"Méi oppe sinn" fir Homosexualitéit a Fraen an der Kierch
Invité an der Emissioun "Background am Gespréich" e Samschdeg war de Kardinol an Äerzbëschof.
D'Kierch dierf net diskriminéieren, weder vis-à-vis vum Rôle vun de Fraen an hirer Institutioun, nach vun homosexuelle Mënschen an hirer Communautéit. An d'Kierch wier och am gaange sech an dem Sënn ze veränneren, a sech der Gesellschaft vun haut unzepassen, esou de Kardinol Jean-Claude Hollerich. Hie war um Samschdeg de Mëtteg Invité an der Emissioun Background.
"Méi oppe sinn" fir Homosexualitéit a Fraen an der Kierch
Zum Thema Homosexualitéit an der Kierch huet hien erkläert, dass wa Mënschen homosexuell sinn, hie géif dovun ausgoen, dass den Härgott si och esou geschaaft hätt. Dofir weist hie sech och oppen, fir doriwwer ze diskutéieren, wéi ee si besser an d'Kierch kéint integréieren. D'kathoulesch Léier géing op Humanwëssenschafte baséieren, déi haut komplett iwwerholl wieren. Dofir ka sech de Kardinol allgemeng eng grouss Weiderentwécklung an der Positioun vun der kathoulescher Kierch virstellen.
Och fir eventuell weiblech Paschtéier z'akzeptéiere, respektiv weider Ämter fir Fraen opzemaachen, weist sech de Kardinol oppen. D'Gläichberechtegung wier lues a lues derbäi sech z'entwéckelen. Ma dat misst an der ganzer Kierch diskutéiert ginn, an hei dierft een net vergiessen, dass een eng Weltkierch wier, an och do misst ee kucken, zesummenzebleiwen.
An absolutten Zuele géingen ëmmer manner Leit an d'Kierch kommen. De Phänomen wär bal normal, well sech ganz vill a ganz séier duerch Digitalisatioun alles géing veränneren, an eng Institutioun wéi d'Kierch hätt et net liicht, fir sech séier unzepassen. Dat bräicht Zäit. De post-moderne Mënsch géing manner ugeschwat gi vu rigide Strukturen an der Kierch, mä de Glawe wier net um Stierwen, au Contraire.
D'Kierch muss reforméiert ginn
Allgemeng missten d'Strukture vun der Kierch reforméiert ginn, esou nach de Jean-Claude Hollerich, an dofir sollen all déi Gleeweg mat agebonne ginn. De Poopst huet an dem Kontext eng weltwäit Synod lancéiert, déi 2 Joer soll daueren, fir erauszefannen, wéi d'Leit sech d'Kierch vun der Zukunft virstellen. Et misst ee mat Empathie nolauschteren a verstoen, firwat Leit soe wat ze soen. „Dofir ass dat fir d‘Iwwerliewen vun der Kierch liewesnoutwenneg“, sou de Kardinol. Och net-Gleeweger a Leit aus anere Kierche ginn ëm hir Meenung gefrot. De Bléck vu bausse wär och immens wichteg an interessant.
Dës Synod kéint dann och dozou féieren, dass zum Beispill d'Zölibat als Konditioun fir Paschtouer ze ginn, géif ofgeschaaft ginn. Dat géif dovun ofhänken, wat d'Leit am Kader vun dësem Prozess soen. Deem wéilt de Jean-Claude Hollerich och net virgräifen, ma wier awer och oppen dofir, well een zum Beispill och an de Kierche géing gesinn, dass Priedegte vun Diakonen, déi bestuet sinn a Famill hunn, dacks méi no bei de Leit wieren.
Aner Sujeten an der Emissioun waren d'Trennung vu Kierch a Staat, de Mëssbrauch-Skandal an der kathoulescher Kierch an dem Kardinol seng Zäit a Japan (23 Joer), déi hie ganz staark gepräägt hunn.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.