E Samschdeg war de Kommissär fir Aarbecht a Soziales eisen Invité vun der Emissioun "Background am Gespréich".

Hie géif verstoen, datt sech eng gewësse Panik breet mécht, well gefaart gëtt, datt mer an eng zweet Coronawell komme,  mä d'Koordinéierung tëscht de Memberstaate wier net optimal. Dat sot den Lëtzebuerger Kommissär Nicolas Schmit bei eis an der Emissioun Background am Gespréich. Een Dag nodeems Lëtzebuerg nees an der Belsch an an Däitschland als Coronarisikogebitt klasséiert gouf.

Och d'Critèren, no deenen een op eng rout Lëscht kënnt, wieren net onbedéngt waasserdicht.

Den Inzidenz-Wäert vu 50 als eenzege Kritär ze huelen, wär net sou wëssenschaftlech. D'Pandemie wär eben eng kritesch Situatioun an d'Länner géifen reagéieren an deels och iwwerreagéieren. Eng Situatioun och, déi ee bis elo nach net sou kannt hätt, mä op déi ee sech fir d'Zukunft anescht misst preparéieren, sou de Member vun der Bréissler Exekutiv.

Resumé Background Nicolas Schmit
E Samschdeg war de Kommissär fir Aarbecht a Soziales eisen Invité vun der Emissioun "Background am Gespréich".

D'Kommissioun huet a Santésfroen wéineg Kompetenzen, sou den Nicolas Schmit. Mäi et bräicht ee fir sou Situatiounen, wou d'Gesondheet vun den Europäer um Spill steet, méi eng communautaire. Approche. Hei misst ee sech fir d'Zukunft aner Reegele ginn fir besser preparéiert ze sinn.

Mir wiere lo an enger Pandemie a kee géif eis soen, datt mer an e puer Joer net nees eng hunn.

D'Kommissioun hätt och an der Pandemie awer gemeinsam Léisungen erreecht. Bréissel hätt duerchgesat, datt d'Grenzen net komplett dicht sinn, sou den Nicolas Schmit. Datt Frontalieren weider zirkuléieren kënnen. Alles anescht wier och, virop fir de Lëtzebuerger Gesondheetssecteur, eng eenzeg Katastrophe gewiescht. Dat hätt och vill Méi kascht.

Mir entdecken, wat de Wäert vu Schengen ass

Elo wou et net méi erlaabt ass, fir einfach sou vun där enger op déi aner Säit iwwert d'Grenz ze fueren, entdecken d'Leit, wat de Wäert vu Schengen ass, sot den Nicolas Schmit. Wat et bedeit, wann d'Grenzen verschwannen. Dat wier negativ a positiv zugläich. D'Leit géifen net verstoen, datt d'Grenzen op eemol nees do sinn.

D'Leit géifen an dëser Situatioun engersäits de Mehrwert vun Europa gesinn. An anerersäits, datt Europa nach net souwäit ass, wéi mer et gären hätten. Et wier awer nun mol sou, datt d'Memberstaaten net bereet sinn, fir Kontroll vun de Grenzen, och de Bannegrenzen opzeginn.

A sensibele Beräicher wéi der Migratioun, grad wéi der Santé, géifen d'Länner sech net onbedéngt eppes vun uewen erof, vu Bréissel imposéiere loossen.

Beim Vaccin géint de Covid-19 hätt d'EU-Kommissioun awer ganz proaktiv gehandelt, fir sech bei verschiddene Fournisseuren Impfdosen ze sécheren. D'Ursula von der Leyen wier selwer ganz engagéiert fir sécherzestellen, datt de Vaccin uerdentlech verdeelt gëtt.

Europäeschen Asyl- a Migratiounspakt: Manner ambitiéis mä realistesch

Den Nicolas Schmit ass Member vun der Kommissioun, déi dës Woch den europäesche Migratiouns- an Asylpakt presentéiert huet, op dee laang gewaart gouf an elo schonn deels hefteg kritiséiert gouf.

D'Europäesch Unioun wär 2015 net prett gewiescht fir eng Flüchtlingskris. E puer Länner hätten vun Ufank un blockéiert, seet den Nicolas Schmit. An och elo kéint Bréissel a priori keen Memberstaat zwéngen Refugiéeën opzehuelen, dee Pouvoir hätt d'Kommissioun net. Ma se wéilt e sech marginal ginn.

Den neien Pakt wär manner ambitiéis ewéi deen éischten, mä dofir géifen d'Sensibilitéite vun den eenzelen Länner respektéiert ginn. E wär méi konsensfäeg, esou den Nicolas Schmit. Déi éischt Propose waren dës Woch awer schonn op vill Kritik gestouss. Ënnert anerem vum LSAP-Kolleeg vum Nicolas Schmit, dem Ausseminister Jean Asselborn. Hei kréichen Länner d'Méiglechkeet sech fräizekafen.

Dës Länner, ënnert anerem Polen an Ungarn, géifen awer esou iwwerhaapt mat agebonnen ginn, a kéinten sech net einfach ganz drécken.

Et steet een am Ufank vun engem komplizéierten legislativen Prozess. Wéini dee zu engem Ofschloss kënnt, konnt den Nicolas Schmit net soen.

Déi nei Propositioune sollen der EU-Kommissioun no Situatioune wéi déi iwwerfëllte Campen op Lesbos verhënneren, Demandeurs d'asile solle méi séier eng Äntwert kréien a méi séier verdeelt ginn. Memberstaaten un der Grenz zousätzlech ënnerstëtzt ginn.

Kuerzaarbecht huet eng total Kris um Aarbechtsmaart verhënnert

Bedéngt duerch d'Pandemie ass de Chômage an der EU ëm 1,2% erop, net an deem Mooss an deem d'Ekonomie agebrach ass. Den Nicolas Schmit féiert dat an der Haaptsaach op d'Instrument vun der Kuerzaarbecht zréck. 16 Länner kréie via den europäesche Programm SURE mat Prêten an Héicht vun 90 Milliarden Euro ënnert d'Äerm gegraff.

An Europa hätten zwar anescht wéi an den USA net Millioune Leit hir Aarbecht verluer, ma déi nächst Méint géifen a ville Secteuren schwiereg ginn um Aarbechtsmaart. Duerfir misst den europäeschen Relanceprogramm fir d'Wirtschaft séier zum Droen kommen, fir séier aus der Kris erauszekommen.

Projet Mindestloun

Mëttelfristeg wëll de Kommissär fir Aarbecht a Soziales säi Projet vun engem europäesche Mindestloun duerchsetzen. Et géif hei awer net drëm goen,fir een eenheetleche Mindestloun a ganz Europa anzeféieren. D'Bulgaren hätten duerno net de Lëtzebuerger Mindestloun, Haaptzil wier et, d'Ecarten tëscht de Länner ze reduzéieren an z'erreechen, datt d'Bierger an hire Länner vun hirem Loun liewe kënne. Paien elo an der Kris ze reduzéieren, dat wier op alle Fall dee komplett falsche Wee.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

© Domingos Oliveira/RTL