E Bau-Biolog, e Fuerscher an den Direkter vun der Santé waren eis Invitéeën e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

Wéi een Afloss huet d'Ëmwelt op eis Gesondheet a wéi eng Facteuren droen zu engem schwéiere Krankheetsverlaf vu Covid-19 bäi? Dat waren e Samschdeg de Mëtteg ënnert anerem d'Themen an eiser Emissioun Background am Gespréich mat den Invitéen Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, dem Baubiolog Ralph Baden an dem Ernährungsfuerscher vum LIH (Luxembourg Insitute of Health) Torsten Bohn.

Background mam Ralph Baden, Torsten Bohn, Jean-Claude Schmit

Gëtt et eng Korrelatioun tëscht Vitamin-D a schwéiere Covid-19-Fäll?

Wann d’Datelag iwwert den Afloss vu Vitamin-D-Mangel sech confirméiere géif, kéint ee sech och zu Lëtzebuerg virstellen, gratis Vitamin-D ze verdeelen, sot den Direkter vun der Santé Dr Jean-Claude Schmit. Nodeems Vitamin-D-Mangel rezent ëmmer nees an de Medie mat engem schwéiere Verlaf vu Covid-19 an d'Spill bruecht gouf, hat Groussbritannien decidéiert, op dee Wee ze goen. 2,5 Millioune vulnerabel Leit sollen do iwwert de Wanter gratis Vitamin-D kréien, am Kampf géint de Coronavirus. Dem Santésdirekter no wieren d’Donnéeën den Ament awer nach net conclusiv.

Op alle Fall géingen et awer plausibel Erklärunge ginn, firwat e Manktem u Vitamin-D schlecht wär: ebe well e wichteg wär fir d'Immunsystem oder well e kéint hëllefen, fir d'Zell-Rezeptore virum Andrénge vu Viren ze schützen, erkläert de Fuerscher Torsten Bohn. Awer et misst ee virsiichteg sinn. Et wär ganz warscheinlech, dass et Leit, deenen et u Vitamin-D feelt, och un anere Spuerenelementer, Vitamin-A, -E oder -C, also un essentiellen Närstoffer feelt. Do misst ee vläicht driwwer nodenken, ob et net besser wier, ze „fortifizéieren“ amplaz ze „supplementéieren“. Well Ernährungs-Supplemente géinge souwisou scho meeschtens vu Leit geholl ginn, déi e grousst Bewosstsinn fir Gesondheet hätten. An den USA gëtt zum Beispill Eisen iwwer Cornflakes „fortifizéiert“, well een esou am Duerchschnëtt méi Leit géing erreechen.

Gëtt et eng Korrelatioun tëscht staarker Pollutioun a schwéiere Covid-19-Fäll?

Et gëtt eng Rei vun Hiweiser, dass d'Pollutioun vun der Loft, besonnesch am Bezuch op d'Longen, e Co-Facteur kéint dofir sinn, dass a Stied wéi Wuhan, an Nord-Italien, d'Île de Paris oder ronderëm Antwerpen a Madrid de Coronavirus däitlech méi schlëmm Konsequenzen hat wéi op anere Plazen. Mee natierlech bräicht et nach Recul a méi extensiv Etüden, fir dat mat Sécherheet ze soen, sou de Baubiolog Ralph Baden.

Ma net just extern Ëmweltfacteuren, ma och zum Beispill krankhaft Iwwergewiicht kéint aktuell mat schwéiere Verleef vu Covid-19 associéiert ginn, präziséiert den Torsten Bohn. Do géingen also och Ernährungsmuster eng grouss Roll spillen, ganz besonnesch déi déi mat  Entzündungsprozesser zesummen hänken, sou de Fuerscher vum LIH.

Natierlech géingen den Ament eng ganz Réi Etüde gemaach ginn, ma eng Korrelatioun wär keen direkten Zesummenhang. Et wier eréischt d'Zomm vun den Etüden, déi et erlaabt, ze soen, ob et do reell een Zesummenhang gëtt oder net, erkläert den Dokter Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

Wéi gëtt "Gesondheet" iwwerhaapt definéiert?

Enger Studie vun der Weltgesondheetsorganisatioun vun 2012 no léisst sech d'Gesondheet a verschidden Aspekter opdeelen. 15% no genetesche Facteuren, also Pre-Dispositiounen, déi een huet. Zu 25% spillt de Gesondheetssystem vum Land wou ee wunnt mat. 10% Ëmweltfacteuren wéi d'Qualitéit vun der Loft, vum Waasser a vum Buedem. A 50 Prozent sozio-ekonomesch Facteuren wéi d'Aarbecht, de Mode de vie, d'Ernärung an d'Wunnen. Also et wär enorm vill Potential do, fir Afloss ze huelen, erkläert de Baubiolog Ralph Baden.

Ëmwelt-Aflëss hunn e groussen Effet op d'Gesondheet

Och Zwillingsstudien, also wou een eeneeëg Zwillingen hëlt, déi op verschiddene Plaze grouss ginn, géinge weisen, dass d'Genetik relativ mann Afloss op d'Gesondheet huet, sou de Fuerscher Torsten Bohn.

Extrait Torsten Bohn

Ganz wichteg wären awer wéi gesot déi Aflëss vun der Ëmwelt wéi proppert Waasser, propper Loft, Gréngzonen, Verschmotzung duerch Liicht a Kaméidi, déi een Afloss op de Schlof hätten, awer och Facteuren, déi all Eenzele selwer kéint beaflosse wéi genuch Beweegung, gesond Ernärung an net fëmmen.

Deem stëmmt den Direkter vun der Santé zou, gëtt awer och ze bedenken, dass eventuell schlecht genetesch Pre-Dispositioune kënnen ajustéiert ginn, zum Beispill wann ee fir ze héije Bluttdrock oder Cholesterol pre-disposéiert ass, dogéint kéint een jo eppes maachen.

Lëtzebuerger hunn schlecht Ernärungsgewunnechten

Den Torsten Bohn a seng Ekippe vum LIH sinn derbäi, eng Etüd fäerdeg ze stellen iwwer d'Ernärungsgewunnechte vun de Lëtzebuerger a wéi sech dës tëscht 2006 an 2016 verännert hunn. D'Resultater wären net gutt, gëtt de Fuerscher zou. Méi Fetter, méi Alkohol, méi Zocker, méi geséisst Gedrénks, manner Geméis a Friichten, manner Ballaststoffer. An doduerch hätten zu Lëtzebuerg 35% vun de Léit ze héije Bluttdrock, 2/3 vun de Leit hätte schlecht Bluttfetter a 5% Typ II Diabetis.

Extrait Jean-Claude Schmit

Dës Etüde wiere wichteg an et wär een definitiv net zefridde mam Resultat, erkläert den Direkter vun der Santé. D'Politik wier sech dem Problem awer bewosst. Dofir wär och am Regierungsprogramm op Preventioun gesat ginn. Eng Réi Pläng sollen ëmgesat ginn, ënner anerem fir méi Beweegung ze promouvéieren, mee och dat ass duerch d'Pandemie no hanne verréckelt ginn.

Nahrungsergänzungsmëttel: Essentiell oder onnéideg?

Den Direkter vun der Santé plädéiert op alle Fall virop, dass eng gesond Ernärung nach ëmmer den A&O ass. Et misst ee sech d'Méi ginn, ofwiesslungsräich z'iessen, fir keng Mangelerscheinungen ze kréien.

D'Ergänzungsmëttel géingen effektiv kommerzialiséiert ginn ënnert engem europäesche legislative Kader, wou een als nationale Gesondheetsministère natierlech keen Afloss drop hätt. Op alle Fall wär den Hausdokter déi richteg Ulafstell, fir richteg beroden ze ginn.

Ëmwelt-Medezin: Wou si mer legislativ drun?

Definitioun vun der Ëmwelt-Medezin wär ganz vaste. Vill Facteure wären schonn ugeschwat ginn an déi kéinte sech och vun engem Service (der  Ëmwelt-Ambulanz n.d.l.r)  moosse loossen, wann een Doutten hätt, sou den Direkter vun der Santé. D'Ëmweltspidol wär natierlech den nächste Schratt, dat sollt bis Enn dës Joers als Annexe vum Chem op Nidderkuer kommen, mee duerch d'Pandemie an och duerch e Wiessel vum Generaldirekter vum Chem kritt dat elo Retard, sou de Jean-Claude Schmit.

Aktuell ass d'Ëmweltmedezin nach net als Spezialisatioun unerkannt an et ginn nach keng speziell Tariffer, fir dës medezinesch Akten ze verrechnen. Dat wär awer kee Problem fir unzefänken mat schaffen, erkläert den Direkter vun der Santé. Och d'Infektiologie wär nach net unerkannt, mee dat géing net heeschen, dass keng Infektiounskrankheeten zu Lëtzebuerg géinge behandelt ginn. Et wär dann natierlech awer eng Fro vun Remboursementer, wann ee méi laang behandelt gëtt, wéi dat an enger normaler Consultatioun virgesinn ass. Do stéinge Verhandlunge mat der CNS virun der Dier, sou den Direkter vun der Santé.

Fir d'Ëmweltmedezin ze reglementariséieren brauch et Zäit an dat ass och gutt esou, fënnt och de Baubiolog Ralph Baden. Et bräicht nämlech Recul an och e bëssi Sécherheet ier ee Saachen definitiv festleet. Duerno wär et nämlech schwéier, réckgängeg ze maachen. D'Ëmwelt-Klinik wär also eppes wéi e Fuerschungsprojet um Terrain.

"Mir brauchen een Ëmdenken"

„Mir brauchen een Ëmdenken an eisem Gesondheetssystem“, seet och de Santésdirekter Jean-Claude Schmit. Dat géing natierlech net vun engem Dag op deen Anere goen an et misst een och d'Leit mat op de Wee huelen an d'Bewosstsinn dofir wär do. Et misst méi preventiv geschafft ginn an der Medezin, dat wär ëmmer méi wichteg. D'Fro wär wéi een et konkret misst ëmsetzen. Op alle Fall misst dat inter-ministeriell geschéien. Ernährung opwäerte läit beim Landwirtschaftsministère, Fitness op der Aarbecht gehéiert zum Aarbechtsministère, Pollutioun reduzéiere läit beim Environnement, a puncto Autoe beim Energieministère.

D'Gesondheetspolitik kéint dofir net méi bei engem Verantwortleche leien, fënnt de Biolog Ralph Baden.

Extrait Ralph Baden

D'Formatioun vun den Dokteren an anere Gesondheetsberuffer a Richtung Preventioun an aneren oder neien Theme wéi zum Beispill Ëmwelt, déi ginn aktuell net genuch enseignéiert  an do misst een och usetzen, sou de Jean-Claude Schmit.

Corona-Pandemie war e Paradigmewiessel
 
D'Coronakrise wär d'Zäit vun de Paradigmewiesselen an dem Kontext  gewiescht, fënnt de Baubiolog Ralph Baden. Éischtens hätt een nom principe de précaution gehandelt, zweetens hätt ee Récksiicht op vulnerabel Gruppe geholl an drëttens hätt een d'Gesondheet virun d'Ekonomie gestallt. Hie géing sech wënschen, dass dat Ëmdenken och géing an der Kosmetik, der Ernärung an dem Bau applizéiert ginn, sou de Ralph Baden.

Fir den Torsten Bohn misst een awer och schonn an der Schoul ufänken, fir „gesond liewen“ z'enseignéieren an ze promouvéieren. Gesond Liewensmëttel missten och méi bëlleg ginn.

De Resumé vum Background am Gespréich
E Bau-Biolog, e Fuerscher an den Direkter vun der Santé waren eis Invitéeën e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.