De Paul Galles vun der CSV, de Frédéric Krier vum OGBL an de Marc Wagener vun der Chambre de Commerce waren an der Emissioun "Background am Gespréich".

An der Emissioun Background stoung e Samschdeg d'Thematik vun der Aarmut an dem Aarmutsrisiko am Mëttelpunkt. De Problem vun der Aarmut wier an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm, wann eis Kanner a Kandskanner sech kee Logement méi leeschte kënnen, sot den CSV-Deputéierten Paul Galles, dee viru kuerzem eng Interpellatioun an der Chamber hat. Den Oppositiounspolitiker fuerdert e Gesamtkonzept ouni dat een de Problem net géif an de Grëff kréien.

Background: Paul Galles, Frederic Krier a Marc Wagener
Eng Stonn, fir hannert d'Kulissen ze kucken.

Dem Chef-Ekonomist vun der Chambre de Commerce Marc Wagener huet versicht dat sensibelt Thema ze versaachlechen. Aarmut wier kee generellen, mä e cibléierte Problem zu Lëtzebuerg, dee virop elengerzéiend Elteren, familles nombreuses, déi Inaktiv a kleng Patronen, also Independants, dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. D'Aarbecht géif de Risiko, fir an d'Aarmut ze rëtschen ëm d'Hallschent reduzéieren.

Et géif ee ganz kloer verschidden Risikogruppe kënnen ausmaachen, sot de Marc Wagener, Chefekonomist vun der Chambre de commerce. Virop sinn elengerzéiend Elteren, Familles nombreuses, inaktiver a kleng Patronen, also Independanten, dem Aarmutsrisiko ausgesat.

De Marc Wagener iwwert d'Aarmutsrisiko

Deem huet de Frédéric Krier vum OGBL entgéint gestallt, datt méi wéi 13% net vun hirer Aarbecht liewe kënnen. De Phänomen vun de "Workingpoor" ass zu Lëtzebuerg am internationale Verglach effektiv héich.

De Frédéric Krier an d'Identifikatioun vu Gruppen

Den OGBL hält nach ëmmer u senger Fuerderung no 10% méi Mindestloun fest, datt d'Desindexatioun vun de Familljeprestatiounen esou laang bäibehale géif ginn, hätt wuel och kee gemengt.

Et gëtt eng Hellewull un Indicateuren, déi de Problem vum Aarmutsgefährdungsrisiko beschreiwen. Eens ware sech d'Invitéeën, datt méi detailléiert Indicateuren zu Lëtzebuerg néideg wieren, fir déi verschidde Komponente vun der Aarmut méi cibléiert z'erfaassen an dann och cibléiert unzegoen.

D'Fuerderunge vum CSV-Deputéierte Paul Galles

An deem Kontexte huet de Frederic Krier vum OGBL ënnerstrach, datt ee méi Donneen vun de Leit hätt, déi arem sinn, wéi vun deenen, déi een heije Revenu hunn. Do wier et interessant ze gesinn, wat uewen op der Skala lass wier. Zum Beispill mat Vue op d’Konzentratioun vum Patrimoine. Do géifen Donneen feelen. Wann een déi awer all regroupéiert hätt, kéint een dovunner ausgoen, datt d’Entwécklung vun der Inegalité nach méi héich kéint sinn, wéi dat vun deem de Moment ausgeet.

Divergenzen wat d'Zuele betreffen

13,5 Prozent vun de Leit, déi schaffen, riskéieren an d’Aarmut ze falen, hat Eurostat Ufank vum Mount matgedeelt. Domadder louch Lëtzebuerg op zweeter Plaz, direkt hannert Rumänien. Eng vun den Ausgaben, déi ee Stot am meeschte belaascht, ass dee vum Logement, do waren sech de Marc Wagener vun der Chambre de Commerce, de Frederic Krier vum OGBL an de Paul Galles vun der CSV eens. Ma d’Zuele vun den Invitéë goungen auserneen.

Zuelen iwwert de Logement

D’Akommes vun den 10 Prozent vun de Stéit, deenen et am mannste gutt geet, bestéing aus 50 Prozent sozialen Transferten, esou de Marc Wagener. Do misst een da kucken, ob d’Mesuren net aneschters sollen agesat ginn.

Nach ass net bekannt wéi d’Sozialklausel am nationale Klima- an Energieplang soll ausgesinn. Den OGBL géif awer op de Wee vun engem Credit d’Impot mobilité goen, esou de Frédéric Krier vum OGBL. Domadder kéint ee verhënneren, datt déi Äermsten duerch Mesure leiden. De Crédit d’impôts kéint no Revenu berechent ginn, a funktionéieren, wéi déi aner Steierkreditter.

Dem Marc Wagener no géife 40 Prozent vun den elengerzeihenden Elteren vum Armuts gefährdung srisiko concernéiert sinn, de Statec schwätzt vun iwwert 46 Prozent. Bei de Chômeure wieren et 50 Prozent, bei de Famillje mat e puer Kanner 30 Prozent, 28 Prozent bei den Aktiver. 18,7 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg si jo vum Aarmutsrisiko concernéiert.

Do muss een awer ënnerscheeden tëscht deenen, déi riskéieren duerch een Imprevu zum Beispill an d’Aarmut ze falen an deenen déi wierklech arem sinn. Do huet de Marc Wagener d’Zuel vun 30.000 Leit ernimmt. Déi wiere vun der Déprivation matérielle concernéiert, et sinn also Leit, déi näischt méi hunn, zum Beispill Sans-abrien.

Aarbecht am Kampf géint d'Aarmut?

D’Ekonomie ass een Deel vun der Léisung. D’Aarbecht wier keen Allheelmëttel ma et géif den Aarmutsgefährdungsrisiko reduzéieren. An der Haaptsaach géifen elengerzéiend Elteren, Familles nombreuses, Inaktiver a kleng Patronen, also Independants, dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. Eeler Persounen, also Pensionnairen dogéint manner.

Virun zwou Wochen huet d’Familljeministesch Corinne Cahen an hirer Interventioun an der Chamber erkläert, datt hautdesdaags jidder’ee sech zu Lëtzebuerg leeschte kéint an een Alters-a Fleegeheem ze goen. D’Chambre des Salariés hat d’lescht Joer awer de Contraire unhand vun enger Etüd gewisen. De Paul Galles vun der CSV:

De Paul Galles vun der CSV

Mir hu manner Altersaarmut, wéi aner Länner, dat wier awer bedéngt duerch de solidaresche Pensiounssystem op deen ee kann zeréck gräifen, sot de Frédéric Krier vum OGBL. Allerdéngs fënnt hien d’Aussoe vun der Familljeministesch befriemlech.

De Fédéric Krier vum OGBL

Och wann déi eeler Generatioune manner vun der Aarmut an dem Aarmutsrisiko betraff sinn, wéi aner Gesellschaftsgruppen, dierft ee net esou maachen, wéi wann de Problem net bestoe géif, esou de Frédéric Krier weider.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.