An der Emissioun Background am Gespréich goung et e Samschdeg ëm de Bezierk Zentrum, virop ëm d'Theme Sécherheet a Finanzplaz.

Wat d'Problemer op der Stater Gare ugeet, esou waren sech déi sechs Politiker eens, dass eppes misst gemaach ginn.

Background am Gespréich - Walbezierk Zentrum am Fokus

Dem Frank Engel, Fokus-Spëtzekandidat no, sollt de Policeministere dem Inneministère ënnerstallt ginn. Domadder kéinten d'Sécherheetsproblemer an de Gemengen allgemeng besser bekämpft ginn. En Usaz, deen de grénge Minister François Bausch kritiséiert. Et misst séier gehandelt ginn, well et ëm eng Noutlag geet. Eng Reform vun de ministerielle Strukturen oder d'Schafe vun enger neier Gemengepolice, esou wéi d'CSV se fuerdert, géing ze laang daueren.

Als Awunner vum Garer Quartier huet den LSAP-Minister Franz Fayot ënnerstrach, dass et Drogen a Prostitutioun schonn ëmmer gouf. De Problem wier éischter, dass d'Presenz zougeholl huet, esou dass d'Leit am Quartier an hirem Alldag gestéiert ginn. Repressioun wier keng Léisung, esou de Franz Fayot. Mee wat d'Drogendelikter ugeet, wier et wichteg, dass d'Police d'Dealer stéiert.

Si séier Strofen d'Léisung?

Wann Drogenhandel awer festgestallt gëtt, misst awer och méi séier kënne sanktionéiert ginn, huet d'Yuriko Backes, DP-Ministesch, präziséiert. Déi Liberal sinn dowéinst net just fir eng Gemengepolice, mee och fir d'Comparution Immédiate, also d'Mesure fir Leit, déi festgeholl goufen, méi séier kënne viru Geriicht ze jugéieren. Esou eng Prozedur gëllt zum Beispill a Frankräich fir verschidde Strofdoten.

D'Comparution Immédiate "à la Parisienne" ass fundamental ondemokratesch, sot de Frank Engel. Et soll een net mengen, dass eng Persoun an enger Nuecht kéint festgeholl, jugéiert an an de Prisong bruecht ginn. Dowéinst wëll sech Fokus fir eng Comparution Accélérée asetzen, also dass verschidden Delikter zum Beispill bannent 14 Deeg kënne jugéiert ginn.

Dat gesäit d'CSV anescht. E Rechtsstaat ouni séier Strofe wier kee Rechtsstaat. An den edukativen Aspekt wier bei enger méi séierer Verurteelung och éischter ginn, mengt de Luc Frieden. Duerch d'Comparution Immédiate géingen d’Leit awer ze séier an ouni richteg Verdeedegung jugéiert ginn, esou den LSAP-Minister Franz Fayot. Dowéinst wier d'Opstocke vun de Geriichter éischter d'Léisung. Deem huet sech de François Bausch ugeschloss, "déi rechtsstaatlech Instrumenter déi mer hunn, musse verstäerkt ginn", esou de grénge Minister.

Et misst een d'Zil virun Aen hunn, de Leit wier et nämlech egal, ob den Déif, deen si iwwerfall huet, no engem oder 10 Deeg oder no 10 Méint eng Strof kritt. Jiddereen hätt et léiwer, guer net iwwerfall ze ginn. Doranner huet de Roy Reding vu Liberté Fräiheet dem grénge Politiker Recht ginn. A Frankräich géing ee gesinn, dass d'Comparution immédiate keng Ofschreckung ass an d'Kriminalitéit doduerch net ofhëlt.

Wéi bleift d'Finanzplaz attraktiv?

E weidert Thema am Background mat den Zentrums-Kandidate war d'Finanzplaz. De fréiere Finanzminister Luc Frieden huet Steiervirdeeler ugeschwat, fir d'Finanzplaz attraktiv ze halen.

Dëse Secteur ass immens wichteg fir d'Land, huet déi aktuell Finanzministesch Yuriko Backes betount. An d'Finanzplaz hätt antëscht och e vill bessere Ruff. An Zukunft gëllt et sech weider ze diversifizéieren, fir mat der Konkurrenz kënne matzehalen. Ënnert anerem misst d'Steierverwaltung moderniséiert ginn. Ma et hätt sech awer vill gedoen, huet d'Yuriko Backes ëmmer nees präziséiert. Zum Beispill och bei de nohaltege Finanzen.

Lëtzebuerg hätt en Interêt, weider doranner z'investéieren, esou de grénge Minister François Bausch. Wat d'Fongenindustrie ugeet, kéint ee geziilt Upassungen a steierlech Mesuren ugoen, fir konkurrenzfäeg ze bleiwen. De François Bausch huet sech awer vehement géint Reglementer ausgeschwat, déi mat der Géisskan verdeelt ginn. Fir privat Investisseuren ze motivéieren, sech méi ze trauen, kéint eng uniform Taxonomie hëllefen, huet de Franz Fayot als Iddi an d'Course geheit.

Et hunn diskutéiert:

  • d’Yuriko Backes (DP)
  • de Franz Fayot (LSAP)
  • de François Bausch (déi gréng)
  • de Luc Frieden (CSV)
  • de Frank Engel (Fokus)
  • an de Roy Reding (Liberté Fräiheet)

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.