Parteikaarte waren net wichteg bei der Reorganisatioun vu mengem Ministère
D'Ministesch fir Diversitéit, Mobilitéit an Arméi war e Samschdeg de Mëtteg eis Invitée an der Emissioun Background.
Ugeschwat op de Ressort Egalitéit sot d'Yuriko Backes, et wier een effektiv nach wäit ewech vun der Normalitéit. Fraen verdéngen 13 Prozent manner pro Stonn an der EU wéi Männer. Och d'Pensioune sinn fir Fraen 29 Prozent méi niddereg wéi fir d’Männer. Frae wieren och méi dacks physescher Gewalt ausgesat. A Männer besetze 75 Prozent vun de ministerielle Posten an der EU. Do gëtt et also punkto Egalitéit nach vill ze maachen, sou d'Ministesch. Et wier wichteg fir eis Gesellschaft punkto Toleranz an Respekt.
Den Discours vun der ADR mécht mir Angscht
Dass dann zwou Petitiounen iwwer LGBTIQ+ Educatioun an de Schoulen am Summer fir vill Diskussioune gesuergt hunn, hätt si traureg gemaach. Et wieren nämlech net déi Communautéiten, déi de Problem sinn, mee den Haass, d’Stereotyppen an Diskriminatiounen, deenen déi Leit ausgesat sinn. Et géing ëm Opklärung vu Kanner goen an dass sech all Mënsch wuel a sengem Kierper spiert. Kanner kréiche vun doheem eppes mat op de Wee, mee se missten och an de Schoulen d’Méiglechkeet hunn, fir Froen ze stellen an Äntwerten ze kréien. Dass géing vun Indoktrinatioun geschwat ginn a sou géing gemaach ginn, wéi wann Enseignanten drop aus wieren, fir jonk Leit ze konvertéieren, géing si net acceptéierten. Op d'Fro, ob si dat effektiv als eng Zort politeschen Hate speech vum ADR géing empfannen, sot d'Ministesch "Jo". Hir géing den Discours vun der ADR carrement Angscht maachen.
Wat d'haislech Gewalt ugeet, géingen d'Chifferen däitlech weisen, dass eppes misst gemaach ginn. Dofir géing een elo eng zentral Ulafstell schafen fir Affer vu Gewalt, déi 24 op 24 an 7 Deeg an der Woch op ass. Déi Ulafstell soll komplementar sinn zu den Offeren, déi et schonn gëtt. An do soll een op enger Plaz all déi néideg Hëllef kréien: medezinesch, juristesch, psychologesch etc.
Op DP-Kaart oder net, ass net ausschlaggebend
"Paritéit ass fir mech indispensabel", sou d'Yuriko Backes. Et wier hier ganz wichteg a si géing och probéieren, dat iwwerall duerchzezéien. Dass dat bannent der Regierung net de Fall ass, géing si och bedaueren. Och wat d’EU-Kommissioun ugeet, wier et wichteg, dass se paritär opgestallt wier. D'Presidentin Ursula Von der Leyen hätt gefrot, fir vun all Land een Duo proposéiert ze kréien an et wier och fir Lëtzebuerg gutt gewiescht, eng Fra an e Mann ze nennen, mee et war der CSV hiert Recht ee Kommissär ze nennen. An de Christophe Hansen wier och e gudde Choix, fënnt d’Yuriko Backes. Mee natierlech kéint si als Egalitéitsministesch net frou sinn doriwwer, dass vill EU-Memberstaaten net mol eng Fra proposéiert hätten. "Ech géing et wierklech wichteg fannen, dass déi Kommissioun esou paritär wéi méiglech opgestallt ass, dass et och e Reflet vun eiser Gesellschaft gëtt," sou d'Invitée am Background.
Am Mobilitéits-Ministère goufe rezent 4 nei Generaldirektioune geschaaft. Zwou Plazen dovunner goufe vu Leit mat DP-Kaarte besat. Nämlech dem Jean-Paul Lickes als Chemiker vum Waasserwirtschaftsamt an de Gilio Fonck vun der Maison du Grand Duc. Spillt d'Parteikaart do eng Haapt-Roll? "Nee, d'Parteikaart ass fir mech net ausschlaggebend", seet d'Ministesch. Et wiere Leit, wou si de professionelle Parcours géing kennen an déi och hir Confiance hätten. Dat hätt näischt mat der Parteikaart ze dinn.
Investissementer héich halen
E Budget vun 1,78 Milliarden plus 1,2 Milliarden Kapital-Depensë plus 1,67 Milliarden Euro Spezialfongen. Dat ass de Bauteministère a Chifferen zesummegefaasst. De Staat wëll méi Käschten-effizient bauen, eventuell Sue spueren duerch Lounen, dat hat de Finanzminister beim Budget annoncéiert. Allerdéngs nuancéiert d'Baute-Ministesch, dass si net beim Bau wéilt spueren. Et misst een d'Land prett fir d'Zukunft maachen, investéieren an et bräicht een déi néideg Infrastrukturen: Schoulen, Stroossen, Gebaier fir Justiz, Police an Arméi. Dat wieren natierlech héich Montanten, mee et géing een oppassen, d'Geld net zur Fënster erauszegeheien. Si wéilt sech sou gutt wéi méiglech un den Budget halen, deen negociéiert gouf. D'Bauten an d'Mobilitéit géingen duerno plus/minus 13 Prozent vum Staatsbudget ausmaachen.
Gëtt aus dem Bâtiment Schuman eng Struktur fir Flüchtlingen?
Wat geschitt mam ale Bâtiment Schuman um Kierchbierg? RTL-Informatiounen no wier geplangt, fir d'Gebai ëmzestrukturéieren a Plaz ze maachen fir 500 Asyl-Demandeuren. Effektiv wier d'Gebai dem ONA (Office national de l'accueil) attribuéiert, mee et misst ee vläicht awer aner Léisunge fannen. "Ass dat wierklech déi richteg Plaz fir Refugiéen?" Déi Fro misst d'Regierung sech stellen. Et wier schliisslech een historescht Gebai mat engem alen Parlaments-Hemicycle an enger Plenière, wat een och weider wéilt valoriséieren. Aktuell géing dofir och eng Demande beim Kulturministère leien, fir dëst Gebai ze klasséieren, sou d'Yuriko Backes. Natierlech wier et den Ament net méi méiglech, Flüchtlingen do ze logéieren. Et misst een awer och onbedéngt eng Plaz fannen, fir Asyl-Demandeuren ënnerzebréngen.
Mobilitéit: Nei Enquête & kee generaliséierten Tempo 30
Wat d'Mobilitéit ugeet, wéilt een attraktiv Alternativen ubidden. D'Leit sollen de Choix hunn. Dofir géing een eng nei Mobilitéitsenquête lancéieren, fir d'Verhalen an d'Besoine vun de Leit ze verstoen. Déi lescht Enquête war virun 7 Joer. D'Ekonomie wier gewuess, d'Land wier gewuess a bestëmmt hätte sech och d'Gewunnechte geännert.
Generaliséiert Tempo 30-Zonen an Uertschafte géing op verschiddene Plaze Sënn maachen an op anere Plazen net, fënnt déi zoustänneg Ministesch. Do géing de Ball allerdéngs bei de Gemenge leien.
De Mobi-Bus an den Adapto missten iwwerdeems méi fiabel gemaach ginn. Fir de Mobi-Bus wier een Audit gemaach ginn. Do sollen d'Resultater am November kommen. Un der App wier scho geschafft ginn an de Feedback wier ganz gutt. Beim Adapto hätt een och eng Enquête gemaach. Et wier definitiv net alles schlecht. 70 Prozent wiere souguer zefridde mam Service. Mee effektiv hätte sech d'Pünktlechkeet an d'Chauffeuren als Problemer erausgeschielt. Do géing een elo gezielt Formatiounen fir Chauffeuren upassen an och am Call-Center hätt ee jo méi Leit agestallt, fir dass de Service besser erreechbar ass, sou d'Ministesch.
Et géing een dann och un engem neien Taxis-Gesetz schaffen, fir grad de Service hei am Land méi attraktiv ze maachen.
D'Resultater vun der Etüd iwwer den 4-spuregen Ausbau vun der N7 wieren drop an dru geliwwert ze ginn, versprécht d'Invitée. Et misst ee sech allerdéngs och d'Fro stellen, ob ee 4 Spueren wëll fir méi Autoen op der Strooss ze hunn oder ob ee se net einfach besser wëll securiséieren. Dat wier fir si prioritär, well ëmmer nees schwéier Accidenter géinge geschéien.
Mir kommen net laanscht eng Diskussioun iwwer d'Wehrpflicht
Kann ech menge Kanner soen, dass et effektiv kee Krich méi hei am Land wäert ginn? “Nee”, äntwert d’Yuriko Backes. Et géing hir Suerge maachen. Dofir wieren och déi vill Commemoratioune fir den Zweete Weltkrich aktuell ganz wichteg. Fridde wier keng Selbstverständlechkeet an dat géing ee spéitstens zanter dem Krich an der Ukrain gesinn.
Dofir misst een d’Ukrain ënnerstëtzten an zesumme mat de Partner sech solidaresch weisen. Et misst een an d'Lëtzebuerger Defense investéieren an och an déi kollektiv Verdeedegung.
Mir kommen net laanscht eng Diskussioun ëm eng Wehrpflicht, seet d'Arméi-Ministesch. Si hätt kee Mandat dofir am Koalitiounsaccord, mee grad duerch Diskussiounen an den Nopeschlänner géing ee gesinn, dass ee sech iergendwann dem Debat misst stellen. Aktuell wier een allerdéngs guer net fir esou eppes opgestallt an dofir misst ee sech elo op de Rekrutement fokusséieren.
"Boots on the ground, dat ass wierklech d'Expressioun vun Solidaritéit. Net nëmmen Dronen oder Suen", sou d'Ministesch.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.