An der Emissioun "Background am Gespréich" goung et e Samschdeg ëm d'Roll vun de Medie wärend der Corona-Pandemie.

D’Lëtzebuerger Autoritéiten hu Krämpes, fir Donnéeën ze sammelen an domadder ëmzegoen oder de Medien an dem Public Informatiounen ze liwweren. Sou kann een de Constat vun den Invitéen am Background hei op RTL resuméieren.

D’Ines Kurschat, Journalistin bei der Wochenzeitung d’Land a Presidentin vun der Journalistenassociatioun ALJP sot et wier zanter Ufank vun der Coronakris ganz schwiereg gewiescht, fir Analysen ze maachen, well et hei am Land eng "erschreckend schlecht" Informatiounskultur géing ginn. A souguer deels an dëser Regierung méi schlecht wéi an där virdru, fënnt d'Ines Kurschat.
De Generaldirekter vun Editpress a President vum Presserot deelt d'Aschätzung, dass et e Manktem u Professionalismus gëtt, wat d'Kommunikatioun vun der Regierung ugeet. D’Medie wieren an der Coronakris ofhängeg vun Donnéeë vun den Administratiounen, mee et hätt een der net vill kritt. Op Communiquéë mat engem Resumé vun den Donnéeën, déi op Pressekonferenze genannt ginn, géing ee bis haut waarden, sou de Jean-Lou Siweck. Et wier och net besser ginn mat der Zäit. Den Ament wär een an der selwechter Situatioun, wat d'Vaccinen ugeet. Et hätt een bis haut nach kee Stéck Pabeier gesinn, wou géing dropstoen, wéi vill Vaccine genee geliwwert goufen. Heiansdo wär och net kloer, ob een Donnéeën net kéint ginn oder einfach net wéilt ginn, sou den Direkter vun Editpress.
 

Kontroll iwwer d'Informatioun

E Phänomen, dat ee besonnesch an der Pandemie verstäerkt gesinn hätt, wier d'Tendenz vun den Politiker (oder aner Leit, déi wëlle kommunizéieren) fir iwwer aner Medien, spréch sozial Netzwierker, Informatiounen un de Grand Public erauszeginn, ouni iwwer den Journalist ze fueren, deen als Mëttelsmann, eigentlech just e Mëttel zum Zweck wär. De  Journalist géing jo schliisslech nach Froe stellen a sech all méiglech Fräiheeten eraushuelen an dat géing grondsätzlech nerven, erkläert de Jean-Lou Siweck.

Hannergrond wier, dass een eng gewësse Kontroll iwwer d'Informatioune wéilt halen. Et wär eigentlech een Grond-Konflikt an net sou wéi d'Leit dobaussen dacks géinge mengen, nämlech dass d'Relatioun tëscht Medien an d'Politiker sou gentil an kordial wier.
Den Historiker Gilles Genot erkläert donieft, dass et géing drëm goen, fir an engem gewëssen Moos déi ëffentlech Meenung ze stéieren.

Eege Feeler opschaffen

Et goufe Feeler gemaach an déi gehéieren zum Geschäft dozou, mee et wier ganz essentiell, déi Feeler opzeschaffen, fir dass d'Vertrauen an d'Medien net verluer geet, erkläert de Gilles Genot. Wann dat net geschitt, géing Mësstrauen an déi traditionell Medien entstoen an dat géing sech dann och steigeren, wéi een aktuell kéint gesinn.

Och sproochlech On-Genauegkeete missten adresséiert ginn, fënnt d'Ines Kurschat. Zum Beispill hätt ënner anerem och hei op RTL gestanen "47 Fäll vun der brittescher Variant hei zu Lëtzebuerg", do wär et dann awer besser ze präziséieren, dass ee vun „detektéierte Fäll“ géing schwätzen, erkläert d'Presidentin vun der ALJP. De Journaliste géing et heiansdo och un der néideger Statistik-Kompetenz feelen, och dat géing een mierken.

Spannungsverhältnis Medien a Wëssenschaft

Als Medien hätt een gewëssen Verantwortung, besonnesch a Krisenzäiten. An der Covid-Kris wier awer natierlech vill anescht gewiescht. All Mënsch war concernéiert – och hei am Grand-Duché – an dat war nei, erkläert de Jean-Lou Siweck. D'Leit hate konkret Froen an hätten och gäre konkret Äntwerte gehat, weder d'Medien, nach d'Wëssenschaftler konnten déi awer liwweren.

Dacks hätt et och Onverständnis ginn, wa Wëssenschaftler widderspréchlech Aussoe gemaach hunn. Ee kriteschen Debat ass an dem Feld awer ganz normal. Elo hätt een awer och de Leit missen erklären, wat eng wëssenschaftlech Method ass a wéi déi fonctionéiert. D'Iddi, dass mer relativ wéineg wëssen a mat enger Onsécherheet weider liewe mussen, dat hätt ee misse medial eriwwer bréngen. An zwar an enger kuerzer Form. Dat war an ass nach ëmmer e groussen Defi, sou den Generaldirekter vun Editpress.

Et géing hei am Land einfach och un Wëssenschaftsredaktiounen, also Fachredaktioune feelen, erkläert d'Ines Kurschat. Eng aner Kritik, déi der Journalistin um Mo läit, ass dass een hei am Land quasi eng „embedded Wëssenschaft" huet. Déi meescht Wëssenschaftler wären entweder direkt an der Taskforce vun der Regierung oder krute gesot si dierften net oppen schwätzen. Donieft wär et och ëmmer ëm Milliounen Euro gaangen. An dat ass e Problem, well da wär och d'Geschier vum Journalist um Enn.

Fake News a Veschwörungstheorien

Eng Kritik déi dacks un d'Medie geriicht gëtt, ass, dass ee Leit, déi "anescht" denken, keng Plattform géing ginn. D'Medie wären awer och net do, de Leit Plattformen ze ginn, fënnt de Jean-Lou Siweck. Et misst ee probéieren, Wierklechkeeten ze refletéieren. A wann et an enger Gesellschaft Leit ginn, déi mat den offiziellen Informatiounen näischt kënnen ufänken, da wär dat een interessante Phänomen, mat deem ee sech och soll beschäftegen, awer net ouni och de Lieser oder Nolauschterer an de richtegen Kontext ze setzen an ze soen, wat faktesch dovun ze halen ass, sou de President vum Presserot.

Et géinge vill Grënn ginn, firwat Verschwörungstheorien entstinn, mee de Kontext wär meeschtens eng Krisesituatioun, erkläert de Curateur am Lëtzebuerger City Museum Gilles Genot, deen aktuell och un enger Expo zum Sujet schafft. D'Leit géingen a Krisen no Äntwerte sichen an do misst een usetzen fir ze verstoen, firwat sech esou eng Konspiratioun entwéckelt. Bei Covid wär et ganz kloer, dass d'Leit gären Äntwerten hätten. D'Wëssenschaft hätt keng oder se wären ze komplizéiert an da géing een anerwäerts kucke goen.

D'Roll vun de sozialen Netzwierker

Wat an dëser Coronakris, besonnesch an dësem Zäitalter, awer nach eemol ganz extra wär, ass dass d'Multiplikatioun vun dëse Konspiratiounstheorien iwwer Plattforme wéi Facebook an Twitter geschéien oder souguer iwwer nei Plattforme wéi Clubhouse, déi sech carrement zoumaachen no baussen,  wou och Journaliste keen Zougang hunn, erkläert d'Presidentin vun der Journalistenassociatioun. An do géing sech dat da multiplizéieren, ouni dass een eppes dovu matkritt. Doduerch géing och d'Opklärungsaarbecht gebremst oder souguer onméiglech ginn. Desinformatioun op dësen neie Medie wär e grousse Problem, iwwer deen am Grand-Duché och iwwerhaapt net géing geschwat ginn. D'Regulatioun vu Facebook a Company wär awer e wichtege Sujet, besonnesch well se mat verschiddenen Instrumenter, och via Annoncen, enorm vill Potential hätten, fir Leit ze beaflossen, erkläert d'Ines Kurschat.

Fir dem Problem entgéint ze wierken, misst och schonn an de Schoulen eng kritesch Mediekompetenz enseignéiert ginn, fënnt den Historiker Gilles Genot. Jugendlecher an och Erwuessener misste verstoe léieren, firwat si verschidden Informatiounen iwwerhaapt ugewise kréien an anerer net. Och Phenomener wéi zum Beispill vun den „Social bots“, déi massenhaft Meenunge beaflossen, géingen net genuch erkläert ginn.

Background vum 6. Februar: Roll vu Medie wärend Corona

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an am RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.