E Samschdeg waren d'Elisabeth Margue, de Max Leners an de Claude Schommer eis Invitéë vun der Emissioun "Background am Gespréich".

Et wär besonnesch wichteg, dass bei den Theme Logement, Klima, Staatsscholden a Pensiounen déi Jonk matagebonne ginn a sech äussere kënnen, well si déi sinn, déi d'Konsequenze vun der Politik vun haut an Zukunft ze spieren kréien. Dat hunn eis Invitéeën an der Emissioun Background festgestallt. Dat waren dräi jonk Politiker, d'Elisabeth Margue CSV-Gemengeconseillère an der Stad, de Max Leners vun der LSAP an de Claude Schommer DP-Schäffen zu Munneref. Si hätten net d'Gefill, als Jonker net genuch Gehéier an hire verschiddene Parteien ze kréien. Et géing awer och net duergoen, jonk ze sinn, et misst een och Iddien hunn. Heiansdo wär et dann och wichteg, dass Parteien hir jonk Leit an der Ëffentlechkeet zu Wuert komme loossen, s ou de gemeinsame Constat.

De Max Leners huet déi jonk Deputéiert an der Chamber iwwerdeems kritiséiert. Am Plaz sech streng un d'Fraktiounslinn ze halen, kéinte si och mol selwer Gesetzpropositioune maachen. De jonke Sozialist huet net mat Kritik u senger eegener Partei gespuert, um Robert Goebbels, deen nach Politik aus den 70er Jore géing maachen, et misst een awer no vir an net zeréck kucken an notamment och um Alex Bodry, deen a sengen Aen net nëmmen al Iddien hätt, déi net méi an d'Zäit géife passen, ma och säi Rôle als Member vum Staatsrot verkannt hätt, wann hie sech ëffentlech politesch positionéiere géif.

Extrait Max Leners
Background am Gespréich

Logement

Wat den Accès zum Logement ugeet géifen d'Gemengen duerch laang Prozedure gebremst ginn, sou déi d'Elisabeth Margue an de Claude Schommer, déi an hire jeeweilege Gemenge mat hire Parteien an der Verantwortung sinn. D'Virkafsrecht fir Gemenge misst onbedéngt verbessert ginn, sou d'Elisabeth Margue. An der Stad Lëtzebuerg géif och un enger Spekulatiounstaxe geschafft ginn.

Extrait Elisabeth Margue

Net eens ware sech déi 3 och iwwer d'From ob den neie Pacte Logement 2.0 eng Léisung ass. De LSAP-Politiker Max Leners hält den Programm fir iwwerlieft. E grousse Problem wier, dass den 2.0 nach ëmmer net definéiere géing, wat een „Logement à coût modéré“ ass. Déi, déi sech et leeschte kënnen, kéimen net a Fro an déi, déi a Fro kommen, kéinten et sech net leeschten, sou d'Elisabeth Margue. Donieft géing de Gemengen oft den technesche Know-How feelen. Dofir géingen d'Gemengen elo eng Hëllef un d'Säit gestallt kréien, a Form vun engem Conseiller au Logement, erkläert den DP-Gemengeconseiller Claude Schommer.

Steiergerechtegkeet

Am Debat iwwer d'Steiergerechtegkeet ware sech déi jonk eens, dass et net kéint sinn, dass duerch Stock Options déi breet Schëllere quasi genee sou vill Stéieren op hir Millioune musse bezuelen, wéi Bierger mat Duerchschnëttssalairen. An dass duerch an déi sougenannten „Fonds d'investissements spécalisés“ op vill Besetz a grouss Fortunë carrement keng Steiere offalen.

Dass an de leschten 2 Joer nach ëmmer näischt a puncto FISen geschitt wär, obwuel et am Koalitiounsaccord géing stoen, fënnt de Max Lener inacceptabel. Doriwwer hätt hien och scho mat senge LSAP-Parteikolleege  an Regierungsresponsabele geschwat, mä gedoen hätt sech effektiv näischt. Dat wollt den DP-Schäffe Claude Schommer net esou stoe loossen.

Extrait Claude Schommer

Wann een iwwer Steiergerechtegkeet wéilt schwätzen, da misst een och iwwer déi Saachen diskutéieren, déi schonn ëmgesat goufen. Zum Beispill déi sozial-selektiv Steierreform vun 2017, d'Subvention Loyer etc. Mä natierlech géing et net duergoen. Besonnesch déi sozial Selektivitéit hätt kënne méi gepuscht ginn, fënnt d'Elisabeth Margue. Gratis Schoulbicher, gratis ëffentlechen Transport an Elektro-Primmen: do wär keng sozial Selektivitéit dran, fënnt d'Stater Gemengeconseillère an dat an enger Zäit, wou den Aarmutsrisiko ëmmer méi grouss gëtt.

Den DP-Schäffe vu Munneref Claude Schommer, sou wéi d'CSV-Gemengeconseillère Elisabeth Margue, hu sech allebéid awer géint eng Ierfschaftssteier ausgeschwat, well een duerch dës och géing riskéieren, Leit ze bestrofen, déi een u sech net bestrofe wéilt, erkläert d'Elisabeth Margue.

Klimapolitik

Klimapolitik misst och wéidoen, sou de Konsens an der Ronn. Primme wiere gutt, ma deen, dee verknascht, misst och bezuelen, sou d'Elisabeth Margue. Eng richteg Klimapolitik hätt en ekonomeschen Impakt, dierft awer dofir net gebremst ginn, well se op där anerer Säit och Diere géif opmaachen: Lëtzebuerg sollt zum Beispill nei Nischen an der Kreeslafwirtschaft schafen.

D'Klimakrise wär duerch de Corona an de Schied geréckelt ginn, mä et kéint ee sech et net leeschten, se z'ignoréieren an näischt ze maachen, sou den Claude Schommer. Wichteg wär fir den DP-Schäffen, dass keng Verbuetspolitik soll gemaach ginn, mä eng nohalteg Politik mat de Leit.

Et misst ee konsequent sinn,  och wann et ongemittlech ka ginn, wann ee Fuerderunge stellt, da misst ee se stellen, sou de Max Leners. Klima-Politik ouni Sozial-Politik kéint een awer net maachen, soss géing et een Opstand ginn.

Background am Gespréich vum 3. Oktober 2020
E Samschdeg sinn d'Elisabeth Margue, de Max Leners an de Claude Schommer eis Invitéë vun der Emissioun "Background am Gespréich".

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.