Et ass en historesche Montant: 9 Milliarden Euro, déi de Staat an d'Ekonomie pompelt, fir datt d'Wirtschaft net och nach vum Corona-Virus an d'Gettë geet.

Lëtzebuerg ass mat sengem Hëllefe vun 8,8 Milliarden Euro am Ganzen am Stabilitéitspak, wéi de Pierre Gramegna dat nennt, dat Land, wat dee präziiste Plang huet an am meeschten un Direkthëllefen an den nächsten zwee Méint bezilt. Dat sot de Finanzminister e Samschdeg de Mëtteg bei eis op der Antenn am Background.

D'Direkthëllefe fir d'Entreprisen an domadder och d'Leit an Héicht vun 1,7 Milliarde fir zwee Méint maachen dräi Prozent vum PIB aus. D'Mesuren, déi d'Lëtzebuerger Regierung hëlt, fir der Wirtschaft am Kader vun der aktueller sanitärer Kris ze hëllefen, wiere ganz aussergewéinlech, well d'Situatioun aussergewéinlech wier. Déi direkt Hëllefe vu 5.000€, déi net musse rembourséiert ginn, wieren eng Mesure wéi et se nach ni virdru gouf.

De Grand-Duché hätt och mat dee generéiste Regimm bei der Kuerzaarbecht. Dat wier eng ganz deier Mesure, déi awer och de Leit ze gutt kënnt. De Finanzminister huet dann nach emol am Background un d'Leit appelléiert, fir just de Congé pour raisons familiales ze huelen, wann et wierklech net anescht geet.

Ob all Entreprise et packt, dat steet an de Stären, sou de Finanzminister. Dat géif vun der Secteuren ofhänken an der Relance, de Pierre Gramegna:

"Da si mer awer an enger sozialer Maartwirtschaft. De Staat kann net 100% Risiko iwwerhuelen. De Staat versicht hei dee Risiko esou kleng wéi méiglech ze halen, Liquiditéiten ze sécheren an da muss awer no der Kris erëm d'Maartwirtschaft spillen. Do gëtt et Konkurrenz dobaussen, do gëtt et der, déi wäerten aus dëser Kris méi staark erauskommen, ech denken zum Beispill d'digital Ekonomie gëtt méi staark no dëser Kris, an domat muss dann d'Konkurrenz eens ginn a sech ajustéieren."

Et wier kloer, datt de Staat Suen hänke géif loossen mat sengen Hëllefen, fir Cotisatiounen a Steieren déi nächst Méint auszesetzen. Wéi vill konnt de liberale Minister net chiffréieren. Dat selwecht gëllt fir de laangfristege finanziellen Impakt op de Staatsbudget.

D'Regierung gëtt sech de Spillraum, fir dëst Joer bis zu 3 Milliarden Euro léinen ze goen. Dat misst net an den nächsten Deeg gemaach ginn. Mir hu kee Stress, sou de liberale Minister. An de Grand-Duché wier mat senger Schold vun 20 Prozent en Triple A. Wann ee Land Sputt huet, da wier et Lëtzebuerg, mä et gëtt deier.

De Staat géif zesumme mat de Banken derfir suergen, datt den Accès fir Kreditter sou einfach wéi méiglech bleift. De Pierre Gramegna huet an der Emissioun explizitt och den Effort vun de Lëtzebuerger Banken ervirgestrach. Am Géigesaz zu 2008 wieren d'Banke bei dëser Kris net de Probleem, ma si wieren en Deel vun der Léisung, esou nach de liberale Finanzminister. Et géif een d'Kris nëmme mam Privatsecteur zesummen iwwerstoen an do wier et eng Chance, datt Lëtzebuerg e staarke Finanzsecteur hätt.

Ugeschwat op de Sträit iwwert d'Corona-Bonds, huet de Pierre Gramegna vun enger seriöer Lag geschwat. Et kéint een beim Coronavirus kengem eppes falsch maachen, fir derfir responsabel ze sinn.

Fir d'Zäit no der Kris géif awer allgemeng Solidaritéit gebraucht, fir séier aus der Kris erauszekommen. De Pierre Gramegna huet hei kloer duerchblécke gelooss, datt dëst Joer de Kollektivcongé ausgesat gëtt.

An de leschten zwou Wochen hätt hien och sécher net op der Steierreform gekuckt, sot nach de Minister. Déi geplangte Steiererliichterunge géifen dovunner ofhänken, wéi laang dës Kris dauert, huet de Pierre Gramegna net verheemlecht.

Wat d'Kris méi laang dauert, wat se natierlech och op d'Wirtschaftsentwécklung ëmmer méi Aschnëtter wäert hunn. Den Ament ginn déi zoustänneg Instanzen nach vun engem Minus vun 2,5 an 3% aus.

Background am Gespréich mam Pierre Gramegna

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.