E Samschdeg war de fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

"Et muss Jonker interesséieren, wann iwwer Krich a Fridden Rieds geet, fir der Rhetorik vum Kale Krich entgéintzewierken an deen zivilisatoresche Réckgang ze verhënneren", sot de Jean-Claude Juncker um Joresdag vum Ufank vum russeschen Aggressiounskrich an der Ukrain an der Emissioun "Background".

Duerfir plädéiert den Éierestaatsminister derfir, datt d'Ukrain weider Waffe geliwwert kritt, wëll mam President Putin keng Gespréicher iwwer e méiglechen Fridden ze féiere wieren.

Wat de Krich am Noen Osten ugeet, sou ass de Jean-Claude Juncker der Meenung, datt vill al Ressentimenter géint d'Europäer nees opkommen an d'EU och ni eppes an där Regioun ze soe gehat hätt. Den Haass an där Regioun wier verierfbar.

Och d'national Politik koum natierlech haut zur Sproch am "Background":

D'Nominatioune vum Nicolas Mackel als Chef vun der Représentation Permamente zu Bréissel an dem Jean-Paul Olinger als neien Direkter vun der Steierverwaltung gi fir de Jean-Claude Juncker an d'Rei, op d'mannst méi, wéi verschidden aner Nominatiounen, déi "anormal" déi lescht zwee Joerzéngte gewiescht wieren. D'CSV-DP-Regierung wier dann och keng Regierung vum Patronat. Esou Aussoe vun OGBL an LSAP géifen einfach net stëmmen, sou den RTL-Invité.

Eng permanent Course no rengem Wuesstem ass falsch, sou den CSV-Politiker, dee villméi derfir plädéiert, fir d'Konsequenze vun deem Wuesstem an de Grëff ze kréien. Dëst sollt um Niveau vum Wirtschafts- a Sozialrot geschéien.

D'Rentemauer ass no hanne geréckelt, seet de Jean-Claude Juncker, mä den aktuellen System wier nëmmen ze halen, wa lo preventiv Bremsen determinéiert ginn. Wat d'Heescheverbued ugeet, sou gesäit den RTL-Interviewpartner e reelle Problem an der organiséierter Mendicitéit - et misst awer am Droit Pénal nogebessert ginn, well et juristesch Onsécherheete géife ginn.

RTL

© RTL

An der Causa Meisch gleeft de fréieren CSV-Staatsminister dem Educatiouns- a Logementsminister, allemol misst dës Affär komplett a ganz opgekläert ginn.

Datt den europäeschen sozialistesche Spëtzekandidat Nicolas Schmit net hei am Land mat an d'Walen geet, ënnerschreift den Ex-Kommissiounspresident, well den aktuellen Kommissär jo e Posten an der Kommissioun ustrieft a net am EU-Parlament. Den designéierte Kommissär Christophe Hansen rechent him awer net vill Chancen aus an dat versteet de Jean-Claude Juncker, dee sech fir transnational Lëschten ausschwätzt, wou och kleng EU-Memberlänner hiert Matsproocherecht hunn.

Der Spëtzekandidatin Von der Leyen an der EVP réit hire Virgänger, fir "net no riets ausbriechen a sech vu Riets-Extrem ewechzehalen".

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.