Transparenz iwwert d'Beroder vun der Regierung
E Samschdeg war déi gréng Kultur- a Justizministesch eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.
Déi gréng Ministesch Sam Tanson sot e Samschdeg am Background, si géing d'Demande no méi Informatioune verstoen. De liberale Premier Xavier Bettel hat e Samschdeg am Lëtzebuerger Wort am Interview gesot, hie wéilt aus Dateschutzgrënn d'Nimm vun de Beroder an de sougenannten „Task Forcen" net nennen. D'Sam Tanson sot, si wéisst elo net, a wéi engem Kontext de Premier seng Ausso gemaach huet, mä mengt net, datt et drëms gaange wier, eppes „geheim" ze halen. Trotzdeem wëll se déi Fro mat an de Regierungsrot huelen, „an da kucke mer, wéi eng transparent Mesuren dobäi erauskommen".
D'Jusitz- a Kulturministesch Sam Tanson huet am Background e puer Mol betount, wéi wichteg et wier, virsiichteg ze si mat de Mesuren, déi elo am Etat de Crise decidéiert ginn. Krise géingen dacks dozou féieren, „datt Saachen iwwreg bleiwen". Et géinge jo positiv Elementer ginn, wéi zum Beispill den Télétravail, mä awer negativ Elementer, wéi zum Beispill méi Iwwerwaachung wéinst der Terrorismus-Gefor. Mat engem Pandemie- oder Epidemie-Gesetz kéint ee sech elo – zesumme mat der Chamber – ee kloren, legale Kader ginn, fir Mesurë kloer ze definéieren an ze limitéieren.
Den Etat de crise ass e ganz speziellt Instrument, mat deem mer mat aller Responsabilitéit mussen ëmgoen, dat sot déi gréng Justizministesch Sam Tanson. Et hätt am Ufank vun der Pandemie ganz séier misse gehandelt ginn. Dat Handele wier richteg gewiescht, well d'Santé publique um Spill stoung.
Et konnte Mënscheliewe gerett ginn duerch de Confinement, deen hätt awer och Impakter huet op de Rescht vun der Gesellschaft.
Problemer kënne sech stellen iwwert d'Gerechtegkeet vun de Schüler, eng Fro vu Jugendschutz. Kanner, déi doheem maltraitéiert ginn, gesi mer net. Et gëtt manner Gewalt am Stot gemellt, well d'Leit doheem confinéiert sinn. Dat misst een alles en Balance setzen an hunn déi éischt liicht Exit-Strategië geholl.
An der Urgence vun der Coronakris hätt ee gesinn, wéi wichteg et meeschtens ass, datt déi legislativ Prozedur hir Zäit braucht, fir datt duerno d'Gesetzestexter derbäi rauskommen, déi kloer sinn.
Ganz virsiichteg ass d'Sam Tanson och géigeniwwer den „Tracing Apps", also Applikatiounen um Handy, déi et Persounen op fräiwëlleger Basis erméiglechen, nozepréiwen, ob se a Kontakt ware mat Persounen, déi de Coronavirus hunn. D'Ministesch huet d'Froen opgeworf, wéi d'Donnéeë gespäichert ginn, wéi se benotzt ginn, mä awer och, ob déi Applikatiounen iwwerhaapt effikass sinn, wa just en Deel vun der Bevëlkerung se benotzt. Donieft wier esou eng Applikatioun fir Lëtzebuerg, doduerch, datt et vill Frontaliere gëtt, besonnesch komplizéiert. Eng europäesch Léisung wier dat, wat een am meeschte géing begréissen, ma d'Sam Tanson huet widderholl, datt, wann ee bis eng Dier opmécht, et extrem schwéier gëtt, se rëm zouzemaachen.
Klimakris: „Ech sinn net der Meenung, datt ee muss radikal Mesuren huelen, fir zu eisem Zil ze kommen".
Vill gouf am Background och iwwert d'Relance vun der Ekonomie an den Zesummenhang mat der Klimakris geschwat. Déi gréng Ministesch gesäit an der aktueller Situatioun awer eng „Chance fir en Accélérateur, fir weider an déi Richtung ze schaffen, wou mer schonn zanter Joren amgaange sinn". Well elo „e bëssen en Depart erëm vu Null u" wier, kéint een och op e puer Punkte steieren.
Am Géigesaz zu Akademiker an anerer Personalitéiten, seet d'Sam Tanson awer: „ech sinn net der Meenung, datt ee muss radikal Mesuren huelen, fir zu eisem Zil ze kommen".
De Fait, datt ee sech am Confinement erëm méi op sech zeréck besënnt hätt, kéint schonn dozou féieren, datt Gewunnechten änneren: beim Konsum, bei der Liewensmëttelproduktioun an och beim Reesen. Der Ministesch no géing manner Konsum a manner Reesen net onbedéngt een ekonomesche Verloscht bedeiten. Wuel wier et awer e „Schift", also eng „Ännerung", déi och vun Industriellen ënnerstëtzt gëtt. D'Sam Tanson huet ënnerstrach, datt déi Ännerungengebonne sinn un der Garantie vun de soziale Rechter a vun engem staarke Sozialstaat.
Hei déi ganz Emissioun am Replay
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.