E Samschdeg huet de Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi d'Militärausgaben am Background am Gespréich verdeedegt.

"Mir hunn hinne vill ze verdanken", sot de Chef d‘état-major Steve Thull iwwert déi méi ewéi 150.000 Zaldoten, déi virun 80 Joer an der Normandie gelant sinn, fir Europa vun den Nazien ze befreien.

Op d'Fro, ob sech den ukrainesch President Wolodymyr Selenskyj och esou e groussen Debarquement vun den Alliéierte géing wënschen, sot den ukrainesche President "Jo". Ma dëse Verglach mam D-Day misst een aus der ukrainescher Perspektiv kucken, esou de Chef d‘État-major Steve Thull. D'Ukrain brauch Ënnerstëtzung fir de russeschen Attacke kënne Standzehalen. Anescht wéi beim D-Day wiere mir elo awer net direkt betraff.

De Generol Steve Thull huet awer dorunner erënnert, dass et elo wichteg ass, sech fir déi "richteg Säit" ze entscheeden. Wat déi westlech Länner duerch d'Waffeliwwerung maachen, huet de Chef d'état-major mat Noutwier verglach. "A mir sollen eis net genéieren, fir dat ze maachen."

Ugeschwat op d'Rumeuren, dass scho westlech Spezialunitéiten an der Ukrain aktiv sinn, sot de Steve Thull, hie géif effektiv och dovun ausgoen.

Fir awer ganz offiziell europäesch Zaldoten an d'Ukrain ze schécken, misst een eng staark a virun allem gemeinsam Positioun hunn. Ma esou Diskussioune sollten net ëffentlech gefouert ginn, fënnt de Chef d‘État-major. Et wier besser, sech ënnerteneen eens ze ginn an duerno eng gemeinsam Decisioun ze verkënnegen. Och de rezente Virschlag vum franséische President Macron, fir militäresch Formateuren an d'Ukrain ze schécken, gesäit de Steve Thull skeptesch. Aner Alliéiert dorënner Däitschland hunn dat jo konsequent refuséiert.

Aktuell wäre Friddensgespréicher mat Russland dem Steve Thull no onrealistesch. De russesche President Putin sot nämlech rezent nach, hie wéilt zwar negociéieren, mee net zesumme mat den Ukrainer. Et geet dorëms, der Ukrain esou wäit ze hëllefen, dass d'Land net an eng schwaach Positioun geréit.

D'Aart a Weis wéi den Ament an der Ukrain gekämpft gëtt, kéint een duerchaus mat den Tranchéeën am Weste wärend dem éischte Weltkrich vergläichen. D'Frontlinn verréckelt sech ëmmer nees awer net wäit.

Méi Depense an d’Verdeedegung wären néideg

De Steve Thull huet d’militäresch Oprëschtung verdeedegt. Et géif elo drëms goen, solidaresch mat deenen europäesche Länner ze sinn, déi méi no u Russland leien.

D’Länner misste sech militäresch esou opstellen, dass si direkt kéinte reagéieren, wa si géingen attackéiert ginn. Dës Kapazitéit hat d'Ukrain net.

Wa mir eis Demokratie, eis Fräiheet wëlle bäibehalen, da musse mer eis och kënne verdeedegen, esou nach de Generol Steve Thull. Et ass senger Meenung no an der Vergaangenheet an Europa net genuch investéiert gi fir déi militäresch Defense, wärend aner Länner weider opgerëscht hätten. Dee Manktem misste vill europäesch Staaten elo nees ophuelen. "Elo musse mir méi investéieren, fir op dat ze kommen, wat mir brauchen, fir eis kënnen ze verdeedegen."

Trotz Klimakris an aneren Erausfuerderungen ass d'Investitioun an d'Verdeedegung dem Generol no essentiel. Dat eent soll dat anert awer net ausschléissen.

Eng gemeinsam EU-Arméi wär net néideg. De Steve Thull ass dovun iwwerzeegt, dass ee sech soll op d’NATO konzentréieren. Déi huet iwwerdeems e ganz neit Konzept, wou et drëms geet, Truppen, déi bereet fir de Kampf sinn, ganz séier mobiliséieren ze kënnen. Och als Ofschreckung géintiwwer dem russesche Feind. Eng zousätzlech Militärallianz géif och méi deier ginn.

Op d'Fro, wéi d'Verdeedegung vun Israel no der Attack vum 7. Oktober ze gesinn ass, sot de Chef d‘État-major, dass et op esou engem klengen Territoire wéi der Gazasträif net méiglech wier, kee Kollateralschued ze hunn. Wéi wäit dës Offensiv geet, wär eng politesch Fro zu där hie sech net kéint äusseren.

Militärdéngscht géif Konsequenze matsechbréngen

Wat déi Lëtzebuerger Arméi ugeet, esou huet de Chef-Militär Steve Thull eng Rei Ännerungen a Moderniséierungen erkläert, déi den Ament lafen. All NATO-Member muss an d'Verdeedegung investéieren, Lëtzebuerg muss och prett sinn, méi Suen ze stellen. Och fir de Rekrutement ze favoriséiere goufen entspriechend Mesurë geholl, wéi zum Beispill nei Karriären och méi attraktiv ze maachen. D’Diskussiounen iwwer e Biergerdéngscht mat der Optioun, sech militäresch z'engagéieren, fënnt de Generol Steve Thull legitim. E Militärdéngscht kéint awer just am Kader vun engem kompletten Ëmdenke bei der Arméi geschéien. Dofir bréicht et vill Formateuren. Zaldotinnen an Zaldoten, déi awer och soss dréngend gebraucht ginn, fir den NATO-Obligatioune Rechnung ze droen. Zum Beispill am neie Belsch-Lëtzebuerger Kampf-Batallioun mat ronn 800 Leit.

D'Zil misst kloer dat sinn, dass och hei am Land weider genuch professionell Zaldote prett sinn, fir Lëtzebuerg am Eeschtfall verdeedegen ze kënnen. Dofir schwätzt de Generol Steve Thull sech och ganz däitlech fir de Bewäertungssystem bei der Arméi aus.

Background am Gespréich: Steve Thull

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.