E Samschdeg war d'Situatioun am Bau an am Logement Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Enn Mee solle konkret Mesuren um Dësch leien, fir d'Prozeduren am Bau méi einfach a méi séier ze maachen. Ee Mount nom Logementsdësch schaffen Aarbechtsgruppen op Héichtoure fir Propositiounen op den Dësch ze leeën, ewéi d'Prozeduren am Bau méi séier a méi einfach gemaach kënne ginn. Duerno muss d'Regierung – eventuell mat der Chamber a mat de Gemengen decidéieren, ewéi eng Propositiounen ëmgesat ginn. Véier Persounen, déi um Logementsdësch an an den Aarbechtsgruppe bedeelegt sinn, waren e Samschdeg an eiser Emissioun Background. Aus dem Gespréich huet een eraushéieren, datt no Joerzéngte laangen Diskussiounen iwwert d'"Simplification administrative" tatsächlech Neel mat Käpp solle gemaach ginn.

De Bauentrepreneur a President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen, de Roland Kuhn sot, et géing just 3 Prozedure ginn, wou keng Prozeduren nach dropgesat gi wieren an et misst een elo kucken, "ewéi kréie mir elo déi Kiischte vu deem Kuch erëm erof". De President vum Syvicol, Schäffen zu Clierf an CSV-Deputéierten Emile Eicher huet erkläert, et géingen eng ganz Rei Mesuren "duerchgespillt" ginn. "Ganz vill konkret Mesuren" géingen analyséiert ginn: ob se kënnen ëmgesat ginn a wat hir Konsequenze kéinte sinn. D'Zil wier de ganze "Pabeiertiger" mol ze reduzéieren a fir all Projet een Uspriechpartner oder Guichet unique ze determinéieren. De Syvicol-President huet d'Beispill genannt, wann eng Gemeng eng Crèche oder Maison relais wéilt bauen. Da géing de Service de la sécurité dans la Fonction Publique matschwätzen, dann d'Gewerbeinspektioun an elo wéilt nach de CGDIS matmaachen.

De Chef vun der Baufirma Poeckes a Vizepresident vun der Handwierkerkummer, de Paul Nathan, huet d'Aarbecht an de Gruppe graff esou resuméiert: "Et ass iwwergräifend". Technesch Normen, Reglementer, Gesetzer, Direktiven – alles – géing op de Leescht geholl ginn an et géing ee kucken, wat een iwwerhaapt alles bräicht, respektiv, wat ee kéint "harmoniséieren" a wat misst "prioriséiert" ginn. De Paul Nathan sot, eenzel gekuckt, géingen all d'Normen a Reegele Sënn maachen, mee iwwergräifend géing et Inkoherenze ginn. D'Architektin a Presidentin vum Ordre des architectes et ingénieurs-conseil Michelle Friederici huet erkläert, datt "Standard-Léisunge" géingen ausgeschafft ginn, zum Beispill bei der Ëmsetzung vum d'Accessibilitéitsgesetz a senge Reglementer. D'Michelle Friederici huet betount, den OAI géing dat Gesetz ganz ënnerstëtzen, mee bei engem Gebai, dat scho steet, misst een theoretesch, d'Gebai ofrappen, fir d'Reegelen ëmzesetzen.

"Allée des chauves-souris"

Eng Kär-Mesure, déi den CSV-DP Koalitiounsaccord virgesäit, ass dann de "Silence vaut accord": wann eng Verwaltung oder Gemeng net bannent engem gewëssenen Delai op eng Demande äntwert, d'Demande als autoriséiert gëllt. Den Emile Eicher no géing aktuell iwwert en Delai vu 4 Méint diskutéiert ginn, mee decidéiert wier nach näischt. Fir de Paul Nathan missten d'Verwaltunge méi séier kommunizéieren, wann en Dossier net komplett wier, well ee soss nees Méint verléiere géing. D'Michelle Friederici huet sech dofir ausgeschwat, datt no enger éischter Iwwerpréiwung vun all den Elementer aus engem kompletten Dossier, net nach bei enger zweeter Iwwerpréiwung nach eppes "erausgekroopt gëtt".

De Roland Kuhn, deen huet eng relativ absurd Situatioun erzielt. An enger Gemeng hätt seng Firma d'Stroosse fir en neit Lotissement gebaut an e Keefer fir en éischt Haus um Plang fonnt. D'Gemeng hätt awer keng Autorisatioun ginn, well de Schäfferot nach keen Numm fir déi nei Strooss decidéiert hätt. De Bauentrepreneur huet gegeckst et kéint een d'Strooss jo "Allée des chauves-souris" nennen, well hie fir de selwechte Lotissement zwee Bauterrainen "geaffert" huet, fir fir Fliedermais e Couloir ze loossen.

Eenzeler blockéieren d'Allgemengheet?

Net just esou Retarden, mee och d'Norme kaschten och eppes, esou de Roland Kuhn an de Paul Nathan. Dat selwecht gëllt fir den "Nimby-Effekt": lokale Widderstand géint nei Projeten an der Noperschaft. Den Emile Eicher sot, am meeschte Kappzerbrieches hätt een aktuell mat der "Procédure administrative non-contentieuse", wou all Bierger am Virfeld misst informéiert ginn, wann a senger Noperschaft gebaut gëtt. De Syvicol plädéiert hei, fir eng Koherenz ze schafen mam Commodo-Gesetz.

De Roland Kuhn sot sengersäits, et wier an der Rei, wann Nopere géint en neie Projet reklaméieren, mee net, wann et Leit sinn, déi emol net an der Gemeng wunnen, wou se reklaméieren. De Paul Nathan huet bedauert, datt Eenzeler zum Nodeel vun der Allgemengheet kéinten decidéieren. Hien an de Roland Kuhn waren der Meenung, datt d'Politik, déi am Interêt vun der Allgemengheet handelt, misst Decisiounen huelen. Soss géing ee riskéieren, sech selwer ze blockéieren an net méi virunzekommen.

D'Michelle Friederici sot, et misst een de Leit nolauschteren, mee dann och decidéieren.

Background am Gespréich vum 23. Mäerz

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.