D'Fraktiounscheffin vun der CSV war e Samschdeg eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.

D'Mesuren, déi d'Regierung geholl hätt, hätten näischt bruecht bis elo a géifen also och an Zukunft näischt bréngen. D'Oppositiounspartei fuerdert dowéinst méi streng Reegelen am Commerce, am ëffentlechen Transport an an der Schoul an nach méi eng streng Maskeflicht. Och misst d'Schoul an d'Gesetz ageschriwwe ginn. Op d'Partei och e Lockdown an der Chamber géif matstëmmen, dat wollt d'Martine Hansen net soen.

D'Covid-Gesetz, wat elo verlängert soll ginn, wier all Zäit awer net kloer genuch, net koherent an net streng genuch. Dobäi wieren d'Zuele wierklech schlecht. D'CSV ass  konkret derfir, datt  keng verkafsoppe Sonndeger méi virun an no de Feierdeeg dierften erlaabt ginn, och net fir d'Solden am Januar. Soss géif een e falscht Signal ginn. Donieft huet d'Martine Hansen d'Fuerderung no enger allgemenger Maskeflicht an de Groussgaasse widderholl. D'Regierung géif hir Verantwortung net iwwerhuelen, ma se op d'Leit drécken.

D'Martine Hansen bedauert och, datt d'Blo-Rout-Gréng net schonn éischter reagéiert huet. Wa mer am September méi streng gewiescht wieren, wier een haut vläicht an enger Situatioun, datt d'Leit Chrëschtdag kéinten anescht feieren. Mat den Zuelen, déi mer hunn, kéint ee lo zwar net méi opmaachen. Ma d'Oppositiounspartei bleift awer derbäi, datt net nëmmen zwee Leit, mä ee ganze Stot soll kënnen bei Anerer op Besuch goen.

D'Zesummenaarbecht tëscht Regierung an Oppositioun wier den Ament schlecht. Et géif ee quasi net gefrot a Propositiounen a Motiounen, déi vun der Oppositioun kommen, géifen einfach ofgeschmettert ginn.

Am Covid-Gesetz stéingen awer Dommheeten dran, Feeler, ma déi wieren mol net verbessert ginn. Heiansdo hunn ech d'Gefill, et wier et vläicht besser, mir géifen dat froen, wat mer net wéilten hunn a géifen dat kréien, wat mer wéilten, mä sou ka Politik jo awer net funktionéieren, sou d'CSV-Fraktiounscheffin, déi sech och méi wëssenschaftlech Donnéeë wënsche géifen, fir Decisiounen kënnen nozevollzéien.

D'CSV misst dacks kämpfen, fir Informatioune vun der Regierung ze kréien, ma hätt vun Ufank wëlle konstruktiv matschaffen.

Et hätt ee ganzer 30 Motiounen am Kontext vum Covid deposéiert. Et wier just bal keng ugeholl ginn. Wat extrem traureg wier.

"Ech sinn een Teammënsch"

Datt de Claude Wiseler déi lescht Méint als Covid-Spriecher vun der CSV opgetrueden ass a si domadder vläicht e bësschen an de Schied gestallt huet, fënnt d'Martine Hansen net schlëmm. Hire Virgänger wier nu mol Member an der Santéskommissioun a si net, och wa se ëmmer géif dohinner goen. Als Teammënsch wier dann awer un deem Richtegen dat ze maachen. De Claude Wiseler géif dat och ganz gutt maachen. Als Fraktiounschef misst een och net alles maachen. D'Positioun géif souwisou an der Fraktioun zesummen diskutéiert an ofgestëmmt ginn.

"Mir hu kee Bild vun enger Equipe ofginn"

Déi schlecht Resultater vun der Chrëschtlechsozialer Vollekspartei  am Politmonitor an der leschter Sonndesfro, wou d'CSV op historesch wéineg 17 Sëtz an der Chamber just nach kënnt, erkläert d'Martine Hansen och deels duerch Eegeverantwortung. Et hätt ee kee Bild vun enger Equipe, vun engem Team ginn. Dorunner misst ee schaffen. Ma d'Oppositioun hätt et a Krisenzäiten och méi schwéier. Virun allem misst een elo d'Äerm eropstrëppen an dat wat ee leescht nach besser verkafen. Am Summer hätt een der Press mat den Iwwerleeungen vum Parteipresident Frank Engel a Punkto Ierschaftssteier an direkter Linn an Verméigenssteier e Kaddo gemaach. Déi Kaddoe sollt ee sech an Zukunft spueren, sou d'Martine Hansen. Iwwerleeunge sollte fir d'éischt intern diskutéiert ginn, ier se public gemaach ginn. A wann et misst sinn, da géif ofgestëmmt ginn an déi Positioun, déi d'Majoritéit vertrëtt, géif no bausse gedroen. An dee Wee sollt een och fir d'Zukunft bäibehalen.

"De Parteipresident muss rassembléieren"

Datt sech um nächste Kongress vun der CSV e Géigekandidat géint de Frank Engel presentéiert, fir den nächste Parteipresident ze ginn, dat kéint een net ausschléissen, sou eis Invitée. "Wann zwee Kandidaten do sinn, da gëtt tëscht zwee Kandidaten entscheet. Wann nëmmen ee Kandidat do ass, dann ass et dee Kandidat". Op alle Fall misst deen nächste President rassembléieren, op d'Leit lauschteren an da mat der Fraktioun zesummen d'Partei an déi richteg Richtung leeden.

En Datum fir de Kongress gëtt et bis elo nach net. Den Ament wier nach net kloer, ob deen digital oder physesch organiséiert ka ginn.

Team amplaz nationale Spëtzekandidat?

Ob si als Fraktiounscheffin déi nächst Spëtzekandidatin gëtt fir d'CSV an d'Walen ze féieren, dozou wollt d'Martine Hansen zu dësem Ament nach näischt soen. Et kéint ee sech awer d'Fro stellen, ob ee wierklech ee Spëtzekandidat brauch oder ob en net kéint och als Team untrieden. Dat wier net un hir fir ze decidéieren, mä firwat net mol nei Weeër goen, sou d'Martine Hansen.

D'CSJ huet der Mammepartei an der Vergaangenheet reprochéiert, deene Jonken net genuch Plaz ze ginn. Et wier an der Oppositioun definitiv méi schwéier fir sech z'erneieren, sot d'Martine Hansen.

Datt d'Deputéiert, déi an d'Chamber gewielt goufen, hiert Mandat och ausüben, wier jidderengem säi gutt Recht. Duerfir misst ee sech awer reegelméisseg mat der CSJ austauschen an hir Meenung lauschteren.

"CSV als Partei vun der Mëtt"

Programmatesch hätt d'CSV Verschiddenes wëlles gehat, mä géif elo awer och duerch de Covid gejot. Am Ufank hätt een d'Famill als Haaptsujet gehat, dat hätt een nach kënnen ausdiskutéieren. Ma e Santéspackage, deen een u sech fäerdeg gehat hätt, wier duerch de Covid no hanne gedréckt ginn.

D'Fraktiounspresident gesäit d'CSV als "Partei vun der Mëtt", an där dat Soziaalt bei all Decisioun misst berücksichtegt ginn. Als Vollekspartei misst een d'Leit, ma och d'Betriber vertrieden, déi elo an der Kris besonnesch och vill gelidden hunn.

"Et hätt virdrun missen en Apel fir den Duuscht ugeluecht ginn"

Datt de Staatsbudget vun dësem Joer mat engem Defizit ofschneit, wier no enger Kris normal, dat fënnt och d'CSV. Et huet missen de Betriber an de Leit gehollef ginn. Dat kascht eppes, mä dat misst gemaach ginn, sou d'Oppositiounsleaderin. D'Regierung hätt et awer verpasst, virdrun en Apel fir den Duuscht op d'Säit ze leeën. Elo kéint een net maachen, ma wat am Budget awer feele géif, wieren d'Perspektiven, Pisten wéi a wéini Lëtzebuerg mat der Staatsschold eroffuere kann.

D'Thema Ierfschaftssteier ass bei der CSV jo den Ament emol vum Dësch, duerfir wëll d'Partei awer a Richtung Taxatioun op Spekulatiounen ze goen. Dat wat elo am Budget fir de Logement virgesinn ass, géif de Problem sécher net léisen. Wichteg elo wier Kafkraaft erhalen an de Betriber an engems Planungssécherheet ze ginn.

Background am Gespréich: Martine Hansen

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.