin.

Als Inneministesch schafft si mat hire Mataarbechter a mat de Gemengen zesummen intensiv un der Gemengereform. D'Gemenge solle méi Autonomie kréien a vun enger däitlecher administrativer Vereinfachung kënne profitéieren.

Bei de Fusioune géing driwwer nogeduecht ginn, fir d'Subsiden eropzesetzen. Wichteg wier, datt d'Initiativ vun der Gemeng selwer kënnt. Et géing een och dovu profitéieren, fir e Verhalenscode fir Gemenge-Gewielten opzestellen. Et misst een als Gemengevertrieder wëssen, wou zum Beispill bei Kaddoen d'Grenze sinn.

Bei der Majoritéit vun de Gemengen ass den neie PAG iwwregens duerch, 30 Gemenge wieren awer nach net an der Prozedur, mä geschwënn dierft dat de Fall sinn.

D'Grondsteier gëtt jo reforméiert. D'Zil wier et, eng gewëss Gerechtegkeet an de System ze kréien. D'Berechnungsformele gi geännert, notamment fir d'Terrainsvaleur vun haut besser ze bestëmmen. Et géing drëms goen, déi Proprietäre mat vill Terrainen anescht ze besteieren. Et wéilt een als Regierung am Konsens géint d'Spekulatioun virgoen, mä dat wier net onbedéngt iwwer d'Grondsteier ze realiséieren, éischter mat engem aneren, nationalen Instrument.

Et denkt een dann och iwwer Ouverturen no, fir den zivillen Akt fir eng Hochzäit net méi am Gemengenhaus selwer mussen ofzehalen, mä op enger anerer Plaz an der Gemeng, zum Beispill an engem Schlass oder an engem Park.

Virun annerhallwem Joer gouf et jo d'Reform vum CGDIS: Protex, all d'Pompjeeën an den 112 goufen zesumme geluecht. 6.700 Leit wären dat haut. De CGDIS wär am gaangen ze wuessen. Jidderee géif gebraucht ginn. Zum Beispill beim Tornado hätt ee gesinn, wéi wichteg déi Reform war.

Als Ministesch fir d'Gläichstellung vu Fraen a Männer setzt d'Taina Bofferding staark op d'Educatioun an op déi Jonk.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.