De Marc Stein, Chef vum Service psychologique bei der Police, an den Dr. Fränz D’Onghia vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale waren eis Invitéen.

An de leschte Joren hu sech an der Moyenne méi ewéi 60 Leit zu Lëtzebuerg d'Liewe geholl. Estimatiounen no läit d'Zuel vu versichte Selbstmorde souguer 20 mol méi héich. Déi lescht Zuele si vun 2017, well d'Enquêten dacks laang dauere géingen. Et wier meeschtens schwiereg, fir ze klären, ob et Suicide war oder net, zum Beispill bei Verkéiersaccidenter oder enger Iwwerdosis. An Europa sinn d'Zuelen an de leschte Joren erofgaangen, och zu Lëtzebuerg. Zënter dem Suicide-Plang 2015 wieren d'Chifferen encourageant a wiere par Rapport zu de Jore virdrun am Verglach ëm 20% bis 25% zeréckgaangen. A konkrete Chiffere sinn d'Zuelen awer dacks méi héich, dat éischtens, well d'Bevëlkerung gewuess ass, an zweetens, well fréier d'Prozeduren an d'Analys vu Suiciden net sou exakt ware wéi haut.

Et wär och dacks net gewollt gewiescht, well d'Thema Selbstmord tabuiséiert war, sou de Marc Stein. D'Opbereedung vun dëse Statistike géing e Rôle spillen an och, ob et politesch gewollt wier oder net.

Stigmatiséierung vun psychesche Krankheeten

Psychesch Krankheete géife leider nach ëmmer dacks stigmatiséiert ginn, sou de Marc Stein. D'Leit géifen zécken, fir sech Hëllef ze sichen, zemools Männer, derbäi kéimen och Remarke vun anere Leit.

Den Dokter Fränz D'Onghia schwätzt net gäre vun Tabuen, op alle Fall wier een um gudde Wee an zemools bei de méi jonke Generatioune géif méi oppen iwwer Problemer geschwat ginn.

Background am Gespréich mam Marc Stein an Dr. Fränz D’Onghia

Suicide-Preventioun: Nach ëmmer kee Remboursement fir Psychotherapie

Trotz der breeder Offer un Hëllef géing zu Lëtzebuerg awer en nationale Coordinateur feelen. Tëscht dem Spidolssecteur fir Urgencen, dem extra-hospitalièrë Beräich an den ASBLe géinge vill Strukturen déi nämmlecht Aarbecht maachen an do bréicht et ee Chef d'orchestre, sou den Dokter Fränz D'Onghia.

Fir de Marc Stein iwwerdeems géing et och eng Hemm-Schwell ginn, fir sech Hëllef sichen ze goen. Déi wär net just psychologescher Natur, ma och finanzieller, erkläert den Direkter vum Service psychologique bei der Police. Et géing nach ëmmer kee Remboursement ginn, wann ee bei e Psychologe oder ee Psychotherapeut geet, wat et awer fir aner medezinesch Problemer gëtt, sou de Marc Stein. Et géingen natierlech och gratis Servicer ginn, ma trotz allem wär eng privat Psychotherapie fir vill Leit eng finanziell Erausfuerderung.

Et feelt u Better an der Psychiatrie vun de Spideeler

Wat net gutt ass, wier, dass an de leschte Joren d'Unzuel vun de Better an de Psychiatrien erofgaangen ass. Do si sech déi 2 Invitéen eens. Villes misst ausserhalb vum Spidol geléist ginn. Ma da missten do awer och kënne psychiatresch Urgencen en charge geholl ginn, wat net assuréiert wär. Et wär deemno quasi e Kampf ëm d'Better, souguer bei Persounen, déi fräiwëlleg wéilten internéiert ginn. Et bréicht een definitiv méi Better an de Psychiatrien, sou d'Invitéen.

Wéi sollen d'Ëffentlechkeet an d'Medie mam Thema ëmgoen?

Medie kënnen zwou Saache maachen, erkläert de Psychologue Marc Stein. Engersäits kënne si duerch d'Berichterstattung weider Suicide-Versich ausléisen. Dat wär den sougenannte Werther-Effekt (Referenz op dem Goethe säi Wierk „Die Leiden des jungen Werther"). Medien hätten op der anerer Säit awer Potential, fir Preventioun ze maachen.

Et soll manner iwwer d'Fäll, mä méi iwwer d'Problematik geschwat ginn. Et soll een, wa méiglech, awer och versichen, de Wonsch vun der Famill ze respektéieren.

Och den Dokter Fränz D'Onghia fënnt, datt een an der Press onbedéngt op d'Detailer soll verzichten. Et dierft een an deem Kontext och net den Papageno-Effekt (Referenz op den Protagonist am Mozart sengem Stéck „Die Zauberflöte", deen eng Suicide-Kris bewältegt) vergiessen, nämlech, dass respektvoll iwwer Suicide geschwat gëtt, dass ee sech awer och hëllefe kann an wou een Hëllef kritt. Mam Papageno-Effekt kéint een d'Zuele vum Suicide erofdrécken, sou den Dokter Fränz D'Onghia.

Sensatiounsjournalismus, wéi et nom Doud vum däitsche Goalkeeper Robert Enke gouf, wier falsch an hätt kontraproduktiv Suitten, notamment, wat eventuell Imitatiounen, also de Werther-Effekt ugeet. Als Beispill: Zwou Woche virum dem Goalkeeper sengem Suicide hätten et a ganz Däitschland 30 Suicide mat der selwechter Method ginn an zwou Wochen duerno 71.

Wou kritt ee gehollef?

Hutt Dir selwer oder e Bekannte vun Iech Suicide-Gedanken? Da kënnt dir Iech ënner anerem um Telefon vun SOS Détresse mellen 45 45 45 oder fir Kanner a Jugendlecher beim Kanner-a Jugendtelefon 116 111.

Wann Dir méi am Zentrum vum Land wunnt, kënnt Dir d'Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale kontaktéieren um 49 30 29. Am Norde vum Land „Liewen dobaussen" um 26 81 51.

Am Süde vum Land „Réseau Psy" 54 16 16.

Natierlech kënnt Dir och een Dokter, Psychologue, Psychiater oder Psychotherapeut consultéieren.

Am Fall vun enger ganz graver Urgence gëllt natierlech den 112 oder den 113.

Nieft der professioneller Hëllef kann och de Bekanntekrees eng grouss Roll spillen. Et wier wichteg, fir mat Leit aus dem Entourage ze schwätzen a vläicht zesummen ze decidéieren, datt vläicht eng méi professionell Prise en charge ubruecht ass.

Suicide zu Lëtzebuerg
An de leschte Joren hu sech an der Moyenne méi ewéi 60 Leit zu Lëtzebuerg d'Liewe geholl.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.