Weder an der Corona-Kris nach beim Wuesstem soll ee mat Angscht spillen
De François Bausch schwätzt sech och fir eng méi staark Kapitalbesteierung aus.
De grénge Vizepremier huet am Background en neie Verkéierskonzept mat neien Infrastrukture bis d’Joer 2035 ugekënnegt an huet sech fir eng méi staark Besteierung vu Kapital staark gemaach. Donieft sot hien, et soll een net mat Angscht schaffen, souwuel an der Wuesstemsdebatt ewéi och an der Corona-Pandemie. Hie kéint d’Suergen iwwert de Wuesstem vun der Populatioun verstoen, mä et géing drëm goen, d’Wunnen, d’Schaffen an d’Mobilitéit intelligent ze plangen. D’Regierung géing sech a Punkto Logement nei Instrumenter ginn, mee och a Punkto Landesplanung wier een neit Konzept an der Maach a géing Enn vum nächste Joer presentéiert ginn.
Och an der Corona-Kris soll een net mat Zuelen Angscht maachen, mä et soll ee kloer de Message vermëttelen, datt et sech beim Coronavirus ëm e geféierleche Virus handelt an ee sech dowéinst u Reegele misst halen. Déi Gréng droen déi aktuell Corona-Mesurë mat. „Mir sinn eng Regierungsekipp“, sou de François Bausch. Senger Meenung no misst et awer och erlaabt sinn, Feeler ze maachen a se ze korrigéieren. D’Zil wier et, en Equiliber ze fannen.
Op d’Fro, ob déi Gréng kéinten acceptéieren, datt trotz Restriktioune Shopping erlaabt ass a souguer duerch de „Black Friday“ gefërdert gëtt, sot de François Bausch, wieren déi Gréng - am Géigesaz zu deem wat hinnen dacks ënnerstallt gëtt – net eng Partei, déi mengt, et misst ee permanent de Leit alles virschreiwen. Trotzdeem wier hie perséinlech net begeeschtert vu „Black Friday“ oder „Geiz ist geil“. Et misst ee sech d’Fro stellen ob dee Konsum ee géing méi glécklech maachen.
D‘Finanzéierung vum Staat a vun de Payen baséiert op permanente Wuesstem a gläichzäiteg huet de Grand-Duché dee gréissten ekologesche Foussofdrock op der Welt. De Lëtzebuerger Modell wier net nohalteg, dat wier evident, huet de grénge Minister zouginn. Dofir misst een op Secteure setzen, déi wirtschaftlech eppes bréngen, mä net esou aarbechtsintensiv sinn, wéi zum Beispill den ICT-Secteur (Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien).
Wat d’Finanzéierung vum Staat ugeet a vun de Pensiounen, do misst ee kucken, wéi een nei Besteierungsmechanisme kéint asetzen. Et kéim een net laascht eng Verdeelungsgerechtegkeet. D’Besteierung vum Kapital wier erëm en Thema ginn. De François Bausch huet op d’USA verwisen, wou d’Haapt-Erausfuerderung déi wäert sinn, d’Ongläichheeten ze reduzéieren. An de 50er a 60er Jore wieren d’Spëtzesteiersätz vill méi héisch wéi haut, sou nach de grénge Vizepremier.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.